Villa Heldenstein

Vu Wikipedia
Villa Heldenstein
oder Maison Collart
D'Villa Heldenstein vun ënnen aus der rue des Glacis gesinn
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Lampertsbierg
Strooss Strooss
Adress 20 rue des Glacis
Koordinaten 49° 37’ 16.1’’ N 6° 07’ 45.2’’ O
Baustil Cottage oder Arts and Crafts mat Buergelementer
Architekt(en) Léon Müller
a Joseph Nouveau
Statut Klasséiert Monument (SSMN)
Datum vum Bau 1927
Zweck Wunneng

D'Villa Heldenstein oder Maison Collart ass eng Villa op der Nr. 20 an der rue des Glacis an der Stad Lëtzebuerg. D'Strooss verbënnt den Eecher Bierg (côte d'Eich) mam Lampertsbierg.

D'Villa gouf 1927 en nid d'aigle op de Fiels gebaut. D'Architekte waren de Joseph Nouveau (1883-1946) an de Léon Müller (1885-1959).

D'Haus gouf am Stil Cottage oder Arts and Crafts gebaut, woubäi och e puer Buergelementer agebaut goufen[1].

De 6. Juli 2012 gouf d'Villa an d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Schmit, A. & D. Dominguez Muller, 2019. Rue des Glacis, in: De Lampertsbierg. Histoire d'un quartier florissant. Lampertsbierger Geschichtsfrënn a.s.b.l., S. 144-145. Imprimerie Ossa, Nidderaanwen. ISBN: 978-99959-934-8-1.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Schmit, A. & D. Dominguez Muller, 2019. Cf. Literatur.