Waasserbaseng op der Buergplaz
Ausgesinn
| Land |
|
|---|---|
| Plaz | Huldang |
| Adress | Buergplaz |
| Statut | am Bau |
| Datum vum Bau | 2022-2024 |
| Proprietär | DEA |
| Zweck | Drénkwasserbehälter |
De Waasserbaseng op der Buergplaz ass e Waasserbaseng op der Buergplaz bei Huldang, deem säi Bau 2022 ugefaangen huet an deen 2024 soll fäerdeg sinn. De Bau steet laanscht d'Strooss déi vum Knauf op Huldang féiert, vis-à-vis vum Waassertuerm.
De Baseng gëtt vum Syndicat de distribution d'eau des Ardennes gebaut. An zwéin Inoxbehälteren mat engem Duerchmiesser vun 18 m a vu jee 1000 m³ gëtt Drénkwaasser fir d'Gemenge Klierf, Ëlwen, Wäiswampech a Wëntger stockéiert. D'Konstruktion déi praktesch gläich dem Buedem steet gëtt vun hëlze Wänn ëmfaast. Am Ganze gi 450 m³ Bëtong an 22 Tonne Stol verschafft.