Xhoris

Vu Wikipedia
Xhoris
Land: Belsch
Regioun: Wallounien
Provënz: Léck
Gemeng: Ferrières
Awunner 1.450
Fläch: 1.251 ha
Geographesch
Koordinaten
:
50° 26’ 37’’ N
      05° 36’ 03’’ O

Xhoris, op Wallounesch Xhorisse, ass eng Uertschaft an der belscher Gemeng Ferrières an der Provënz Léck. Et ass déi nërdlechst Uertschaft an der Gemeng, a war bis zur belscher Gemengereform am Joer 1977 eng eegestänneg Gemeng.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Xhoris läit op enger Kopp déi un de rietsen Uwänner vun der Ourthe an de lénkse vun der Amblève stéisst.

Den nërdlechen Deel vum Duerf läit op de Kallekschichte vum Condroz a besteet haaptsächlech aus Wisen a Felder. De südlechen Deel bilt den éischte Contrefort vun den Ardennen a läit op Schiferbiedem. Dës Parti besteet aus Wisen a Bëscher.

Déi héchst Plaz vun der Uertschaft läit um Nordrand vum Bësch Bruyère de Xhoris op 350 Meter, an déi déifst ass um Niveau vun der Ourthe mat um Lieu-dit Rochers de la Vierge op 130 Meter.

Nopeschuertschaften[änneren | Quelltext änneren]

Comblain-la-Tour Oneux
Hoyemont
Awan
Comblain-Fairon Harzé
Filot
Hamoir
Ferrières Ernonheid

Den Numm vun der Uertschaft[änneren | Quelltext änneren]

Xhoris gëtt op Wallounesch Horiss ausgeschwat.

Am Laf vun der Zäit hat Xhoris verschidden Nimm:

  • Scuricitas: am Joer 902 an engem Akt an deem de Louis d'Kand en Tosch confirméiert.
  • Scuritias ou Scurritias: 932, Leifeegner vu Xhoris déi duerch de villicus Remy vertruede ginn, kréie fir sech an hir Nokommen e fräien Dag, wou se keng Corvée ze maache brauchen.
  • Scorices: 1126, erënnert den Abt Conon seng Sujete vu Scorices drun, datt se fir d'Abtei dräi Tranporter mat Kallek oder Steng misste maachen. De selwechten Numm kënnt op enger Lëscht vun enger Vollekszielung vun 1130 vir.
  • Scoriches: um Enn vum 13. Joerhonnert an an enger Charta vun 1336.
  • Horis: fir eng kuerz Zäit no 1310
  • Xhorice (Xhoris): vum Enn vum 14. Joerhonnert un.

Kierch a Kapellen[änneren | Quelltext änneren]

Chantoiren[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Xhoris – Biller, Videoen oder Audiodateien

Xhoris mon village