Wikipedia:De Staminee/Archiv2007/Januar

Vu Wikipedia

Ech hunn elo grad zoufälleg gesinn, datt d'Zäitschrëft forum hir eeler Nummere komplett a PDF online gesat huet. Eng Minn fir thematesch Informatiounen iwwer kulturell, sozial, politesch an historesch Themen aus Lëtzebuerg.

Wie sech inspiréiere loosse wëllt: www.forum.lu.

--Zinneke 17:34, 13 Dezember 2006 (UTC)

PS: Sécher interssant wier zB en Artikel iwwert dee soi-disant "Putsch" vun 1946? E ganzen Dossier läit parat: http://www.forum.lu/bibliothek/ausgaben/inhalt/?ausgabe=247 Avis aux amateurs! (Zinneke)

Dat ass natierlech e kolossal wichtegt Thema! Et gëtt jo och dem "Kochen Heng" (deen huet nach ëmmer keen Artikel hei !!!!) säi Bichelchen iwwer de "Putsch". Zënter iwwer engem Joer denken ech un dat Thema (Ech weess, ech weess ...) De forum hat och en Dossier (an zwee Hefter) iwwer d'Psychiatrie zu Lëtzebuerg. asw. --Cornischong 23:36, 13 Dezember 2006 (UTC)
Ech ginn dervun aus du mengs den Henri Koch-Kent (wier jo logesch mam Buch), nët ze verwiesselen mat engem aaneren Henri Koch (Schoul Direkter oder esou, e puer Joer virum Koch-Kent gestuerwen).--Caranorn 12:31, 14 Dezember 2006 (UTC)
Den Henri Koch-Kent, ganz richteg :-) --Cornischong 12:36, 14 Dezember 2006 (UTC)

UNN ALLEGUER[Quelltext änneren]

Et ass mer widderhuelt opgefall datt Säite geläscht gi sinn wou net nogekuckt ginn ass op keng Linken dropginn. Ech géif jidderee bieden, deen den Administrateure proposéiert eng Säit ze läschen, fir d'éischt ze kontrolléieren op keng Linken drop ginn, a wann, dann déi fir d'éischt ze verbesseren op déi nei Säit déi di aner ersetzt.

Ech géif och den Administrateure proposéieren éi se läschen dat ze kontrolléieren an am Fall wou et hir eegen Initiativ ass déi selwecht Aktioun ze ënnerhuelen.

Am Fall wou et vun engem User proposéiert ginn ass an et sinn nach Linken dran, soll deen de Ball zréckkréien de Läschen proposéiert huet . Les Meloures 17:55, 22 Dezember 2006 (UTC)

Et wier och net schlecht fir den Historique vun engem Artikel ze kukken, ier een de Virschlag mecht fir en ze läschen. Et kéint jo emol sinn dat duerch déi vireg Ännerung(en) den Text vun engem valabelen Artikel substantiell geännert gouf.--Fliedermaus 17:40, 3 Januar 2007 (UTC)

Dir hutt all Recht. Am Fall David Reimen war et mäi Fehler. Ech maachen et och niiiii méi. --Pecalux 17:44, 3 Januar 2007 (UTC)

Nummkonventioune vun Hippches a vun Hapches[Quelltext änneren]

Mär kréien elo geschriwwen, wéi mer sollen hawaiiesch Uertschaftsnimm schreiwen, an och georgescher. Mee de Problem mat den däitschen Uertschaftsnimm, deen eis schonns méintelaang eis Nuetsrou klaut, gëtt net ugepaakt! Vu wat schwätzen ech: Ma da kuckt emol z. B. op der Talk:Arzfeld -Säit. D'Erënnerung u Béibreg sëtzt eis nach an de Knachen. Eng däitsch Uertschaft mam Numm Laser (Däitschland), déi op kenger Landkaart ze fannen ass huet eis hei eng Zäitchen an Otem gehalen. Virgëschter ass ugefaange gi mat den Dierfer an der Gemeng Buerg-Räiland, en Uertschaftsnumm deen och op kenger Kaart steet; Sankt Väit, woubäi am Text nach e "Perséinlechkeeten vu Sankt-Väith" ze fannen ass. Et ass flott, datt mer déi hawaiiesch am Grëff hunn, mee wéini eenege mer eis drop, datt déi däitsch Uertschaften en däitschen Numm hunn. Mär hate genuch Folkloristen hei, deenen näischt Lëtzebuergesch genuch war, an déi mat Nimm ronderëm sech gehäit hunn ouni iergend eppes vu Quell oder Text. Argumenter wéi "Ech hunn déi dragesat, déi ech perséinlech kennen aus dem Sproochgebrauch hei zu Lëtzebuerg" mam Beispill "Gemeng Oozfeld (sou heescht Arzfeld nämlech an eisem Platt). " A wann dat een esou hei behaapt, an e Cornischong zweifelt dat un, da gëtt ganz einfach de Beleidegte gespillt an d'Dier gejummt. E puer Deeg ier déi Behaaptungen hei opgestallt gi sinn, war ech an deem Streech, an hat allerhand Material prett. Mee et seet mer näischt, fir engem, deen hei "Oozfeld" verkafe wëll, well dat de "Sproochgebrauch hei zu Lëtzebuerg" ass ze soen, datt dat eleng wéinst der Schreifweis (ët kéint nëmmen "Ozfeld" sinn) net "gutt méiglech " ass. Wat mengt d'Vollek? --Cornischong 21:09, 3 Januar 2007 (UTC)

