Wikipedia:De Staminee/Archiv2008/Mee

Vu Wikipedia

"This needs to be moved to Wikimedia Commons."[Quelltext änneren]

Dat schreift haut en "neie Mataarbechter". Kommen déi vun elo un all Woch d'Eeër ophiewen? --Cornischong 12:38, 2. Mee 2008 (UTC)[äntweren]


Et wäert wuel nach e Strapp dauere bis en d'Schabloun fonnt huet. Les Meloures 12:46, 2. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

de Bannenhaff[Quelltext änneren]

Schéin, datt den H.M. aus der "Klack fir eis Sprooch" mol hei erakuckt. Hie geet an engem Extra-Kapitel op de "Bannenhaff" an. Do steet ¨ë.a.: "En Haff, dee bannen(an) tëscht de Mauere läit war an ass nach ëmmer e ‘banneschten Haff’, keen ‘Innen- oder Binnenhof’ a kee ‘Bannenhaff’." Ech wäert mer dat zu Häerz huelen, well ech ee vun de "Schëllege" sinn. --Cornischong 07:19, 3. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Den Otets huet en Artikel ugefaangen, deen Gentechnesch verännerten Organismus heescht. Dat ass natierlech eng gutt Saach. Mee, do ass eng Eenzelheet, de Geen. Jo, jo dëslescht huet nach ee vun de Sproochmatesse mer erkläert, datt mer eis besonnesch schwéier di mat Wierder aus dem Däitschen, déi e laangen "e"-Laut hunn. Et ass ëm d'Seegel gaangen, bei deem, wa mer eis un d'Schreifweis halen, "Segel" misst geschriwwe ginn. Beim Verb ass dat alles anescht; dass misst "seegelen" geschriwwe ginn. An dat alles aus Rücksicht op eis Transmuselaner!! (dach, dach, am Eescht!) Den DLW zielt äis, et wier "Gen". Domatter fällt en awer iwwer d'Féiss vun der Schreifweis, well de Geen huet kloer e laaaaangen "e"-Laut. Kënne mer äis dorop eenegen, datt mer, genee wéi d'Seegel an d'Reegel, logescherweis och de "Geen" schreiwen? --Cornischong 07:56, 3. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Wat d'Grammaire de la Langue Luxembourgeoise dozou seet
Il sagit d'un e long et fermé, correspondant au é français et qui s'écrit dans les syllabes accentuées ou non, même s'il n'est suivi que d'une seule consonne:
Been, Breedewee, Eemer, Fräiheet, keen, Kleeschen, zwee
Remarque:
On ne double pas cet e dans des mots étrangers qui sont empruntés tels quels:
Alphabet, Demokratie, Dezember, eben, egal, Februar, Gen, Geographie, reell, Reegel, Ven, weder, wegen,wesentlech,Zeder.
Déi Grammaire ass och vu Sproochmatesse zesummestallt ginn, a knapps 3 Joer al.
D'Fro ass elo: Hale mer ons un Grammaire oder gi mer ganz nei Weeër?
Ech fäerten datt wa mer op der enger Säit de Leit déi hei matschaffen bei hire Schreiffeeler den DLW,DFL, KLEES, Groussen Dictionnaire, Grammaire a Verbebichi zitéieren, an op der aner Säit alles aanescht wëlle maachen, geschwë kee Mënsch méi eppes gleeft. Les Meloures 10:42, 3. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Da maache mär dat net alles aanescht. --Cornischong 19:54, 3. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Moien, ech sinn och schonn un deene vum Cornischong beschriwwene "Fäll" hänkebliwwen, a si mat him iwwereens, datt déi Ausnam-"Reegel" net ganz logesch ass, a villméi éischter eng "Ausnamreegel" misst sinn (oder besser: eebe keng). Mee well et se nun eemol gëtt, an et net un der Wikipedia ass, nei Orthographiere(e)gelen z'erfannen, mussen/sollte mer wuel oder iwwel mat deene Meedercher danzen, déi do sinn... --Zinneke 13:59, 5. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
D'Iddi hannert deer Ausnamereegel ass, datt bei Wierder deenen hiert Schrëftbild een aus enger anerer Sprooch gutt kennt, een net mat enger lëtzebuergescher Variant soll verkuebelt ginn. Op déi Befierchtung berechtegt ass oder net, doriwwer léisst sech streiden. Logesch ass eng Ausnam scho per Definitioun net. Mee et gëtt se an dofir musse mer se och respektéieren. Well soss kënnt moar ee mat anere "Verbesserungsvirschléi" an da si mer rëm do wou de Gros vun der Bevëlkerung ëmmer nach ass, nämlech jidderee gebraucht eng individuell Phantasieschreifweis, déi da keen ausser engem selwer flësseg liese kann. Dat geet einfach net, och wann deen een oder aneren trotzdem gär Bewegung bei deem Problem geséich (do sinn dräi weider Beispiller an deem Saz). Also hale mer eis léiwer un den DLW an eis Grammaire. --Otets 14:38, 5. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

