Wikipedia:De Staminee/Archiv2007/Juli

Vu Wikipedia

Ass et dem Cornischong seng Boddilouschen ??[Quelltext änneren]

Ass et dem Cornischong seng Boddilouschen, déi sou vill Besuch unzitt? Wéi kënnt et datt mer sou vill Gäscht hei däerfe begréissen? Neen, neen, keng déi e Saz an en Artikel géife schreiwen. Ass et fir Lëtzebuergesch ze léieren; a wouhier. Déi verstinn, wéi se dat och erklären, kee Wuert Lëtzebuergesch. Ass et wéinst der frëscher Loft an den Noumer Leeën? Meng Fro: Solle mer net e Gaaschtbuch opmaachen? E Buch, an dat jiddereen, deen hei laanschtgetrëppelt kënnt, kann draschreiwen, datt et hei esou schéi war, datt et an der Kiche gutt geroch huet an datt d'Bettgezei esou propper war. Da bräicht net jidderee sech unzemellen, wann e jo souwisou keng dräi Wierder an engem Artikel derbäi schreift. Oder ass et awer wéinst dem Cornischong seng Boddilouschen? --Cornischong 22:11, 2 Juli 2007 (UTC)

Sehr witzig. Kannst du deine Boddilouschen mal bekannt geben? :-)) oder muss ich mich anmelden um sie zu erfahren 81.244.50.20 09:32, 3 Juli 2007 (UTC)

Zitat: «Potert weider, léif Leit, déi aner wäerten un den Artikele schreiwen. --Cornischong 22:06, 28 September 2006 (UTC)» (vum Pear)

De Johannes de Blannen[Quelltext änneren]

Mer hunn de "Jang, den Deefer" an de "Johannes, den Deefer". Ass do net schonns een zevill? Nom "Johannes de Blannen" an dem "Groussherzog Johannes" misst de Fall kloer sinn. --Cornischong 15:27, 4 Juli 2007 (UTC)

Salut
Dee Fall misst kloer sinn. Et wier da wann et mat Jange geet, och d'Jangenevangelium an d'Polen an d'Mättienevangelium oder awer vläicht net. Les Meloures 15:33, 4 Juli 2007 (UTC)
Nach eng Iddi
Wa mer et vum fraséischen Numm ofleeden kenn mer och einfach Batti soen. Les Meloures 15:46, 4 Juli 2007 (UTC)

Tjo, et ass dat, wat ech ëmmer gefaart hunn; eis Sprooch huet einfach zevill Wierder. Keng Angscht, mer vergiessen d' Gehaansevangéilium an de Johannesbierg tëscht Keel an Diddeleng net. Beim Batti hu mer natierlech nach eng Variant:de Battes. Mee wie stellt sech scho gär de Battes? --Cornischong 15:51, 4 Juli 2007 (UTC)

Keng eege Biller méi an der spuenescher Wiki[Quelltext änneren]

Am Laf vum Juni 2007 gouf dat leschte Bild an der spuenescher Wikipedia geläscht: "The last image of Spanish Wikipedia has been erased, so it uses images from Commons only." Ass dat net e Fortschrëtt?! Et schéngt es net, wann ee sech d'Säit mat den Euromënzen ukuckt. Z. B. déi lëtzebuergesch: (Monedas de euro de Luxemburgo) Kuckt och d'Linken ouni Biller ( http://es.wikipedia.org/wiki/Monedas_de_euro_de_Luxemburgo ) --Cornischong 22:45, 6 Juli 2007 (UTC)

Jo, et schéngt d'Tatsaach eng Wiki-Tendenz ze sinn, op d'Commons ze schwieren. Ouni sech elo grouss iwwert de pro a contra vun de Metamännecher wëllen ze zerklappen; Wier et dann hei net emol der Wäert de Commons Ticker z'installéieren? Da géife mer op mannst emol wësse wéini demnächst erëm eppes geläscht gëtt. Do kéint een dann dann och besser reagéieren, sief et andeems een op Commons mat géint d'Gecke stemmt (bias!) oder ebe rett wat ze retten ass ... eng Iddi? --Kaffi 23:34, 6 Juli 2007 (UTC)
Salut
Awéi wier wann een e Bild dat ee brauch eropgéif lueden an et dann ënner der Lizenz fair use bei ons setzt de kënnt Commons net drun an et gëtt och ni bei ons geläscht. Sou laang wéi déi kleng Méi ons zevill ass brauche mer ons net ze iergeren wa Biller vun de Geeschter vu Commons geläscht ginn.