Hei ass dann elo fir drëtt datt ech proposéieren d'Sachen ze Nennen wéi se offiziell bei sech doheem heeschen. Ech fänken op jiddfer Fall meng Artikelen an Zukunft mat dem Originalnumm un wat besonnesch bei auslänneschen Uertschaften oder Plazen de Fall ass. Wann dann ee mengt e kéint dann den Achtopf an Aachdëppen ëmbenennen da kréie mer jo eppes ze laachen.(vum Les Meloures) Les Meloures 00:41, 4 Januar 2007 (UTC)
Ech sinn der Meenung datt mir eis d'Liewen vill vereinfache kéinten wa mir all déi Uertschaften a Stied einfach esou benennen wéi dat bei hinnen offiziell de Fall ass. Mir kënne jo dann am Artikel ëmmmer nach preziséieren wann eng Uertschaft och nach een anere Numm huet a wann dat de Fall ass, ass ët jo och net schwéier fir dat ze dokumentéieren. --Robby 00:32, 4 Januar 2007 (UTC)
Thema ass derwäert fir driwwer ze diskutéieren, a fir nach e bëssi méi driwwer ze diskutéieren nach eng Fro: Wéi maache mer et dann mat de Nimm vun de Lëtzebuerger Uertschaften déi jo och op kenger Landkaart ze fanne sinn? --Pecalux 08:01, 4 Januar 2007 (UTC)
Ech sinn och dofir d'Uertschaftsnimm esou ze loossen wéi se offiziell heeschen an d'Lëtzebuerger Uertschaften awer op alle Fall op lëtzebuergesch solle sinn, och wann se op kenger anersproocheger Landkaart ze fannen sinn. --Alexandra 08:24, 4 Januar 2007 (UTC)
Un de Pecalux: Deng Fro ass natierlech gutt, well mer hei am Land KENG offiziell Schreifweis hu fir Uertschaftsnimm! A wéi der Fall On --> Ohn et weist (de J. Braun huet an der leschter Oplo vu sengem Bichelchen On op Ohn g'ännert, dat ech net witzeg fannen). Dat wat mer maachen, ass eng "Zort Kompromëss", laanscht dee mer awer net kommen. Dat ass emol eng Änwert op deng Fro. Mee wou ass deng Änwert op meng Fro. Et geet net duer, fir ze soen datt et derwäert ass driwwer ze diskutéieren; mee da soll och emol jidderee soe, wat en dozou mengt, an net nëmmen nei Froe stellen.
Un d'Alexandra: Dat ass am Prinzip jo och meng Meenung. --Cornischong 08:49, 4 Januar 2007 (UTC)
Lëtzebuerger Uertschaften: Ech sinn och dofir déi op lëtzebuergesch ze loossen och wa mer eis mat der Schreifweis heiansdo schwéier dinn well ons dichteg Sproochmaatessen geschwenn bei all nei Editioun hir Meenung änneren, a mer och anscheinend keen Unterichtsminister hunn deen decidéiert wat richteg an de Schoule soll geléiert ginn. Et wier allerdengs ganz gutt wann all lëtzebuergesch Uertschaft egal wéi de Numm elo geschriwwen ass, Cap mat C oder mat K oder Ohn mat h H oder ouni, soll e Redirect hun op de franséische Numm, deen ass jo och op der Landkaart ze fannen a wéi et schengt richteg offiziell. Les Meloures 09:38, 4 Januar 2007 (UTC)
Ech hat mech och schonns eng Kéier zu dëser Fro ausgedreckt a war deemools och dofir, fir auslännesch Uertschaftsnimm (bei geleefegen Nimm vu Stied kann ee streiden) no hirer offizieller Bezeechnung ze nënnen. Wann et e geleefege lëtzebuergeschen Uertschaftsnumm gëtt, kann ee jo nach ëmmer e Redirect maachen. --Tomateus 10:45, 4 Januar 2007 (UTC)
Hei meng Meenung:
Ausland: Offizielle Numm mat de néidegen Redirecten vun anere geleefege Nimm. Lokal Varianten kënnen am Artikel ernimmt ginn. Beispill: Antwerpen, mat Redirect vun Anvers.
Lëtzebuerg: genau d'selwecht. Beispill: Ahn, mat Redirect vun Ohn. Begrënnung: Wann iergendeen Renseignementer iwwer en Duerf sicht, da gëtt e fir d'éischt den offizielle Numm an, well e warscheinlech d'Schreifweis vum lëtz. Numm net kennt. De Pecalux 11:12, 4 Januar 2007 (UTC)

Nodréiglech och vu mär: Ech si mat d'accord, grondsätzlech net-Lëtzebuerger Uertschaften ënnert hirem/n offiziellen Numm/Nimm (dh wéi se do, wou se sinn, heeschen) ze lemmatiséieren. Ausname sollen awer méiglech bleiwen: a) Uertschafte mat engem "allgemeng bekannte" lëtzebuergeschen Numm (Tréier, Léck, Paräis, Bréissel, Roum, Lissabon, ...), hei sollt e Redirect vum "offiziellen Numm aus ugeluecht ginn. b) Ëmgedréint bei deene mat engem "europäeschen" Alias ënnert deem se bekannt sinn (Moskau, Peking, Schanghai, asw.): hei sollt e Redirect op den "offizeillen" Numm, ënnert deem se lemmatiséiert gïnn, (wann néideg a laténgesch Buchstawen transskribéiert) ugeluecht ginn. c) Lëtzebuerger Uertschaften gehéieren ënnert hire lëtzebuergesche Numm; och hei e wier e Redirect vum franséischen/franziséierten Numm, wéi en doruechter geschriwwen ze fannen ass, nët vu Muttwëll. d) Bei Uertschaften aus dem noe Grtenzegebitt zu Lëtzebuerg, vun deenen et en Numm am Platt gëtt, kann dësen am Artikel ernimmt ginn (cf: Manom), de Lemma awer sollt an der Landessprooch sinn. E Redirect kann, muss awer net ugeluecht ginn. --Zinneke 13:49, 5 Januar 2007 (UTC)

Ann aanere Wikipediaen ass et Usus Uertschaften mam Numm an der Sproch vun däer Wiki ze bennenen. Eigentlech sollte mer daat selwescht maan, daat héi ass d'Lëtzeburger Wiki (woufier ech dann och nët sou gäer héi sinn, ass hallt nët sou einfach), also Nimm ob Lëtzebuergesch. Do géif ech dann och den Editeure vertraue dass se kee Kaabes schreiwen. Déi meescht Nimm wees ech jo och nët, wa mër se lo nët léiere riskeiren se verluer ze goen. Wann mer elo Uertschaften trotz dokumenteiertem Lëtzebuergesche Gebrauch an enger offizieller Sproch schréiwe ginn da solle mër daat selwescht aawer och fier Lëtzebuerg maan, ee Standart fier all, ënntweder all Lëtzebuergesch (souwait et esou een Numm gëtt, waat generell am Grenzgebiet de Fall ass) oder all offiziell.--Caranorn 13:36, 6 Januar 2007 (UTC)

Honnertprozenteg mam Caranorn mat d'accord! --Otets 22:29, 6 Januar 2007 (UTC)

Kee Wonner. --Cornischong 22:51, 6 Januar 2007 (UTC)