"datt bei Wierder deenen hiert Schrëftbild een aus enger anerer Sprooch gutt kennt, een net mat enger lëtzebuergescher Variant soll verkuebelt ginn.": A wann et dat dann net wier?! Am Däitschen gëtt "das Segel" mat engem "e" geschriwwen a logescherweis d'Verb "segeln" och!! Dat idiotescht ass, datt et no e puer Hirnien bei äis de Substantiv "e Segel" ass, an d'Verb "seegelen"!!!!! An da mengt een, datt een net solle mat enger "mat enger lëtzebuergescher Variant soll verkuebelt ginn"!! Wa mer äis dat bidde loossen, dann hu mer et net besser verdéngt, mengt de --Cornischong 20:25, 5. Mee 2008 (UTC)[äntweren]


Moien,

Wéi wier et da wa mer den Ochs emol bei den Hare géifen upaken, an e féine Bréif un d'Ministere maachen déi zoustänneg sinn fir deen Dictionnaires- an aner Bicherschlamassel. Wann et näischt déngt, schuede kann et och net. Argumenter a Beispiller hu mer jo genuch. A schliislech ass d'Wikipedia a Lëtzebuerger Sprooch mat grousser Waarscheinlechkeet déi Plaz, op deeër pro Dag am meeschte Lëtzebuergesch geschriwwen a gelies gëtt, an déi als Enzyklopedie all Dag mat deene Problemer konfrontéiert gëtt.

Et kann dach net sinn datt eis Sproochmatessen deenen hir Nimm bei all deene Bicher affichéiert sinn, vu Buch zu Buch a vun Ausgab zu Ausgab hir Meenung änneren. Wa näischt ënnerholl gëtt, geet de Problem héchstwaarscheinlech bei deem neien Online-Dictionnaire weider.

Les Meloures 21:53, 5. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Quasi per E-Mail über Artikeländerungen auf dem Laufenden bleiben![Quelltext änneren]

Siehe dazu de:wikt:Wiktionary:E-Mail-Benachrichtigung! --- MfG, Melancholie 12:39, 5. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

"...lässt die Erweiterung bei allen anderen Wikis – wie auch dem unseren – auf sich warten, und funktioniert zudem auch nicht wirklich 100%-ig!" Et soll awer mat RSS eng besser Variant ginn, dofir ass dem Melancholie säin Info-Link trotzdem eng gutt Saach. --Otets 14:04, 5. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Déi Fonctioun gëtt et op der Beta Wiki schonn eng Zäit laang a fonctionnéiert och zouverléisseg. --Robby 22:52, 5. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

"...., die sich aber ganz einfach für scheinbare E-Mail-Benachrichtigungen nutzen lässt. ": No esou engem Saz halen ech op mat Liesen. Déi Soziologeprosa ass mer nach a schlechter Erënnerung aus den 68er Joren. Ech ginn de Verdacht net lass, wéi wann déi Texter vu Leit kommen, déi anerer Artikele schreiwe loossen, nom Motto: "Schreift där emol Artikelen, mär schécken dann Benoriichtigungen, awer nëmme schäinbarer." Këddel mech schäinbar, da laachen ech schäinbar. --Cornischong 23:21, 5. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Iwwer d'Fotoen op "eiser" Wiki[Quelltext änneren]

Hautdesdaags huet all 100 € Knippsdous op d'mannst 3 Millioune Pixelen an eng Schierbel drop, déi alt eenegermoossen eppes daacht. Mer si laang gutt gefuer mat de Fotoen, well mer gekuckt hunn, schaarf an uerdentlech beliichte Biller eropzelueden. Ofgesi vun de Biller aus de Commons, déi mer hei implantéiert kréien, sinn a leschter Zäit Biller hei ze fannen, déi, no menger Meenung, net mjidderengem zouzemudde sinn. Wa mer hei ufänken, Biller mat enger Opléisung vun (ee Beispill) 549 × 800 Pixelen eropzelueden, déi iwwerhaapt net schaarf sinn, da geet et mat eise Biller de Schäissbierg af! Mierkt keen dat, oder hunn ech en ze schaarfe Bléck? Ech wëll net mam Fanger op d'Leit weisen, mee et kann dach net sinn, datt mer einfach domat weiderfueren. --Cornischong 08:23, 6. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Wat d'Gréisst ugeet, esou ass bei engem 15" Ecran eng Opléisung vu 549 × 800 Pixelen guer net kleng, op d'mannst bei Noopnamen. Mee natierlech gëtt et Motiver, déi vun enger méi héijer Opléisung profitéiere kéinten. Eng kleng héiflech Notiz op der Diskussiounssäit vum Fotograf, op en net nach eng méi héich Opléisung dervun op sengem Computer leien hätt oder déi nächste Kéier d'Opléisung op senger Kamera méi héich stelle kéint, misst dee Problem awer léise kënnen.
Wat d'Schäerft ugeet, esou ass mer an der lescht just ee Bild opgefall, wat zwar sécher keng Katastroph ass, wat awer besser hätt kënne sinn. De Fransous géif do soen "une fois n'est pas encore coutume". Et kann ee sech emol verdongen a wann een dat eréischt doheem mierkt, dann huet een net onbedingt Zäit fir direkt nees op d'Plaz zu fueren an eng nei Foto ze man. Esou eppes sollt awer trotzdem beileiwe keng Gewunnecht ginn, do ginn ech der Recht.
--Otets 17:42, 6. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Gebaier sollen op enger Foto wa méiglech och net an eng Richtung hänken. ;-) --Otets 23:11, 6. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

