Marivaux (Kino)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Ciné Marivaux)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
RekMari1.JPG
D'Gebäi vum Kino am Joer 2005

De Marivaux war e Kino am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg, um Eck vun der Rue Dicks an der Rue St. Zithe, deen am Joer 1928 seng Dieren opgemaach huet an 2008 ofgerappt gouf.

D'Pläng fir de Bau vun engem Kino-Theater ware vum Architekt Jean Warken[1] a goufen den 21. Februar 1927 vum Louis Freising an d'Gemengeverwaltung eragereecht.[2] De 15. Mäerz 1928 huet de Marivaux, mat engem Sall vun engen 900 Plazen, seng Dieren opgemaach. Bei der feierlecher Erëffnung gouf de franséische Stommfilm Le joueur d'échecs vum Raymond Bernard gespillt.[3] De Kino hat e Parterre, deen opgedeelt war a Parquet, Première a Loge. Doriwwer waren en éischten an en zweete Balcon.

Um Kino goufen 1939 Ëmännerungsaarbechte vum Architekt Arthur Thill gemaach.[4] Am dobäi nei ageriichten Agangsberäich goufen d'Dieren aus gefaaltem Blech, d'Keesen an d'Austellungsvitrine vum Jean Prouvé realiséiert.[5] De Kinossall mat enge 750 Plazen gouf mat neie Sëtzer ausstafféiert. Mat engem Tounapparat vu Western Electric-Microphonic, engem Super-Simplex-Pojekter an enger Peerles-Liichtmaschinn gouf de Kino op en héijen techneschen Niveau bruecht. De 14. Oktober 1939 huet den "neie" Marivaux, no Aarbechten déi dräi Méint gedauert haten, seng Dieren erëm fir de Publik opgemaach. Um Programm stoung eng Galavirstellung zu Gonschte vum Lëtzebuerger Roude Kraiz am Kader vun där de Film Toute la ville danse vum Julien Duvivier gewise gouf. Den Dag virdrun haten de Besëtzer Louis Freising an den Direkter Isidore Thill schonn d'Vertrieder vun der Dagespress op eng Visite ageluden.[6]

Am Zweete Weltkrich huet déi däitsch Besatzung de Kino a "Lichtspieltheater Metropol" emgedeeft.

1953 koum et zu weideren Ëmbauaarbechten bei deenen d'Zuel vun de Plazen op ronn 500 reduzéiert gouf.[7]

De 17. Abrëll 1954 gouf do den éischte Film a Cinemascope zu Lëtzebuerg, "La Tunique", opgefouert.

Ënner dem Proprietär Louis Freising war déi lescht Virstellung den 31. Dezember 1992.

De Kino war dunn eng kuerz Zäit zou. Den 18. Januar 1993 huet d'Gesellschaft Utopia s.à r.l. de Sall erëm opgemaach. De Kino krut dunn 500 nei Fotellen, an et gouf eng nei Tounanlag installéiert.

Nodeem de Multiplex-Kino Utopolis um Kierchbierg am Dezember 1996 opgaange war, gouf den 31. Juli 1997 dee leschte Film am Marivaux projezéiert.

Domat hat de leschte Kino am Garer Quartier seng Dieren zougemaach.

Duerno ass d'Gebäi eng Zäit laang vun enger Sekt mat Haaptsëtz a Brasilien benotzt ginn.

Uganks Mäerz 2008 gouf d'Gebai mam Kino, bis op d'Mauer vum ronnen Eck, ofgerappt.

Et war virgesinn fir d'Mauer vum ronnen Eck an den Neibau anzebannen, mä am Laf vun de Bauaarbechten ass dee Rescht vum Kinosgebai zesummegefall a gouf net méi opgeriicht.

1987 war, ënner dem Kulturminister Robert Krieps d'Kinosgebai op den Inventaire supplémentaire vun der Lëscht vun de klasséierte Monumenter gesat ginn. Ënner der Kulturministesch Erna Hennicot-Schoepges gouf d'Gebai do erëm erofgeholl mat der Begrënnung datt d'Gebai vum "Cinéma Marivaux" net méi fir cinematographesch Projektioune géif gebraucht ginn an datt weder de Staat nach d'Stad Lëtzebuerg d'Méiglechkeet hätte fir et fir kulturell Zwecker z'erhalen. Dës Entscheedung gouf geholl obschonn d'Commission des sites et monuments nationaux sech fir d'Erhalung vum Sall ausgeschwat hat.[8]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 164
  2. Bange, Evamarie. Die Stadt Luxemburg und ihre Kinos. Von den Anfängen bis zum Bau des Kinotheaters Marivaux, in: Ons Stad Nr 87 vun 2008, S. 63 (Link op d'pdf-Dokument)
  3. Reuter, Martine. Ein historischer Rückblick. Die Kinos in der Hauptstadt in: Ons Stad Nr 87 vun 2008, Ss. 30-31 (Link op d'pdf-Dokument)
  4. Linster, Alain (Ed.): Jean Prouvé au Luxembourg, Nr 5, Fondation de l'architecture et de l'ingénerie, 1998, S. 6
  5. Linster, Alain (Ed.): Jean Prouvé au Luxembourg, Nr 5, Fondation de l'architecture et de l'ingénerie, 1998, S. 1
  6. Marivaux-Annonce a Rubrik Concert, Théâtre et Cinéma am Escher Tageblatt Nr 243 vum 14. Oktober 1939
  7. Reuter, Martine. Ein historischer Rückblick. Die Kinos in der Hauptstadt in: Ons Stad Nr 87 vun 2008, S. 31
  8. Wagener, Renée Modernisme. Le paradox Prouvé in: woxx Nr 919 vum 13. September 2007 (Link op den Artikel)