Les Meloures 09:03, 8 Juli 2007 (UTC)Les Meloures

Bei 98 % Prozent Idioten op der Welt ass et net gutt géint d'Gecken ze stëmmen. Wann e Bild zwee Joer op Commons steet, an "op eemol" muss et do geläscht ginn, da musse genuch Mëller um Schantgen am Asaz sinn. De Les Meloures huet absolut Recht. Wa mer wëllen un de Kleesche gleewen, do solle mer eis net wonneren, wann deen déi fir dat hält wat se sinn. E gudden Isel stéisst sech nëmmen eng Kéier. --Cornischong 12:14, 8 Juli 2007 (UTC)

Ech sinn 100% eens mat iech wat d'Praxis vun den Iwwermotivéierten op de Commons ubelaangt an ech maache mer och doudsécher keng Illusiounen, datt et e elo grousse Wäert hätt sech op meta z'engagéieren. Do gëtt et genuch anerwäerts ze dinn ... mee dat war och net dat wat ech amfong gemengt hat. Et geet mer éischter em de Commons Ticker. Den Ticker ass vereinfacht gesot eng Zort Bot déi, wa lokal installéiert, hei iwwer d'Akivitéiten (haaptsächlech d'läschen deemno) vu vir eis relevante Biller op de Commons Bescheed gëtt. Dat geschitt andeems en d'Logbuch op meta no Biller déi deemnächst geläscht solle gi scannt. Fënnt en eent dat hei op der lb am Gebrauch ass, da schreift en eng automatiséiert Warnung an d'Talksäit vum jeeweilegen Artikel. Méi ass do net. De Virdeel? Et wees een op mannst am Virraus wat wou wéini geläscht oder ersat soll ginn. Mam Ticker hätt een d'Euromënzen also scho virdru kennen ënnerdaach huelen. Ech wier awer frou wann ee vun deene bot-technesch méi verséierten Wikipedianer sech d'Saach eng Kéier méi genee ukucke kéint (Robby?) Kaffi 11:14, 9 Juli 2007 (UTC)
Salut,
Wat de Commons Ticker ugeet esou ass dat menger Meenung no eng gudd Iddi, ech weess just net ob meng technesch Kenntnisser duerginn fir dat an d'Wee ze leeden. Mee wann de Wonsch do ass fir dat och bei eis ze hunn, da kéint ech versichen mat dem Auteur vun dem Borscht Kontakt opzehuelen fir déinéideg Informatiounnen ze kréien. Ech hat mir dat schonn emol e bësse méi genee ugekuckt a wann ech mech richteg erënneren da brfauch een fir déi néideg Astellungen virzehuelen Admin-rechter. Mee wéigesot wann dat gewënscht ass kann ech mech gäre schlau maachen (och wa Màin Agenda zur Zäit leider méi wéi voll ass). --Robby 10:48, 28 Juli 2007 (UTC)

Zevill oder net genuch?[Quelltext änneren]

( http://en.wikipedia.org/wiki/Category:Luxembourgian_football_players ) Sport ouni Suedel :-)) --Cornischong 13:22, 9 Juli 2007 (UTC)

Fro iwwer eis Katagorien[Quelltext änneren]