Muss een dann hei ëmmer mat Beispiller kommen datt et verstaan gëtt. Et geet drëmt fir e Lemma ze hunn dee vu jideremgem verstaan a gebraucht ka ginn. Wa Lëtzebuerger op der lb:Wiki no engem Duerf sichen kann dat nach eventuell klappe mat dem lëtzebuergeschen Numm. Bei deene Jonken déi et alt an der Schoul ëlo léieren (oder wéinstens sollte léieren) dierf do kee grousse Problem sinn (wann ech zwar gesinn wéi déi hei op Wiki schreiwen kann en och drun zweiwelen). Et gëtt awer och eeler Leit déi elo mat Internet ufänken an déi sinn da verluer. Wann et dann ëm Nimm am Ausland geet, gëtt et schlëmmer. Déi op der däitscher Grenz wëssen eventuell de lëtzebuergeschen Numm vun däitschen Uertschaften, mee fro mol een do wou Gehaanselcher läit. Wanns de ee vu Kënzeg frees wou ass Laser, da seet deen der : ma dat ass eist Nopeschduerf an denkt net fir zwéi Sou u Langsur an Däitschland. Dovun ofgesinn datt et scho bei de lëtzebuergeschen Uertschafte keng offiziell Nomenclatur gëtt (d'Sproochmatessen dréinen sech anscheinend dem Wand no an änneren d'Nimm vun enger vun hiren Editiounen op déi aner) an da solle mer ons nach mat auslännesche Variante ploen. Menger Meenung no geet et do vëllechen duer wann am Text vum Artikel den eventuelle lëtzebuergeschen Numm ernimmt gëtt, da geet en och net verluer. Les Meloures 23:17, 6 Januar 2007 (UTC)

Beispiller si wonnerbar, mee firwat eeler Leit net mat de lëtzebuergeschen Nimm eens solle ginn, obwuel déi se wuel nach am beschte kennen dierften, ergëtt sech mer trotzdeem net. Wat awer esou oder esou kee Problem ass, well een dee just den däitschen Numm kennt kuckt op der de-wiki, dee just de franséischen Numm kennt op der fr-wiki etc. Firwat deen dee just de lëtzebuergeschen Numm kennt néierens eppes fanne soll ass mer schleierhaft. Déi aner Wikie maachen et jo och esou (just d'Preisen hunn ë.a. bei Loutrengen e verständleche Komplex), do wier et jo logesch wann d'lb-wiki net wéilt versichen, den Néiergank vun senge Wierder an Uertsbezeechnungen nach duerch d'Selbstverständlechkeet vun der Verbannung dovunner an den Artikel selwer oder ganz fort z'ënnerstëtzen. Ech wunnen net zu Luxembourg, ginn net op Paris an och net op Namur, ausser ech wier grad op der fr-wiki. Fir de Rescht gëtt et Redirecten oder, am Fall vu Laser, ganz erfollegräich Homonymiessäiten. Wee par force Namur wëll, kënnt der Logik wéinst net ëm Paris a Luxembourg erëm, oder wéi soll ganz objektiv definéiert ginn, wat fir Nimm allgemeng bekannt, wäitleefeg, vill, mëttel, wéineg, oder bal guer net méi bekannt sinn? Iwwer ILRES Sondagen oder just iwwert dat subjektivt Emfanne vun deem dee grad den Artikel ännert? Dofir hate mer eis viru Jor an Dag op dee lëtzebuergeschen Numm vu lëtzebuergesche wéi auslänneschen Uertschafte gëeenegt. Et gëtt esouguer eng Lëscht vun all deenen Nimm, an déi ass wierklech kleng par rapport zu hirem Homolog op der fr-wiki, der de-wiki, der en-wiki, der nl-wiki, der pl-wiki, etc. Firwat mär als allereenzeg Wiki sollen aktiv um Vergiessen a Verleegnen vun eisen Uertsbezeechnunge solle matwierken, wou grad mär et esou batter néideg hätte mam gudde Beispill virzegoen an ze weisen, datt et ebe grad net d'Normalitéit ass, kee Lëtzebuergesch méi ze kënnen, dat geet iwwert mäi Beispillversteestemech. --Otets 00:35, 7 Januar 2007 (UTC)

Nach eppes anescht: Géint Gigante wéi en-wiki an de-wiki kann d'lb-wiki virun allem mat spezifesch Lëtzebuergeschem punkten. Schonns aleng dofir ass et wichteg, lëtzebuergesch Uertschaftsnimm am googlerelevanten Titel ze hu fir waméiglech als éischte Site domat do ze stoen. Effektiv dierft de ganze Gros vun de Leit deen op der Sich no Informatiounen iwwer z.B. däitsch Uertschaften ass de kloren Zock hunn, esou eppes op der de-wiki nozekucken an net hei. A sollt en et ausnamsweis awer op der lb-wiki versicht hunn, sou ass e sécher net entsat, wann en dann op e Redirect gestouss ass a kamout weidergeleet gouf. --Otets 00:59, 7 Januar 2007 (UTC)

Dann nach méi eppes ganz Wichteges: Wier et net besser mer géifen zwanzeg Artikele mam Originalnumm schrweiwen amplaz dat Getriwwels hei opzeféieren. Les Meloures 01:04, 7 Januar 2007 (UTC)

Honnertprozenteg mam Otets mat d'accord! Well den deeglegen Dialog gruppendynamesch gesinn, duerchaus sënnvoll ka sinn, fir de soziale Kontakt ënner de Wikipedianer oprecht z'erhalen, mengen och ech, datt et vill méi wichteg ass, dat perséinlecht Gespréich erëm hei un d'Rullen ze bréngen. Natierlech huet de Meloures Onrecht; deen ass anscheinend nëmmen an der Wikipedia, fir Artikelen ze schreiwen. Dofir gouf et héich Zäit, datt den Otets heiansdo zur Uuchte kënnt; esou kënne mer alleguer mol erëm eng Kéier iwwer déi gutt al Zäit poteren, an där déi eng Artikele geschriwwen hunn, an déi aner se gewäerde gelooss hunn. Déi Zäit huet nach jiddereen de lëtzebuergeschen Numm vun Augusta Treverorum kannt. --Den Tedektif 01:31, 7 Januar 2007 (UTC)

Wéi gutt deet dach eng Portioun Polemik vun engem ale Bekannten. Neen, eis Uertschafte mat lëtzebuergeschem Numm si schonn um Rullen. Gespaant wat als nächst kënnt? --Otets 01:52, 7 Januar 2007 (UTC)

