Wikipedia:De Staminee/Archiv2007/September

Vu Wikipedia

Preparation of Fundraiser 2007[Quelltext änneren]

Hi, this is just a first introduction message to tell you: there is more to come. I am dealing with the Project Management of the Fundraiser 2007 and therefore will search for contacts of wikimedians who can help us to do our tasks on all projects. I am actually also building the structure for the fundraiser on Meta. We will need people who help to design buttons, translate texts of buttons, documents, sitenotices etc. Should you feel you want to co-operate please let me know. You can reach me on my meta user page or by e-mail at scretella (at) wikimedia (dot) org. If you wish to notify us that you would like to co-operate on translations, it would be nice if you used e-mail and copied the e-mail to me and Aphaia (aphaia (at) gmail (dot) com). Thank you for your attention and I hope to meet you soon! Cheers :-) -- 4 September 2007 Sabine

Musekwëssenschaften an hir Clownen a Klonen[Quelltext änneren]

Ech gouf drop opmierksam gemaach, datt mer e bëssen iwwerlaascht si mat der Musekswëssenschaft: Musekwëssenschaft a Musekwëssenschaften. Et gi Saachen, déi een nodenklech maachen. `--Cornischong 19:35, 5 September 2007 (UTC)

Kollektivcongé oder Pandemie?[Quelltext änneren]

Mer waren nach ni zu vill oder zu genuch. Mee, wann ech elo ronderëm mech kucken, da kréien ech et mat der Angscht ze dinn. --Cornischong 13:09, 6 September 2007 (UTC)

Weder nach, éischter d'Géigendeel: D'Rentrée no dem Kollektivcongé. Näischt richteg Anxiogeenes, deemno; dat vergeet nees ;-) --Zinneke 15:29, 6 September 2007 (UTC)
"D'Rentrée no dem Kollektivcongé". Fir wéini war dat virgesinn? Haut hunn déi lescht Klasse (Première) sech am Schoulhaff opgestallt a sinn zu "zwee an zwee" an hir Säll gaangen. --Cornischong 12:02, 19 September 2007 (UTC)

Blo a Rout[Quelltext änneren]

Just eng kleng Bemierkung:

Wann e Wuert velinkt ass an et mécht een en Zousatz derzou wéi z.B Huewerkrëpp da kann een dat esou maachen Huewerkrëpp, oder esou Huewerkrëpp. Bei Wierder déi am Zousaz hanner der Klamer en Treema oder soss e Stichelchen dran hunn, hällt d'Faarf bei deem Buschtaf op wou de Strichelchen drop ass. Dat gesäit sech am Text net besonnesch flott unn. Les Meloures 14:09, 6 September 2007 (UTC)

E staarkt Stéck[Quelltext änneren]

An enger Zäit, wou et Wëssenschaftler wéi der Pr. Dr. Claudine Moulin afällt, sech emol ëm Phraseologismen am Lëtzebuergeschen ze këmmeren, well, "die reichen Luxemburger Phraseologismen sind noch nicht sprachwissenschaftlich unfassend und benutzerfreundlich gesammelt worden" an "Sprachbilder verraten viel über ein Land, seine Kultur, seine Geschichte und seine menschen", wéi d'Anne Uhrmacher sech an hirem Artikel am neie forum ausdréckt, solle mer hei den Ufank vun eiser klenger Sammlung vu Vernennwierder avortéieren. Zënter den Zinneke dat hei gefrot huet, huet just een un dësem "Artikel", deen nach laang net op den eegene Féiss steet, gekniwwelt. Wa mer all "embryonalen Artikel" hei wëllen op de Fouss huelen, da si mer der wéinegstens e puer Dausend lass.
An dann: "Und eine riesige Anzahl verschiedener Schreiber hinterläßt Dokumente im Netz. Allein die luxemburgische Fassung des Mitmach-Lexikons Wikipedia umfasst zur Zeit über 14.000 Artikel. Das alte Problem einer Lexikographie, die der aktuellen Sprache hinterherhinkt, lässt sich von dieser Quellenlage her ganz neu definieren." An hei wëllen der sech doru vergräifen. Soll ech mech wonneren? --Cornischong 10:17, 9 September 2007 (UTC)