Datt d'Kategorie Clown op Clownen g'ännert gëtt liicht mer an, d'Kategorie solle jo am Plural sinn. Datt deeselwechten Dag d'Kategorie Zikussen op Zirkus g'ännert gëtt verstinn ech net. Datt mer bei de Fotografen et an de Kategorien méi genee wëllen ass an der Rei "Fotografen" ass e bësse grouss gesinn. Mee datt et an "Lëtzebuergesch Fotografen" ännert, verstinn ech net, well wat ass e lëtzebuergesche Fotograf? Een deen am Ländche wunnt, een deen déi lëtzebuergesch Nationalitéit huet? Wat kritt de Wolfgang Osterheld fir eng Kategorie? Klärt mech op. --Cornischong 20:30, 10 Juli 2007 (UTC)

Gudden Owend
Wat dat lëtzebuergescht bei de Fotografen oder soss och aner Leit ugeet, froen ech mech op eis Artikelen da richteg oder falsch sinn. Wann do steet e lëtzebuergeschen XXX oder en däitschen XXX, kënnt en an déi déi Kategorie déi nationalitéitsméisseg bei e passt. Soss musse mer am Artikel och Nationalitéit ewech loossen well do gëtt d'Informatioun gemaach an net an der Kategorie. Déi klasséiert nëmmen der Info no déi am Artikel steet.
Wat d'Zirkussen an den Zirkus ugeet well ech just bemierken, fir de Fall wou et nach kengem opgefall ass datt d'Kategorie Zirkus zënter dem 25. Dezember 2005 besteet. Wa vun do u bis haut alt emol een dru geduecht hätt fir déi Läich ewechzeraumen an se duerch Zirkussen ze ersetzen, da wier de Problem scho laang geléist.
Haut goufen emol zwéin Doublonen déi schonns méi laang doruechter gegeeschtert sinn geläscht, an zwar d'Kategorie Transportmëttel déi et och nach als Transportmëttelen gëtt. (Nëmmen eng hallef Stonn Aarbecht fir alles ze plënneren), an d'Kategorie Motos-Marken déi et och als Motosmarken gouf. (nëmmen 20 Minuten Aarbecht)
Duerno gouf d'Kategorie Clown a Clownen ëmgedeeft. (knapps 2 Minuten Aarbecht).
Wéi dat alles gemaach war, war déi Zäit déi ech mer haut fir d'Kategorien reservéiert hat ofgelaf, an ech hat hat ess och genuch mat deem Zirkus. Wann ech an nächster Zäit eng Kéier drun denken dann huelen ech och den Zirkus op d'Schëpp. Wann natierlech e ganz presséiert ass kann en et selwer maachen. Schliislech ass jo wéi dat schonn méi dacks hei gesot gouf kee responsabel fir eppes.

Les Meloures 21:35, 10 Juli 2007 (UTC)

Am Artikel Circus Roncalli hat ech den Numm vun der Kategorie vun "Zirkussen" op "Zirkus" geännert. Mam Wuert "Zirkus" hat ech awer net d'Eenzuel vun "Zirkussen" gemengt, mä e Sammelbegrëff fir alles wat mam "Zirkus" ze dinn huet. --Fliedermaus 15:35, 17 Juli 2007 (UTC)

Wéi wier et fir aplaz vun der Kategorie "Zirkussen" eng Kategorie "Zirkus-Entreprisen" ze maachen an dat als Ënnerkategorie vun der Kategorie mam Sammelbegrëff "Zirkus".--Fliedermaus 15:49, 17 Juli 2007 (UTC)

Déi Däitsch, d'Nazien an d'Preisen[Quelltext änneren]

"An de Kämpf tëscht den Amerikaner an de Preisen " geet an engem Artikel Rieds. Dat kann am Lëtzebuergesche komplizéiert ginn, well mer hate "Preisen" aus Preußen hei an der Festung sëtzen. Mer haten e puer Joer och Nazien am Ländche sëtzen, souguer lëtzebuergescher. Hautesdaags hu mer mat Däitschen ze dinn. --Cornischong 21:55, 16 Juli 2007 (UTC)

3. Gebuertsdag[Quelltext änneren]

Moien alleguer,

Den 3. 'Gebuertsdag' vun eiser Wiki kënnt ëmmer méi no. Fir emol an der Traditioun vun deene leschte puer Joer ze bleiwen, giff ech virschloen, eis erëm eng Kéier ronderem eppes Klenges z'iessen owes zesummenzesëtzen.