Ech sinn nach ëmmer derfir datt de Lemma soll den offiziellen Numm sinn wéi et an de respektive Länner ass. Wa lëtzebuergesch Nimm korrekt oder offiziell bekannt sinn soll dat de Redirect sinn. A wa méiglech nëmmen een, soos sti mer och ganz domm do well mer jo dann net wësse wéi et richteg ass oder mer hu geschwënn 20 Redirecte lafen. Entweder mer wëssen et richteg oder mer wëssen näischt. Hallef Saache sinn och keng Léisung.
Dann nach eppes: Auslännesch richteg Lemmata wëllen ze verlëtzebuergiséiern ënnestréicht menger Meenung no zevill de subjektiven a nationalistesche Karater an dat soll no den Direktive vun der Wikipedia, sou wäit wéi ech dat vestaanen hunn ausgeschloss sinn. Les Meloures 12:41, 7 Januar 2007 (UTC)

Wéi gesot, esou eng Interpretatioun vun den Direktive vun der Wikipedia gëtt et op kenger anerer Wiki, sou datt dat wuel éischter net esou gemengt ass, well soss hätt den Jimbo sech op d'mannst op der en-wiki zu deem Thema scho gemellt gehat. Paräis op Paris wëllen ze réckelen oder Moskau op Москва, dat kéim op deenen anere Wikien einfach kengem an de Sënn, net well dat all Nationaliste sinn, mee well se hir Wiki an der Sprooch vun der Wiki wëllen halen, dat ass d'Direktiv Nummer eent. A fir déi vläit manner bekannte Wierder oder Uertsbezeechnungen: wéi nach gëscht am Wort stung, et ass net well een deen een oder anere Begrëff selwer net méi kennt datt da keen e méi sollt gebrauchen, au contraire et ass ni ze spéit eppes nees nei ze léieren. Just duerch d'Normalitéit vum aktive Gebrauch vun esou Wierder an Uertsbezeechnunge kämft ee géint d'Vergiessen, wat en plus just bei Deeler vun der Populatioun agesat huet awer nach net generell ass a wat ee sech hidde sollt och nach selwer ze fërderen. Wa mer hei net grad op der Wikipedia vun der lëtzebuergescher Sprooch wieren, a wann et net eng jett Wikipediaen an anere Sprooche géif wou ee Wierder an Uertschaften an deer jeweileger Sprooch fënnt (déi vun de Gros vun de Leit esou dann och do an net hei gesicht ginn), da géif ech jo esou eng Diskussioun verstoen, mee hei ass numol déi eenzeg Plaz wou een eppes op Lëtzebuergesch schreiwen a siche kann. Dat ass eisen eenzegen Atout vis-à-vis vu Gigante wéi en-wiki oder de-wiki: ween z.B. no Bruxelles sicht, dee mécht dat an deenen allermeeschte Fäll souwisou net hei mee op der fr-wiki.

Als Source op eppes "korrekt" oder "offiziell" bekannt ass gebrauchen ech d'Lëtzebuerger Wierderbuch a fënnef Bänn. A wann déi uginn datt e puer Schreifweisen am Ëmlaf sinn, da versichen ech déi iwwer Redirecten, a sief et der e puer, ofzedecken.

--Otets 17:36, 7 Januar 2007 (UTC)

Ier nach méi Bits a Bytes fléissen: dem Zinneke seng Praxis fir den Titel vum Uertsartikel op Lëtzebuergesch ze loossen, e Redirect mam auslänneschen Numm ze maachen an dann am Artikel selwer den offiziellen auslänneschen Numm vir ze setzen am éischten Definitiounssaz, domat dierft jidderengem sengen Awänn Rechnung gedroe sinn. Ech fir mäin Deel maachen op alle Fall an ënnerem Fridd hei e salomonesche Schlusspunkt. --Otets 18:52, 7 Januar 2007 (UTC)

Et wier vläicht net schlecht wann d'Resultat vun dëser Diskussioun an den Hëllefssäiten kinnt nogekuckt ginn fir ze vermeiden dass déi selwecht Diskussioun all gudde Broutdag erëm op d'Tapéit kënnt wann nei Useren beikommen. Propose vum Pecalux 08:49, 8 Januar 2007 (UTC)
Dem Pecalux säi passive Saz (sic!), fir d'Resultat vun dëser Diskussioun festzeneelen, stëmmt. Eppes muss awer am Kapp behale ginn: Dem "Luxemburger Wörterbuch" seng éischt Liwwerung staamt vun 1950! Wéi déi Zäit geschriwwe gouf kuckt der iech emol am [[Batty Weber"-Artikel un, um Beispill vum "Dem Jabo seng Kaap". Duerno sinn e puer "Schreifweisen" d'Baach erofgaangen (a se waren och net méi wäert C.) Et dauert net méi laang, da kënne mer eis déi zwéin éischt Buschtawe vun eisem fuschneien Dictionnaire online bekucken (ouni lëtz. Uertschaftsnimm!). Also, mer sollen eis bewosst sinn, datt mer "déi al Nimm" an déi "aktuell" Schreiweis iwwerdroen, soss geet et wéi mam Oozfeld, da kënne mer se net méi "liesen". Wéi mer hei mat Schreifweisen ëmginn, konnte mer gesinn, wéi mer eng Kéier en Artikel erakruten, déi an der "Welter-Engelmann Schreifweis" geschriwwe war. Et waren der genuch do, déi dee "komeschen" Text einfach läsche wollten!!!! Elo steet den Text (jo hei an der Wiki!!) am Witzeck, datt der nach e puer domm driwwer laache kënnen. An e steet haut nach do!!! Datt ee sech mol Gedanken driwwer méich, dozou ass et, bis op eng Ausnam, bis haut nach net komm. Datt haut een hei optrëtt, a mam Luxemburger Wörterbuch jongléiert a schreift, hie géing dat gebrauchen "Als Source op eppes "korrekt" oder "offiziell" bekannt ass" (1950!), da soll e sech bewosst sinn, wat en an der Hand huet. Aus de Butteker ass dat Wierk jo an enger "Nuecht an Niwwel-Aktioun" "erausgeholl" ginn. A preventiv schonns de Virschlag, fir (wa méiglech) bei den Uertschaftsnimm e puer etymologesch Buerungen ze maachen. Mee dat ass Aarbecht! A dofir geet de Luxemburger Wörterbuch net duer, duerfir muss een den Aarsch hiewen, a bei d'Quelle goen. Hei ass et anscheinend schonn zevill, fir op enger Gemeng ze froen, wéivill Leit do wunnen. Dat emol zu den Déckebakemaachereien. Merci fir d'Liesen. --Cornischong 10:34, 8 Januar 2007 (UTC)
Eppes Drugehaangenes: De Buerg-Rëttgen-Artikel an e puer anerer weisen iwwregens, datt dat Neit net nei ass. --Cornischong 10:45, 8 Januar 2007 (UTC)