Meiomei, do hunn ech mech mat menger Demande awer an en Harespelsnascht gesat; hei gëtt alt nees eng Kéier mat Kanounen op Spatze geschoss, mee och Äppel mat Bire verglach (3 Phraseologiën an engem Saz: Wee bitt méi? ;-). Meng Propos vu virun e puer Wochen, datt deen Artikel "Lëtzebuergesch Vernennwierder" ménger Meenung no, esou wéi e steet, geläscht sollt ginn, huet sech op engem einfache Prinzip baséiert: Op der Säit "Wat Wikipedia net ass" steet ënnert de Grondprinzipien, datt Wikipedia "eng Enzyklopedie [ass] a[n] [...] dofir verschidden aner Saachen net si [kann]." Als éischt Punkt, deen "an Artikelen oft falsch oder mëssverstane" gëtt, steet do:
"Wikipedia ass keen Dictionnaire. Et ass net d'Aufgab vun enger Enzyklopädie gängeg lëtzebuergesch Wierder ze erklären, sou wéi en Dictionnaire dat mécht. Friemwierder a besonnsch lëtzebuergesch Wierder kënnen natierlech esou behandelt ginn, wéi dat och a gedréckten Enzyklopedien üblech ass. E Wierderbuchprojet fir all lëtzebuergesch Wierder ass den Duechterprojet Wiktionary."
Bon, e Lëtzebuergesche "Wiktionnaire" (no pun intended) gëtt et keen, an de Lëtzebuerger Online Dictionnaire ass momentan eréischt beim Buschtaf C. Et kinnt een also iwwerleeën, deene Wierder ausnaamsweis hei "Asyl" ze bidden.
Dofir: Wéinst deem groussen (toutes proportions gardées) Intressi um Artikel a well ech och der Meenung sinn, datt déi Lëscht héchstnes als Ënnerkapitel, resp. Illustratioun vun engem Artikel, deen nach ze schreiwen ass, gebraucht ka ginn, proposéieren ech, déi Diskussioun elo ofzeschléissen, an den "Artikel" - en attendant - emol stoen ze loossen.
Fir op deen uewen zitéierte forum-Artikel zeréckzekommen: Bei aller Freed un der Mme Moulin hirem Interessi un der Wiki op Lëtzebuergesch: Ech mengen net, datt se do vill Phraseologië fënnt (ausser am Artikel Phraseologie, wann et deen eng Kéier gëtt, deen dann erkläert, wat eng Phraseologie ass; deen awer net geduecht ass, eng Sammlung vu Phraseologien ze sinn ... mee ech widerhuele mech). Phraseologië sinn nun eemol stilistesch net d'Sprooch vun enger Enzyklopedie, déi, per Definitioun, "neutral", "prezis", "sachlech", asw. soll sinn. Do misst se schonns an d'Diskussiounssäiten an an d'Stamminetsarchiver gruewe goen ;-). Mee, dat sieft als Ofschloss gesot, als Korpus vun der Sprooch vun haut (virun allem wéinst ville "Fachbegrëffer", déi gebraucht an erkläert ginn) wäert d'Wiki op Lëtzebuergesch, bei all Artikel, dee bäikënnt, méi intessant fir d'Linguiste ginn.
Dofir: genuch deeës Gepoterts; schreiwe mer léiwer Artikelen, vläit deemnächst jo suguer eng Kéier iwwer Vernennwierder, Tabuwierder, Flich a Blasphemie...
--Zinneke 12:52, 9 September 2007 (UTC)

Kinoen: déi eng, déi aner, déi ganz zaner an déi nach méi aner[Quelltext änneren]

Déi eng hu "Ciné" vir , wéi de Ciné Marivaux; anerer hu "Kino" hannedrun, wéi de Capitole (Kino); nach anerer hunn "Esch" hannendrun, wéi de Moderne (Esch); an déi nach méi anerer hu guer näischt, wéi Victory. An dat an enger "Enzyklopedie, déi, per Definitioun, "neutral", "prezis", "sachlech", asw. soll sinn." Potz nennö. --Cornischong 23:56, 9 September 2007 (UTC)

Léif IPen[Quelltext änneren]

En Artikel muss keng 20 Säiten hunn, mee wa weider näischt dra steet wéi een oder zwéi Linken op eppes, da ass e "fort". Wiem et zevill Aarbecht ass, e puer Sätz iwwer eppes ze schreiwen, mee dat aneren z'iwwerloossen, dee soll sech net wonneren. Merci fir äert Versteesdemech. --Cornischong 16:51, 15 September 2007 (UTC)

Vun den 193 onofhängege Länner (Staaten), déi vun der UNO unerkannt goufen, konnte sech der 105 nach keen Artikel an der lb-Wikipedia leeschten? --Cornischong 09:37, 19 September 2007 (UTC)

A bei deenen, vun deene mer een Artikel hunn steet net dran datt se Member sinn. Les Meloures 10:09, 19 September 2007 (UTC)
Wéi gesot: Aarme Sai. --Cornischong 10:22, 19 September 2007 (UTC)

Mëllechen[Quelltext änneren]

Bis elo hu mer "Mëllech" gebraucht fir "Koumëllech". Dat geet awer mat der Zäit, wa mer bei de Geessekéis kommen, net méi. Wéi solle mer eis do uleeën? Virschléi un d'Redaktioun. --Cornischong 09:00, 26 September 2007 (UTC)

No EU-Recht daarf nëmme Koumëllech als "Mëllech" (ouni Prefix) verkaf ginn. Bei Mëllech vun aneren Déieren, déi verkaf gëtt, muss dat präziséiert ginn: (Geessemëllech, Mieremëllech, asw). Ech schloe fir, vu "Koumëllech" e Redirekt op "Mëllech" ze maachen (ech kucke méi spéit emol, wat sech do schreiwe léisst), wou dëst erkläert gëtt (esou zB bei der de: an der fr: Wiki). An de "Kéis"-Artikelen ka roueg vu [[Kou]][[mëllech]], [[Geess]]e[[mëllech]] asw. riets sinn. --Zinneke 09:09, 26 September 2007 (UTC)