Ech selwer si vum 1. bis den 10. August zu Lëtzebuerg, a giff dofir virschloen, en Datum an deer Zäit festzeleeën - wann dat fir déi aner an der Rei ass.

Well ech scho vun dësem Samschden un offline sinn, maachen ech emol d'Lëscht op fir den Datum a Lokalitéit. Wann Der Loscht hutt, derbäi ze sinn, drot Iech och an, hoffentlech kënnt eppes eraus, wat jidderengem an de Krom passt.

Datum[Quelltext änneren]

  • tëscht dem 1. an 10. August, egal wéini. --Zinneke 15:14, 17 Juli 2007 (UTC)
  • tëscht dem 1. an 10. August, ausser dem 4. oder 5. --Pecalux 05:57, 19 Juli 2007 (UTC)

Wou[Quelltext änneren]

  • Egal, kenne mech net méi esou aus --Zinneke 15:14, 17 Juli 2007 (UTC)
Moien och. Mam Datum hunn ech kee Problem. D'lescht Joer ware mer an der Thillsmillen, tëscht Mamer a Koplescht. Mär huet dat ganz gutt gefal. D'Iesse war ganz gutt, frëndlecht Personal, kee Kristallslüster, e rouege Kader fir ze braddelen an "eppes um Teller". Parkplaze genuch. Et läit "zentral", no bei der Autobunn a matzen am Bësch, a jidderee kann et fannen. Wann een e Problem mam Transport hätt, da fanne mer sécher eng Léisung. --Cornischong 15:29, 17 Juli 2007 (UTC)

Ech wäert net komme kënnen, ech hänken hei nach ëmmer an der Donaumetropol an am Moment ginn d'Suen entzwuesch anescht wéi un d'Luxair :( Mee ech wëll alles gewuer ginn, mat Tounbandopnahmen :)) --βρισεισDisk 21:34, 17 Juli 2007 (UTC)

  • Salut a Merci fir d'Invitatioun

Op ech derbäi ka sinn, wees ech am Moment nach net. Sécher ass awer, datt et de 4. an de 5. August bei mär net geet. Mär hunn bei eis déi drëtt Gummistiwwelwäitworfmeeschterschaft. 8-) ----SITCK 22:34, 17 Juli 2007 (UTC)

  • Ech géif jo ganz gäre kommen, mee de Wee vun Oslo op Lëtzebuerg ass mer e bësse wäit. Ech hoffen datt et iergend eng aner Kéier klappt ... Wann et op d'Thillsmillen soll goen, dann ass et awer net fir ze zécke mam Lëtzebuerger Kascht knipsen! D'Wiki soll jo och eppes dovun hunn ;-) E schéinen Owend! --Kaffi 10:16, 18 Juli 2007 (UTC)
Moien
Mir ass am Prinzip all Datum an all Plaz gutt. Les Meloures 22:46, 18 Juli 2007 (UTC)
  • D'Thillsmillen ass OK. --Pecalux 06:01, 19 Juli 2007 (UTC)

Gebuertsdagsiessen an der Thillsmillen[Quelltext änneren]

Sou wäit wéi ech et verstinn, hu sech follgend Leit ugemellt:

  • Les Meloures
  • Pecalux
  • Zinneke
  • Cornischong

Da schloen ech emol de Freideg, den 3. August vir, an zwar um halwer aacht. Dat kéint jo och dem SITCK passen. Wat seet d'Vollek? --Cornischong 21:28, 19 Juli 2007 (UTC)