Ech si verwonnert, wéi liicht sech verschidde Benotzer vun e bësselche Getozels hei beaflosse loossen an hir Meenung, déi se puer Zeile hei driwwer kloer zum Ausdrock bruecht hunn ëm 180° gedréit huet. Do muss ee sech d'Fro stellen op an nächster Zäit nach eng gutt Zesummenaarbecht méiglech ass? Ech fir mäin Deel komme mer bësselchen als domm verkaf vir, wann dach de Contraire gemaach gëtt, wéi Majoritéit sech drops geeenecht huet. --Tomateus 12:19, 9 Januar 2007 (UTC)

"Als Source op eppes "korrekt" oder "offiziell" bekannt ass gebrauchen ech d'Lëtzebuerger Wierderbuch a fënnef Bänn" :Dat Wierderbuch heescht "Luxemburger Wörterbuch" (brauch een e Scan??) Jo, Tomateus, wa mer mat esou Sätz gefiddert ginn, da wësse mer jo endlech wat "korrekt" an "offiziell" ass. Déi Affär ass nat klasséiert!!! Eise Prometheus (den Otets) a säi Gesell (de Caranorn) hunn dat mam Ueleg op d'Feier net "fir näischt" gemaach. Nach ee Wuert: Ech hunn net gär sou Ausdréck wéi "verschidde Benotzer": Hei huet jiddereen e Benotzernumm. Nenn d'Fatzbeidele mam Numm. --Cornischong 12:36, 9 Januar 2007 (UTC)

Et versteet sech vum selwen, datt ee kucke muss op déi aktuell Schreifweisregelen näischt un den Uertschaftsnimm geännert hu sou wéi se am Luxemburger Wörterbuch (vun deem ech op Ufro den Aband scanne ka wou schéin "LETZEBURGER WIERDERBUCH" dropsteet, och wa Luxemburger Wörterbuch drasteet) stinn. Fir de Rescht ass een dee seng Meenung ännert net ëmmer mat engem Fändel ze vergläichen - just Tockskäpp änneren hir Meenung eleng aus Prinzip ni. A weder Polemik nach Vernennwierder kënne sachlech Argumenter ersetzen! --Otets 18:12, 9 Januar 2007 (UTC)

Variabel Parameteren an de Këschten[Quelltext änneren]

Mer hunn an de Gemengen an Uertschaftskëschten déi variabel Rei Buergermeeschteren. Menger Meenung no ass déi Rei net ganz ubruecht.

1) 10% si guer net verlinkt

2) 70% si rout verlinkt wat heescht et gëtt souwisou keen Artikel

3) Dës Donnée verännere sech reegelméisseg wat heescht datt permanent Korrekture musse gemach ginn. Dat ass jo och nach an der Rei, wa mer fir all Buergermeeschter en Artikel hunn, mee wa mer och nach mussen op rout Linken oppassen déi souwisou erëm eng Keier verschwannen da fänkt et un topech ze ginn.

Well d'Infoboxen sollen eng zolitt Basis vu korrekten an dauerhaften Informatiounen sinn, ass meng Meenung datt e variabel Saachen do soll eraus loossen.

Dës Meenung huet awer nëmme just eng praktesch Basis, an déi ass duerch Struktur vun der lb:Wiki bedengt. Mer hunn net genug Mataarbechter fir permanent op sou Verännerungen opzepassen. Wann awer falsch Donnéen do stinn gi se kritizéiert. Fir wat sech also déi Kritiken oplueden. Les Meloures 14:28, 4 Januar 2007 (UTC)

Menger Meenung no ergëtt et absolut kee Sënn fir de Buergermeeschter an all Uertschaft vun der Gemeng ze schreiwen (redudant Informatiounen). Ech fannen awer dart et net onintressant ass fir en Historique vun den Nimm vun de Buergemeeschteren an den Text vum Artikel vun der jeweileger Gemeng ze schreiwen (wéi am Artikel Bartreng zum Beispill).--Fliedermaus 15:59, 4 Januar 2007 (UTC)
Ech schléisse mech der Fliedermaus un a ginn ze bedenken dat wa mier d'Argument vun der Stabilitéit vun den Donnéeë benotzen d'Fro sech och stellt ob mir d'Awunnerzuel, déi besonnesch bäi méi klengen Dierfer sech ganz séier verännere kann, stoe loosse sollen. Mee ech sinn dofir fir zumindest déi Informatiounen (an et sinn der dacks guer nët vill) mol hale sollen. Déi Fro (Nimm vun de buergermeeschteren eraus) stellt sech zumindest fir d'Gemenge nët, bäi den Uertschaften muss déi Informatioun nët unbedingt sinn, wëll et jo eng redundant Informatioun ass. --Robby 22:50, 4 Januar 2007 (UTC)

Këscht fir d'Chamberwalen[Quelltext änneren]

Eng Ufro un eis Këschtespezialisten: Ech hätt wëlles, d'Resultater vun de Chamberwalen emol hei der Ëffentlechkeet zougänglech ze maachen (wéi schonn en Englänner dat zum Deel op der en:wiki gemaach huet: als Beispill déi vun 2004 en:Luxembourgian legislative election, 2004. An zwar déi mat de Parteien an de Faarwen, déi do ass (einfach eriwwercopéiere gëtt dat hei: user:zinneke/test).

Merci am viraus! --Zinneke 13:49, 5 Januar 2007 (UTC)

Dat kënnt schwéier ginn well se steet voller aner Templaten mee ech probéeiren emol op ech déi zoppe kann, wann daat geet da geet de Rescht och Les Meloures 13:58, 5 Januar 2007 (UTC)

Offiziell Resultater vun de Legislativwalen 2004 --Fliedermaus 14:15, 5 Januar 2007 (UTC)


Dat mat dene Këschten ass och nach e Problem wou mir schon eng Kéier riets haten. Et ginn esouvill Këschten déi net méi am Stil si wéi mir se ugefangen hunn. Si sollten all d'selwescht opgebaut sinn, fir dass och esou Saache wéi dat mat de Boxe verschmëlze kann ugewandt ginn, wat elo bei ville Këschten net méi méiglech ass. Et gesait herno an den Artikelen vill méi proper aus wann der méi sollen drastoen. --Alexandra 10:49, 8 Januar 2007 (UTC)

Kategorien an hir NET-Interwikien[Quelltext änneren]

