Virgilius
Virgilius | |
---|---|
Statu vum Virgilius an der Kathedral vu Salzburg | |
Titel | |
Titel | Bëschof Äerzdiözees Salzburg |
Biographie | |
Gebuer |
700 Irland |
Gestuerwen |
27. November 784 Salzburg |
Aktivitéit |
Mathematiker, Astronom, Kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof |
Aner Informatiounen | |
Reliéisen Uerden | Benediktiner |
Statut | Helleg |
Gedenkdag | 27. November |
De Virgilius vu Salzburg (oder Virgil vu Salzburg), gebuer ëm 700 an Irland, a gestuerwen de 27. November 784 zu Salzburg war en hellege Bëschof vun der Diözees Salzburg.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Virgilius staamt aus enger irescher adeleger Famill, an huet do Feirgil geheescht. Seng Ausbildung huet hien am Klouschter Iona kritt.
Mat zwéin Unhänger ass hien am Joer 743 als Missionnaire bei de Kinnek Pippin III. vu Franke komm, deen hien 745 bei den Herzog Odilo a Bayern geschéckt huet, zu deem deemools och Salzbuerg gehéiert huet.
Am selwechte Joer gouf hien Abt vum Klouschter Sankt Peter an huet Diözees Salzburg geleet. De Virgilius stellt och nach eng richteg Usiicht iwwer d'Gestalt vun der Äerd op. D'Bëschofswei huet hien eréischt de 15. Juni 749 oder 755 kritt.
Wéinst enger Dafformel koum et zum Sträit mat dem Bonifatius. Well de Virgil d'Antipode-Léier vertrueden huet, gouf hie souguer der Ketzerei verdächtegt. A béide Fäll huet sech de Poopst fir de Virgilius entscheet.
Hien huet de Modestus an de Libellus virun 767 fir Missionéierung a Kärnten geschéckt, a konnt doduerch d'Diözeesegebitt vergréisseren a gëtt och Apostel Kärntens genannt.
Zu Salzburg léisst hien eng Kathedral bauen, déi hien de 24. September 774 (oder 784) dem hl. Rupert vu Salzburg geweit huet.
De Virgilius gouf den 18. Juni 1233 helleg gesprach. Am Joer 1288 krut hien en Altor am Salzburger Doum opgeriicht, wou hien zanterhier begruewe läit.
Duerstellung
[änneren | Quelltext änneren]De Virgilius gëtt gemenkerhand mam Attribut vun enger Lilje duergestallt, déi aus engem Häerz wiisst.
Veréierung
[änneren | Quelltext änneren]Dem Virgilius säin/hiren Dag ass 27. November.
Hien ass de Patréiner vum Bundesland, der Diözees an der Stad Salzburg grad ewéi vun de Kanner.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Heinrich Dopsch (Hrsg.): Virgil von Salzburg, Missionar und Gelehrter. Beitr. d. internat. Symposiums. Amt d. Salzburger Landesreg., Salzburg 1985
- Heinz Dopsch: "Virgil(ius) von Salzburg", in: Lexikon der Heiligen und der Heiligenverehrung. 3. Band. Herder, Freiburg i. B. 2003, ISBN 3-451-28193-7
- Thomas Forstner: "Der heilige Virgil", in: Ihr Freunde Gottes allzugleich
- Franz Pagitz: "Virgil als Bauherr der Salzburger Dome", in: Mitteilungen der Gesellschaft für Salzburger Landeskunde. 1969
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Virgilius – Biller, Videoen oder Audiodateien |