  • Salut. Ech soen Muar Bescheed, dat schéngt ze klappen. --SITCK 21:45, 19 Juli 2007 (UTC)
  • Moin. Ass agebongt. --Zinneke 08:06, 20 Juli 2007 (UTC)
  • Ech sinn och do. --Pecalux 09:42, 20 Juli 2007 (UTC)
  • Ech schléisse mech dem Trapp unn Les Meloures 11:42, 20 Juli 2007 (UTC)
An der Tëschenzäit krut ech confirméiert, datt de Restaurant deen Dag net a Congé ass. --Cornischong 13:36, 20 Juli 2007 (UTC)
  • Et huet geklappt, ech gi mat. --SITCK 14:30, 20 Juli 2007 (UTC)

ET ASS BESTALLT --Cornischong 14:36, 20 Juli 2007 (UTC)

Wann et net ze spéit ass wollt ech mech nach no-umëllen --Robby 07:01, 21 Juli 2007 (UTC)
Kee Problem. --Cornischong 18:07, 21 Juli 2007 (UTC)

Et sief drun erënnert, datt dëse Freideg um halwer aacht eist Gebuertsdagsiessen an der Thillsmillen ass. Um siwe sinn der och schonns do. Wann nach ee vergiess huet, sech unzemellen, da kann e sech nach mellen. Mer si jo net "esou" :-)) --Cornischong 10:30, 1 August 2007 (UTC)

Egal oder schäissegal?[Quelltext änneren]

Nodeems mer eis Euromënzen-Biller verschwonnegelooss kruten, sinn elo am Eurobilljeeën och d'Biller vun de Schäiner, déi e "Guttmënsch" heihi verlinkt hat Dank dem dänesche Commons-Admin "EPO" och d'Päif aus. Ass dee Spektakel eis just egal oder schäissegal? Ech wollt just froen, well et der ginn, déi monter weider Commons-Biller verlinken, vläicht an der Hoffnung, mer géife se behalen. Mär ass et net ganz geheier, vun Trëllerten an de Commons ofzehänken, déi jee no Bluttdrock mol nees e puer Biller läschen, an domat eis Artikelen schampléiert ginn. --Cornischong 16:50, 21 Juli 2007 (UTC)

Dëst Problem wier schonn e gutt Thema fir um "Aarbechtsiessen" op der Thillsmillen duerchzediskutéieren an evt. eng Decisioun ze huelen. --Pecalux 06:59, 22 Juli 2007 (UTC)
Wann dat esou weidergeet, da fänken ech och nees un, sämtlech Biller bei eis ze späicheren. Sou lues awer sécher geet ët mir och duer mat deem, wat déi do opféieren. --βρισεισDisk 12:23, 22 Juli 2007 (UTC)
"Wann dat ..." Mengs de, déi kriten an nächster Zäit de Kapp ausgepompelt? --Cornischong 13:33, 22 Juli 2007 (UTC)

Kategorien-Doublon[Quelltext änneren]

Salut,

Kuckt emol ass Kategorie:Gemengen an der Île de France keen Doublon vun Kategorie:Gemengen an der Île-de-France freet sech de Robby 21:53, 23 Juli 2007 (UTC)

Salut
Gouf gekuckt a geläscht Les Meloures 22:08, 23 Juli 2007 (UTC)

Kategoriegetriwwels, Geknéchels a Gefréckels[Quelltext änneren]

Kënnt et mär just esou vir, oder sinn 83,58 % vun der Aarbecht op der lb-Wikipedia Geknéchels a Gefréckels an de Kategorien? Ofgesinn dovun, datt dat komplett abstrus ass, kann ee sech d'Fro stellen: Ass et net méiglech, d'Kategorien direkt richteg an d'Artikelen ze setzen? Oder huet dat Ganzt sech zu engem Zäitverdreif entwéckelt fir all gudden Dag d'Kategorien nees opzemëschen. Ech gesinn, datt dat all Dag méi verréckt gëtt. Mengen ech dat nëmmen esou? Merci fir e puer Wierder, déi mech opkläre kéinten. --Cornischong 10:20, 28 Juli 2007 (UTC)