Et war scho méi laang och eng Kéier gesot ginn, dass d'Leit sollen oppasse wann se Kategorien nei opmachen och d'Interwikie sollen drasetzen. Well dat di leschten Zäit ziemlech dacks erëm vergiess gëtt, wollt ech dat erëm eng Kéier an Erënnerung bréngen. Also Interwikie si wichteg an ech wier och frou wann d'Leit giffen en Text dobäi setzen. Do gëtt et och eng speziell Këscht, déi Briséis gemacht huet, déi e ka benotzen. Merci --Alexandra 10:51, 8 Januar 2007 (UTC)

"Do gëtt et och eng speziell Këscht". Dat ass e Problem, dee mer "net onbekannt ass"; vill Saache sinn "do", mee wou?
@Alexandra: Du hues absolut Recht; mee schreif de "Schëllegen" dat direkt, hei kéint et "ënnergoen" :-))) --Cornischong 11:19, 8 Januar 2007 (UTC)

Léif Këschtemécher[Quelltext änneren]

Mär hunn hei (a bei den anere Wikien wäert et net besser sinn) zwou Zorte Leit; déi eng wësse, wéi "dat mat de Këschte" geet, an déi aner. Datt ech zu deenen Anere gehéieren, as kee Secret. Wéi kéinte mer et arrangéieren, datt déi "Aner" dat kéinte léieren? --Cornischong 11:19, 8 Januar 2007 (UTC)

Du bass jo dann ee vun denen "Aneren" déi dann ëmmer gefrot hu fir eng Këscht gemacht ze kréien, wat jo och ëmmer gudd geklappt huet an och eng gudd Léisung war. Et ka jo net ëmmer jiddereen alles kënnen :-) Nach anerer hu gefrot an awer herno gemacht wéi se wollten, well dat ebe méi schéi sollt sinn.... Sou Këschten ze machen ass net esou komplizéiert, et bréicht ee just eng Kopie vun denen aneren ze machen an anescht auszefëllen oder ze froen :-).

Mä am Moment gëtt esouvill geännert an anescht gemacht, wéi virdu no laangen Diskussiounen décidéiert gouf, dass ech guer keng Iwwersicht méi hun. Ech fänken un och keng richteg Loscht méi ze hun an alles mussen nozekuken, dass et mir eigentlech scho bal egal ass wee wat mëcht. Artikele giff och emol nees gäre schreiwen, mä dozou kommen ech guer net méi. --Alexandra 07:56, 9 Januar 2007 (UTC)

Wéi gesäit de Modell vun enger "normaler" Këscht aus, fir eng Lëscht (wéi d'Walesultater vun de Chamberwalen) dranzeschreiwen? Wier et eventuell méiglech esou e Modell oder de Link dorop op d'Säit Wikipedia:Textbausteng ze sëtzen?--Fliedermaus 08:25, 9 Januar 2007 (UTC)

Äntwert un d'Fliedermaus:
Deng Fro wéi geséit eng normal Këscht aus ass absolut berechtegt. Et gëtt Virlage fir Këschten déi sinn honnerprozenteg gutt fir an deene Fäll wou se solle a kënne gebraucht ginn. Et huet och secher mol een oder den aneren sech selwer eng gebastelt well e mat deenen Informatiounen déi e wollt drasetzen net mat enger anerer Virlag eens ginn ass. (ech ënner anerem och).
Zu denger Fro fir d'Këschte vun de Chamberwalen ass dat hei ze soen:
Bis virun enger Woch (ongeféier)gouf et do nach keng. Do huet den Zinneke gefrot op et méiglech wier fir eng ze kréien, an do hunn ech eng zesummegebastelt déi menger Meenung No fir all d'Walen ze gebrauchen ass. De Modell war allerdengs nch net ënner der Category:virlagen festgehal. Dat ass elo geschitt an en ass erëmzefannen ënner Category:Virlagen (Politik) ënner dem Template:Chamberwalen Resultater
D'Navigatiounsläischt mat de Joeren ass och elo do erëm ze fannen.
Kuck der dat mol vläicht un an da sees de deng Meenung op nach eppes soll dodru geännert ginn.

Les Meloures 18:03, 9 Januar 2007 (UTC)

Merci fir d'Erklärungen, mä meng Fro huet sech haaptsächlech op dës Bemierkung vum Alexandra bezunn: "Et ginn esouvill Këschten déi net méi am Stil si wéi mir se ugefangen hunn. Si sollten all d'selwescht opgebaut sinn, fir dass och esou Saache wéi dat mat de Boxe verschmëlze kann ugewandt ginn, wat elo bei ville Këschten net méi méiglech ass."

Ët wier awer dann net schlecht fir och illustréiert ze kréien wéi de Stil vun enger "normaler Këscht" fir eng Lëscht auszegesinn huet.

D'Këscht vun de Walen ass u sech net schlecht, mä ech gleewen net dat se an deem richtege "Stil" ass.

--Fliedermaus 08:15, 10 Januar 2007 (UTC)

@ Fliedermaus: Dach déi Këscht vun de Chamberwahle ka roueg esou goe geloss ginn. Mir ass et haaptsächlech ëm Këschte gaagnen iwwert Länner, Gemengen, Stied... asw déi ënnen un den Artikelen hänken. Boxe verschmëlzt sinn z.B. an dësem Artikel ze gesinn: Lëtzebuerg (Land).

Am Artikel Hasselt (Belsch) ass bei denen zwou Këschten ënnen et net méiglech se zesummen zeschmëlzen. Ass dat wichteg oder net ?? Wee wees, eng Klengegkeet warscheinlech. Mä ech sinn trotzdem dofir, dass mir an eng Richtung solle schaffen an net vun allem eng Partie Varianten hunn. Herno wees jo kee méi wéi wou wat wéini gebraucht gëtt oder wéi et ze fonktionéieren huet. --Alexandra 12:39, 10 Januar 2007 (UTC)

"Ech fänken un och keng richteg Loscht méi ze hun an alles mussen nozekuken, dass et mir eigentlech scho bal egal ass wee wat mëcht." schreift hei eng Persoun, an als Äntwert gëtt d'Dikussiounssäit zougeschass mat Lawinne vu Kommentaren iwwer de Stil vu Këschten. D'Alexandra schéngt elo eng Léisung fonnt ze hunn, fir déi verschmolt, déi net verschmolt, déi mat Stil an déi ouni Stil. Mierkt keen eppes? --Cornischong 10:16, 20 Januar 2007 (UTC)

Ech hunn elo mol am Artikel Hasselt (Belsch) nogekuckt, well deen als Beispill hei opgefouert war, a konnt do bis elo keng Verännerung feststellen. Hunn ech eppes ënnerwee verpasst mat de Këschten. Les Meloures 10:30, 20 Januar 2007 (UTC)
=====================================================================================================[Quelltext änneren]

