Vierendeelbréck
Dëse Bréckenartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eng Vierendeelbréck ass eng Bréck, déi mat Vierendeelträger gebaut ass. Et ass eng speziell Form vun Dunnebréck.
E Vierendeel-Träger ass en Träger aus véiereckege Rummen ouni Diagonalverstriewungen.
E kann am arméiertem Bëtong sou wéi d'Soyer-Bréck zu Tournai (mam Bou ënner der Fuerbunn) oder, wéi déi meescht, aus Stol (mam Bou iwwer der Fuerbunn) sinn.
E gouf nom belschen Ingenieur Arthur Vierendeel (1852-1940) genannt.
Déi éischt Vierendeelstroossebréck war aus Stol, an ass iwwer d'Schelde tëscht Avelgem a Ruien am Joer 1904 gebaut ginn.
Déi Brécke sinn an der Belsch haaptsächlech als Eisebunnsbrécke gebraucht ginn. Vun 1939 un huet ee se bal iwwerall iwwer den Albertkanal gesinn.
Duerch d'Vergréisserung vum Kanal sinn der vill verschwonnen.
Dacks erkennt ee se net direkt erëm, well der vill ofgeronnte Strukturen hunn an dofir gär mat Boubrécke verwiesselt ginn.
Vierendeelbrécken an der Belsch
[änneren | Quelltext änneren]Plaz | Baujoer | Geet iwwer | Zoustand | Artikel op Wikipedia | Koordinaten | Biller | |
---|---|---|---|---|---|---|---|
Adinkerke | 1950 | Kanal Nieuwpoort-Duinkerke | A Betrib | 51° 04’ 20.19’’ N 02° 36’ 12.56’’ O |
|||
Anderlecht | 1931 | Kanal Charleroi-Bréissel | Eisebunnsbréck a Betrib | Vierendeelbréck vun Anderlecht | 50° 50’ 17.54’’ N 04° 19’ 05.53’’ O |
||
Avelgem / Ruien | 1906 | Escaut | Déi Bréck war déi éischt Stroossebréck vun deem Typ. Gouf am Éischte Weltkrich zerstéiert an d'selwecht opgeriicht. Gouf am Zweete Weltkrich nees zerstéiert an als Vierendeel-Boubréck nees opgeriicht |
Bréck vum Waterhoek | 50° 46’ 27.2’’ N 03° 28’ 20.6’’ O |
||
Brugge | 1933 | Kanal Gent-Brugge-Zeebrugge | Dréibréck a Betrib bis 2009, gouf du mat enger Kippbréck ersat | Scheepsdalebrug | 51° 13’ 8.60’’ N 03° 12’ 34.78’’ O |
||
Deinze | 1930 | Leie | 1940 gesprengt | Guido Gezellebrug | |||
Gellik | 1938 | Albertkanal | Monument | 50° 52’ 44.35’’ N 05° 36’ 52.96’’ O |
|||
Gent | 1934 | Tolhuisdok | Stroossebréck, 1940 gesprengt | Muidebrug | 51° 04’ 13.28’’ N 03° 43’ 49.06’’ O |
||
Hasselt | 1936 | Albertkanal | Gouf 1982 mat Bow-string-Brécken ersat | Brécke vun Hasselt | 50° 56’ 32’’ N 05° 20’ 34’’ O |
||
Herstal / Wandre | 1935 bis 1938 | Albertkanal Meuse |
D'Bréck vun 1938 huet eng al Bréck vun 1884 ersat déi wéinst dem Bau vum Kanal ewechgerappt gouf. Si huet aus engem Deel mat engem Feld iwwer dem Kanal bestanen an en Deel mat dräi Felder iwwer d'Meuse an hat eng Totallängt vun iwwer 200 m. Se goufe vun den Usines de Braine-le-Comte a vun den Ateliers Cockerill vu Seraing gebaut. D'Brécke goufen am Zweete Weltkrich gesprengt an nom Krich mat Bow-string-Brécken ersat, déi hierersäits 1989 vun der häiteger Breck ersat goufen. | Bréck vu Wandre | 50° 40’ 26.84’’ N 05° 38’ 36.73’’ O |
||
Kanne | 1939 | Albertkanal | ofgerappt (2004/2005) | Bréck vu Kanne | 50° 48’ 38.2’’ N 5° 40’ 16.4’’ O |
||
Laeken | 1942 | Kanal vu Willebroek | Eisebunnsbréck a Betrib | Vierendeelbréck vu Laeken | 50° 52’ 30.1’’ N 04° 21’ 44.3’’ O |
||
Lanaye | 1935 | Albertkanal | ofgerappt (1982) | Bréck vu Lanaye | 50° 47’ 2.3’’ N 5° 41’ 19’’ O |
||
Léck (Coronmeuse) |
1934 | Albertkanal | 1981 mat enger Bow-stringbréck ersat | Marexhe-Bréck | 50° 39’ 17’’ N 05° 37’ 21’’ O |
||
Léck (Île Monsin) |
1938 | Kanal vu Monsin | a Betrib als Eisebunnsbréck | 50° 40’ 03.31’’ N 05° 38’ 31.07’’ O |
|||
Léck (Val Benoît) |
1935 1942 |
Meuse | Et gouf zwou Vierendeelbrécken op där Plaz eng vun 1935 mat 2 Béi an eng vun 1942 mat 3 Felder wouvun dat mëttels e Veirendeelbou hat. | Eisebunnsbréck vum Val Benoît | 50° 37’ 2’’ N 5° 34’ 46’’ O |
||
Meerhout | 1939 | Albertkanal | D'Bréck gouf 2010 mat enger Bow-string-Bréck ersat. Déi al Vierendeeldunne stinn als Monument nieft dem Kanal | Bréck vu Meerhout | 51° 06’ 27.30’’ N 05° 03’ 10.92’’ O |
||
Oeselgem | 1910 | Leie | Am 2. Weltkrich gesprengt, mat enger neier Hänk-Boubréck ersat | 50° 56’ 00.26’’ N 03° 26’ 01.37’’ O |
|||
Vivegnis | 1935 (± 1) | Albertkanal | Gouf géint 1963 op eng Plaz 1 km nërdlech vun der Originalplaz geréckelt, an 1984 mat enger Bow-stringbréck ersat. | Bréck vu Vivegnis | 50° 41’ 46.45’’ N 05° 39’ 33.22’’ O 50° 42’ 14.67’’ N 05° 39’ 57.77’’ O |
Biller vun anere Vierendeelbrécken
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Vierendeelbréck – Biller, Videoen oder Audiodateien |