Salut,
Et ass menger Meenung no bei den Kategoriuen net anescht wéi bei den Artikelen, heiandsdo mierkt een richt no enger gewësser Zäit, datt do eppes vergiess gouf, ob dat elo Interwikilinken oder bei der Kategoriséierung d'Informatioun déi et erlaabt d'Artikelen dem abc no opzelëschten. A wann esou eppes gemierkt gëtt dann hu mir eben eng ganz Rei Editen déi sech mat Klengegkeeten befaassen, esou wéi mir dat och z. Bsp. schonn bei der Verbesserung vu verschiddenen Otrthographiefeeler haten (schon -> schonn). --Robby 10:53, 28 Juli 2007 (UTC)

Wéi de Robby scho seet, villes kënnt wéi de Preis seet am "Nachhinein". Ganz am Ufank, do gëtt eng eng Kategorie. Sou, do setze mer dann déi ganz zwee Artikelen dran, déi mer hunn. Opeemol gëtt d'Auswiel awer méi grouss, an da gëtt lues awer sécher differenzéiert. Dat stéiert mech awer net, och wann ët Gefréckels ass, soulaang herno alles do steet wou ët soll stoen. --βρισεισDisk 13:18, 7 August 2007 (UTC)

Lëtzebuergesch[Quelltext änneren]

Salut,

ech wollt Bescheed soen, falls et een interesséieren sollt, dass et ee recht flotte Site am Bezuch zu Lëtzebuergesch geet. Op de kéint ee vläit t'Auteuren opmierksam man. Da muss vläit net souvill korrigéiert gi....

Den site ass http://cortina.lippmann.lu/site/modules.php?name=Renderer&page=demonstrateur --Jeff pez 12:30, 30 Juli 2007 (UTC)

Artikel vun der Woch an esou...[Quelltext änneren]

Moien alleguer. Ech hun matkritt datt erëm iwwert d'Thema "Artikel vun der Woch" geschwoart gëtt a wollt dozou hei en Ustouss fir diskussiounen ginn, ganz nom Cornischong senger Meenung ("...géif ech op alle Fall léiwer gesinn, datt emol doriwwer diskutéiert gëtt, a méi Leit dat wëllen hunn..."). Wat haalen déi aner am Allgemengen dovunner?

  • Bon, also ech sin der Meenung, datt dat schon eng gudd Iddi ass. Mee well warscheinlech och e puer Leid mol hieren Artikel als "Artikel vun der Woch" wëlle gesinn, misst een dat gerechterweis ofstëmmen. Dat ass awer och erëm mat vill Opwand verbonnen, dofir wier meng Propose, dat 1 mol am Mount ze maachen, resp. all puer Wochen wann dat gudd leeft. Am Generellen sinn ech der Meenung datt e bessi méi Aktivitéit an déier Richtung op kengem Fall schuede kann, éischter suguer d'Motivatioun giff stäerken (ech hat virun enger Zäit jo eppes an der Richtung wéi en Talentwettbewerb abruecht, wou een sech mat Artikelen, Fotoen a Grafiken ka beweisen). Wann et och villäicht déi éischte Kéier net direkt eppes gëtt, sou huet een och näischt verluer, am beschte Fall souguer e puer super Artikelen weider, un deenen sech d'Leid besonneg Méih ginn hunn (an se net einfach nëmmen aus deenen aneren wikiën iwwersat hunn). --JimHawk 07:27, 1 August 2007 (UTC)
  • Hei meng Meenung.
A. Den "Artikel vun der Woch" gëtt et schonn zënter 2 Joer, mee, bis haut huet nach keen en Artikel proposéiert.
B. Well leider nëmmen e puer Auteuren trotzdeem relativ vill Artikelen hei schreiwen, stellen ech mer vir dass och an Zukunft kaum en Artikel als "Artikel vun der Woch" proposéiert gëtt. Et sief, den Auteur proposéiert säin eegenen Artikel selwer. Wann deen awer dann, wéinst watfir Ursachen och ëmmer, net gewielt gëtt, ass de Risiko grouss dass den Auteur déif beleidegt ass an d'Dir klaakt. Wat hu mer dann errécht? Mir mussen eis fir d'éischt emol eens gi wat mer wëllen: Entweder vill Artikelen oder gutt Artikelen. Ideal wier et natierlech, mir kriten der ganz vill a nëmme ganz gudder. Mee dat schéngt mer de Moment, faute de combattants, nach eng Illusioun ze sinn. Ech gleewe net drunn, dass duerch den "Artikel vun der Woch" d'Motivatioun méi grouss gëtt. --Pecalux 09:18, 1 August 2007 (UTC)
Ech ginn mol dovunner aus, datt jiddereen säin eegenen Artikel selwer proposéiert. Well et der am Ufank wuel souwisou net allzevill sinn a mier och keng rieseg Wiki sinn kann een do och mol roueg deen een oder aneren drukommen loossen. Lauter kleng Artikelen fir méiglechst vill Artikelen zesummenzekréien kann jo awer och net deen eenzegen Zweck sinn.--JimHawk 09:38, 1 August 2007 (UTC)