Mol endlech eng ganz dätlech Aussoo. Ech hunn an der Lescht net sou schrecklech vill opweises op der Wikipedia me hëllefen awer gäeren wann alles kloer ass. Sou Uertschaftsartikelen interesséiere mech och, an et ass gutt wann ee weess u wat e sech ze halen huet. Well ech aus dem Areler Eck sinn an de Terrain e bësselche kennen wäert ech dann och haaptsächlech do meng Kontributioune maachen. Puscas 15:25, 9 Januar 2007 (UTC)

Elo mol d'Aenntwert ob de Cornischong. Ech wees nët waat's du ob der Däitscher Wikipedia gesinn hu wëlls mee Dideleng steet ënnert [1]. Ech schätzen du wëlls domatt söen dass se et nët ob Daitsch hunn. Do géif ech emol schäetzen dass daat mat dem zweet Welltkrigg ze döen huet. Do wou ech mech am beschten auskennen as déi Englesch Wikipedia do kann ech der garanteieren dass Artikelen ënnert der gebraichlescher Englescher Variant vum Numm stöe sollen. Ausnahme ginn ët natierlech ëmmer, wéi jo och ob der Daitscher Wiki déi guer nët eenheetlesch as bei deene Lëtzebuerger Nimm (déi ëng ob Franséich, déi aaner ob Däitsch-Lëtzebuergesch, kann aawer léider hieren policy/guidelines Artikel fier Nimm nët fannen).--Caranorn 12:34, 10 Januar 2007 (UTC)
Un de Caranorn
Deng Aussoo: Do wou ech mech am beschten auskennen as déi Englesch Wikipedia do kann ech der garanteieren dass Artikelen ënnert der gebraichlescher Englescher Variant vum Numm stöe sollen. Ausnahme ginn ët natierlech ëmmer
Da kuck der mol dat hei un an de zielst de wivill Nimm op Englesch do dra stinn. Do sinn déi englesch Nimm d'Aussnahmen.
http://en.wikipedia.org/wiki/Template:Germany_districts_bavaria
Dat hei ass nëmmen ee Beispill et gëtt der awer op mannst eng Dosen dervun op der Englescher Wiki. Anscheinend kennst de dech net sou gutt aus wéist de hei behaapte wëllst.
Fänk wannechgelifft net un d'Leit hei mat sou blödsinnige Behaaptunge fir domm ze verkaafen.

Puscas 13:13, 10 Januar 2007 (UTC)


Dann och nach mäi Pefferkär:

Hei ass den engleschen Text vir geographesch Nimm aus der en:Wiki

The title: When a widely accepted English name, in a modern context, exists for a place, we should use it. This often will be a local name, or one of them; but not always. If the place does not exist anymore, or the article deals only with a place in a period when it held a different name, the widely accepted historical English name should be used. If neither of these apply, the modern official name or the modern local historical name should be used, respectively. All applicable names can be used in the titles of redirects.

Foreign names should be used only if there are no established English names; most places do have established English names. Rationale for historical usage should be explained on the article's talk page and in the name's section of the article about the geographical place in question.

If no name can be shown to be widely accepted in English, use the local official name. Please remember that many local names, like Paris or Berlin, are widely accepted in English. Frequently, English usage does include the local diacritics, as with Besançon. On the other hand, there are cases in which English widely uses the local name without adopting some non-English spelling convention or diacritic, like Istanbul for Turkish İstanbul. These are not "spelling mistakes" but English usage.

Ech stelle fest dass do ëmmer widely accepted eng Conditioun ass fir d'Sach op Englesch ze nennen.

Ech si bereet mech zesumme mam Caranorn an d'Groussgaas ze stellen an d'Läit ze froen da gesi mer séier waat widely acceptet zu Lëtzebuerg ass.

Les Meloures 13:35, 10 Januar 2007 (UTC)

An héi ass nach eng kéier waat ech dozou gesoot haat, ...gebraichlescher Englescher Variant vum Numm... An'd Groussgaas stöe goen ass jo sécher éng Méiglechkeet (aus Erfahrung kann ech söen d'Gare oder den Aldringer ass vill bësser fier Lait unzeschwetzen). De Problem ass aawer dass daat nëmmen e ganz kléngen Deel vun der Bevölkerung ass, speziell ginn ech dervun aus dass mier Stadter (ech sinn däer een) eischter Manner iwwert dësen Thema wësse wéi eis mei Ländlesch Kollegen. Wann schons eng Emfro da misst se schons duerch'd Land gemaat ginn, an natierlech och iwwert' Grënzen béi de Lëtzebuergesch a Platt schwätzende Populatiounen (d'Platt ass jo zumindestens no verwandt mam Lëtzebuergeschen). Vue dass aawer am Endeffekt déi Notioun vun énger Emfro nët an éise Moyenen ass an eng Emfro wuel och original research wier ass daat kéng Optioun. Dee riochtege Wee ass dann d'Literatur an d'Experten (à la Alain Atten, Lex Roth a co.).--Caranorn 13:04, 11 Januar 2007 (UTC)
Genee, mat der Groussgaass eleng ass de "widely accepted" net ze definéiren, d'Uelzechtstrooss, d'Éislecker Stroossen ouni Numm, etc. etc. wieren do schonn e Muss, soss kann ee jo direkt just op dem Hännes vum Eck seng Meenung goen. Wéi s de ganz richteg sees, d'ILRES-Moyene sinn eis leider net vergonnt. Ech géif awer och d'Luxemburger Wörterbuch bei de Quellen net vun der Hand weisen. --Otets 19:59, 11 Januar 2007 (UTC)

"Ech wees nët waat's du ob der Däitscher Wikipedia gesinn hu wëlls mee Dideleng steet ënnert. Ech schätzen du wëlls domatt söen dass se et nët ob Daitsch hunn. Do géif ech emol schäetzen dass daat mat dem zweet Welltkrigg ze döen huet."
Hei

ass dat wat ech an der däitschsproocheger Wikipedia gesinn hunn, net well ech et do gesinn hu wëll, mee well et do steet! Schä(e)tz roueg weider. --Cornischong 14:07, 10 Januar 2007 (UTC)

No Korrektioun vu méngem Link wees de wuel vu waat ech geschwaat hunn.--Caranorn 13:04, 11 Januar 2007 (UTC)
Un de Caranorn
Dei Däitsch Säit beweist jo just datt déi den offizielle Numm gebrauchen. Wat wells dann domat nach weider beweisen. Dat ass eng Tatsach. All aner Hypothesen firwat si Quatsch. Do kann enn der 20 opféiere wann ee wëllt.
Wéi wier wanns de amplaz hei eng opféieren ze kommen, der mol eng Uertschaft eraussichs, an déi mol korrekt mat 8 Sätz beschreiwst. Mir ginn Grujelen aus an ech kréien d'Hingerhaut wann ech däi Lëtzebuergesch liesen. Leit déi wëllen iwwer Detailler vun enger Sprooch schwätze, sollen déi mol fir d'éischt ordentlech kënnen. All de Resscht ass a mengen Ae Gebraddels.
Dovun afgesinn huet jo eng Majoritéit sech der Meenung, dat den Original-Lemma fir Uertschaften am Ausland soll gebraucht ginn ugeschloss an domat ass déi Diskussioun afgeschloss.

Les Meloures 13:47, 11 Januar 2007 (UTC)

Déi mat der Hingerhaut schreiwen och net feelerfräi... Mee fir beim Thema ze bleiwen, hei e puer Linken als besser Beispiller wéi déi aner Wikien dat effektiv uginn: en-wiki, fr-wiki a ganz besonnesch nl-wiki, wéi just déi dräi ze nennen. --Otets 19:59, 11 Januar 2007 (UTC)

Uertschaftendiskussioun[Quelltext änneren]

Well et dobäi ëm eng Nummkonventioun geet, gouf dës Diskussioun op d'Diskussiounssäit vun den Nummkonventioune gesat. --βρισεισDisk 07:19, 16 Januar 2007 (UTC)

Wat een um Spaweck fënnt[Quelltext änneren]

Déi Säit geet bei mir net, ech kréien nëmmen Unable to select database ugewisen. --βρισεισDisk 07:20, 16 Januar 2007 (UTC)


et ass komesch bei mir weist et dat selwecht un awer geschter ass et gaang. Mee wou hues du do de Problem. ????
Jo, haut ass se "net méi do". Mee am google ass se nach am Cache. Gitt an de google "Welter-Engelmann Schreifweis" an, kuckt da bei der google-Iwwerschrëft "Your Info (Geschicht vun der Lëtzebuerger Schreifweis)" a klickt dann op de "Cache". Dat ass eng ganz lusch Websäit, déi mat "eisen" Texten hantéiert. Dräi Stéchwierder drënner, ënner "Everything about Lëtzebuergesch" ass nees esou "eppes": 1876.lb.wikimiki.org/lb/Lëtzebuergesch --Cornischong 09:04, 16 Januar 2007 (UTC)


Wou sinn dann d'Adminnen ?[Quelltext änneren]

Wou sinn dann déi sëllegen Adminnen? Ausser dem Zinneke an dem Cornischong ass a leschter Zäit keen ze gesinn? Si se am Wanterschlof oder hu se d'Flemm? A wa jo, da solle se dat soen, amplaz déi Aner am Stach ze loossen! An de Zombie-Admin, deen nëmmen nach mam Fixfeier spille kënnt? An déi soss all Woch siwe Kommata hin- an hiergeréckelt hunn? Ass dat deenen och elo zevill? A mat esou Leit soll eng Wikipedia opgebaut ginn? Reg wann ech gelift kee sech iwwer meng Wierder op, well se kënnte stëmmen. Merci fir d'Opmierksamkeet. --Dat Krappegt vu Sëll 00:03, 30 Januar 2007 (UTC)

E schéine gudde Moien: (eleng wéinst der Frëndlechkeet déi mol bemängelt gouf)
Wéi schonns sou oft hei erklärt ginn ass (ech hun déi Erklärung iwwregens och mol kritt), ass alles op fräiwëlleger Basis. D'Adminnen eegal wien dat elo ass, hun (sou hunn ech et emol eng Kéier erklärt krut), grad esou gutt wéi d'Useren keng Obligatioun fir vill oder ëmmer present ze sinn. Wat hir Urach ass datt se net present sinn ass menger Meenung no hinne ganz eleng z'iwwerloossen.
Dës Fro kann och nach 20 Mol gestallt ginn, dat verhënnert net datt jidderee mécht wéi en denkt an et ännert och néischt un den Tatsachen.
NB: Dat hei soll eng kleng Erklärung sinn a keng Opreegung (ech fille mech, vu dat ech net Admin sinn, net betraff, acceptéieren awer dat jiddereen sou vill Beiträg ka maache wéi e wellt).
Ech gesinn och de Sënn net an, firwat datt solle 5 Adminne présent sinn fir op 8 Useren déi reegelméisseg schreiwen (dovunner 3 Adminnen) opzepassen, an deenen hir Feeler ze verbesseren.
Wann dat awer de Fall sollt sinn da maachen ech mer grouss Suergen.
Vun deene puer Useren déi matschaffen, sinn der epuer déi vill schaffen, déi eng duerch Artikele maachen, déi aner duerch Linken an Text verbesseren oder kompletéieren, jiddereen sou wéi et em an dem Moment gefällt.
Dat alles gëtt gemaach fir datt Leit déi d'Artikele liese kommen, no an no ëmmer eng méi komplett a richteg Informatioun kréien.
Déi sougenannt Komma'sréckeler, erfëllen och hiren Zweck, a wann e Komma richteg gesat, oder richteg geréckelt gouf ass dat och eng positif Aktioun. Mir hunn deeër leider net genuch. Les Meloures 14:05, 30 Januar 2007 (UTC)

Wéi de Meloures scho richteg sot, just well een akzeptéiert, hei Admin ze sinn, huet een néierens ënnerschriwwen, datt ee 24/24 a 7/7 hei virum Bildschierm hänke muss. An ech fannen et och net richteg sech ëmmer mussen ze rechtfäertegen, wann een emol 1 od. 2 Woche keng Zäit huet. Vill vun eise Matschaffer hei hunn e Beruff od. Studien, an d'Wikipedia ass kee "Full-Time-Job". Oder si hu grad wierklech aner Suergen. Ech well domat net soen, datt d'Wikipedia net wichteg ass, ech mengen dat ass se fir eis all, soss géife mer net nach ëmmer mam absolute Minimum hei schaffen datt eppes derbäi erauskënnt. Mee ganz selen huet een och ausserhalb vum Internet Saachen, déi einfach méi wichteg sinn, oder, wat mir och scho virkomm ass, einfach haut keng Loscht. Muer schreiwen ech 10 Artikelen, iwwermuer kréien ech mech net derzou iwwerwonnen och nëmmen eng Zeil ze schreiwen. Dat ass nunemol esou. --βρισεισDisk 12:16, 8 Februar 2007 (UTC)