Läschen, datt d'Schwaart kraacht; oder: Léiere mer dann ni bäi?[Quelltext änneren]

"has been deleted by commons:User:Petrusbarbygere: There is no freedom of panorama in France" : mengt "Een aus de Commons" a läscht ë.a. eis e puer Biller vu Paräis. Wann ech am leschte foto Magazin (Heft 8/2007; Säit 122) en Artikel vun engem däitschen Affekot liesen, an deem hie schreift "Erlaubt:Panoramafreiheit für den Eiffelturm. Bauwerke, die wie der Eiffelturm dauerhaft an frei zugängleichen Orten stehe, dürfen von öffentleichem Grund aus fotografiert werden", da sinn ech nach ëmmer der Iwwerzeegung, mer sollte Biller, déi mer aus de Commons iwwerhuelen, selwer eroplueden an ofspäicheren, datt net e puer Kaalwer eis se einfach läschen, a mär nees eng Kéier so stinn ouni Billi. Fir dat ze bekäppen, dierft dach net esou komplizéiert sinn.--Cornischong 08:22, 1 August 2007 (UTC)

Mäin "Artikel vun der Woch"[Quelltext änneren]

Mäin "Artikel vun der Woch" ass den Ingmar Bergman. Meng Grënn: Et ass ee vun de wichtege Kënschtler iwwerhaapt; de Mann ass virun e puer Deeg gestuerwen; "eisen" Artikel ass scho virbereet a bitt sech dovir u fir "Artikel vun der Woch", dee mer zesumme kéinten opbauen. Wa jiddereen ee Kapitel dozou bäidréit, kréie mer deen éischt richtege Kollektivartikel an dobäi een, deen eppe sop d'Bascule bréngt! Material fënnt jiddereen an deene verschiddenen Wikien, um Spaweck oder a sengem Bicherschaf. An, net ze vergiessen, bei deem Projet (wat e Wuert!) kéint jiddereen dozou bäidroen, datt mer mol eppes opweises hunn, amplaz d'Talksäiten ze fëllen mat Wënsch, déi anerer sollen erfëllen. Eng Woch Zäit fir ee Kapitel ass jo fair. Wie géif dann elo watfir ee Kapitel am Ingmar Bergman schreiwen? Mellt Iech hei drënner un. --Cornischong 10:23, 1 August 2007 (UTC)

  • Ech schreiwen am Artikel Ingmar Bergman d'Kapitel: De Bergman a seng Famill:
  • Ech schreiwen am Artikel Ingmar Bergman d'Kapitel: De Bergman an den Theater:
  • Ech schreiwen am Artikel Ingmar Bergman d'Kapitel: De Bergman an de Film
  • Ech schreiwen am Artikel Ingmar Bergman d'Kapitel: De Bergman a seng Schauspiller
  • Ech schreiwen am Artikel Ingmar Bergman d'Kapitel: Filmographie
  • Ech schreiwen am Artikel Ingmar Bergman d'Kapitel: Filmdréibicher
  • Ech schreiwen am Artikel Ingmar Bergman d'Kapitel: Fir ze liesen


Les Meloures - Mäin Artikel vun der Woch[Quelltext änneren]

Mäi Projet ass een Artikel iwwer d'Gemeng Ferrières an de belschen Ardennen. De Projet betrëfft d'Gemeng an Artikelen déi dermat zesummen hänken, déi gläichzäiteg mat dem Artikel op d'Wiki gesat ginn, sou datt dat Ganzt eng ofgerënnte Saach soll sinn. Et wier flott waan een den Artikel iwwer de Film Folle embellie vun der Dominique Cabrera kéint maache well eng grouss Partie vun deem Film an deeër Gemeng gedréint gouf. Les Meloures 11:37, 1 August 2007 (UTC)

Lëtzebuergesch Wopen an d'Commons[Quelltext änneren]

Fir sech vun deem Getuddels kënnen e Bild ze maachen, kuckt hei ( http://commons.wikimedia.org/wiki/Commons:Deletion_requests/Luxembourg_COAs ) --Cornischong 08:09, 2 August 2007 (UTC)

As mat e besse glëck ee fier allemol geléist. Mee d'geet mier aawer esou loues ob de Geescht, ech wéilt den Bruno häett mer gesoot waat do lass wier, vlaicht wier et da guer nët zuer Lëschung komm.--Caranorn 19:10, 2 August 2007 (UTC)


Salut déi Läschmennien op de Commons, déi menge si hätten de Polfer erfonnt, hu vun Tuten a blose keng Ahnung. Een deen nach e Bild op commons setzt oder et bei séch läscht wann et op de commons steet deem ass och net ze hëllefen.
Wann e mengt e misst ee bild op commons setzen do soll e sech selwer eroplueden an d'Original stoe loossen.
Bei ons flitt den Template now on commons op jiddferfall ëmmer direkt eraus wann e gemierkt gëtt an ech späicheren d'Bild dann och fir sécher ze sinn nach eng Kéier op mengen PC als Copie.

Les Meloures 19:58, 2 August 2007 (UTC)

"As mat e besse glëck ee fier allemol geléist. Mee d'geet mier aawer esou loues ob de Geescht, ech wéilt den Bruno häett mer gesoot waat do lass wier, vlaicht wier et da guer nët zuer Lëschung komm.": Kann emol ee mär deen Text erklären? Merci. --Cornischong 20:01, 2 August 2007 (UTC)

Einfach erklärt, d'Biller sinn zereck an déi falsch Template gelescht. Domatt ass mindestens dee Problem gelëist. Waat nët heescht dass aaner Biller nët gelëscht gi kënnen, zumindest fier'd Wope misst et aawer elo sëcher sinn (och wëll e frankophonen Admin séch dei Minute geholl huet fier daat Gesetz duerchzeliesen an och soss woust waat ze maan waar).--Caranorn 21:13, 2 August 2007 (UTC)

Fir deem leedege Gedeesems emol en Enn ze maachen: Wa mer bei eis d'Biller eroplueden, da kréie mer keng vun deene Klautercher geläscht a mer brauche keng Säite mé voll ze jomeren, a mer kënnen déi Zäit Artikele schreiwen. --Cornischong 22:03, 2 August 2007 (UTC)

2 Kategorien vir (bal) datselwescht ?[Quelltext änneren]

Salut,

Kuckt iech weg emol dës 2 Kategorien unn:

ech sinn der Meenung datt dat 2mol dat selwescht ass. Wann net ka jo secher e mir den ënnerscheed erklären. --Robby 14:19, 2 August 2007 (UTC)

Dat eent betrëfft d'Literatur no Sproochen, dat anert literaresch Wierker no Länner. --βρισεισDisk 13:22, 7 August 2007 (UTC)