D'Liwwerzäite fir d' PC-E ( http://www.kenrockwell.com/nikon/24mm-pc.htm ) sinn nees net auszehalen. --Cornischong 23:33, 6. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Wikipedia-Portal[Quelltext änneren]

"Wikipedia-Portal, nennt dat Dénge sech elo am lénkse Bord an der "Navigatiounskëscht". An dee Link féiert op Wikipedia:Communautéit amplaz op d' Wikipedia:Communautéitssäit. Firwat ass dat g'ännert ginn? --Cornischong 08:32, 8. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Heimat deelen ech mat dat ech weder weess firwat dat geännert gouf, nach ween dat geännert huet. Leider hunn ech och net erausfont wéi et geet fir an der "Navigatiounskëscht" Ännnerungen (Linken ännereren an aner Saachen) ze maachen.--Fliedermaus 09:32, 8. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
Merci fir deng Äntwert. --Cornischong 09:44, 8. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
Ass dës Fro net relevant genuch? Oder firwat fillt kee sech ugesprach?[Quelltext änneren]

Meng Äntwert:

  • 1)Dach d'Fro ass relevant genuch.
  • 2)Dach ech fille mech ugesprach.
  • 3)Ech weess net firwat dat geännert gouf.
  • 4)Firwat freets de net einfach direkt deen, deen et geännert huet. Da kënnen all déi aner Benotzer sech hei de Spaut spueren fir der eppes z'äntwerten. Les Meloures 10:02, 8. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
Da stellen ech meng Fro anescht: Wien huet dat g'ännert? --Cornischong 10:16, 8. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
Ech sinn amgaang derno ze sichen wien dat geännert huet?
Wann ech wéisst wéi dat zréckgeännert géif ginn hätt ech et schonns gemaach.
Ech mengen den Zinneke weess wéi dat geet.
Et ka sinn dat déi Ännerung duerch en Update vum System geschitt ass.
Wéi ech relativ frësch Admin war hat ech emol gefrot datt e vun deenen déi wësse wéi et geet, dat soll op eng Hëllefsäit setzen. Resultat bis elo = NULL
Les Meloures 11:10, 8. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
Ech weess just datt dat meescht sech bei "All Systemmessagen" verännere léisst. Schéngt effektiv un engem Update vum System gehaangen ze hunn, well ech gesinn do néierens am Historique eng Ännerung op "Wikipedia-Portal". Iergendwéi huet de Les Meloures et awer elo gefléckt kritt. --Otets 11:42, 8. Mee 2008 (UTC)[äntweren]


Landkaarten[Quelltext änneren]

Moien, A ville lëtzbuergesche Gemengenartikelen geeschteren zwou Landkaarten fir d'Laag vun der Gemeng ze weisen . Ass dat néideg? Les Meloures 08:00, 9. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Wa mer hei e Beispill (oder zwee) mat Link kritt hätten, kéinte mer äis dat besser virstellen. Merci am Viraus. --Cornischong 08:13, 9. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Bauschelt an Esch-Sauer sinn zwee Beispiller. --Alexandra 08:20, 9. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Ech hunn an dëse Fäll éi iwwerflësseg Kaarten erausgeholl, resp. ersat. --Zinneke 09:21, 9. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Quell vun der Quell vun der Äisch[Quelltext änneren]

Op der Diskussioun:Äisch-Säit huet eng opmierksam IP gemierkt, datt mer e klenge Probleem mat der Quell vun der Äisch hunn. Well déi Saach mat de Quellen net ganz "evident ass, wéi beispillsweis bei der Uelzecht, wier et net schlecht dat op de Leescht ze spanen. --Cornischong 09:27, 11. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Gudde Moien,
Mär perséinlech fällt op datt an dem Artikel iwwer d'Äisch, deen de 14. August 2006 ugefange gouf vum Tomateus, deen sou wäit wéi ech weess, bis elo nach kee BlaBla hei geschriwwen huet, bis haut den 11. Mee ni eng Bemierkung iwwer d'Quell vun der Äisch komm ass. Vläicht kann och een deen dem Tom seng Telefonsnummer huet hien emol froe wou en dat hier huet, en ass jo soss warscheinlech soubal net hei ze gesinn.
Haut huet um 10.19 de Cornischong an den Artikel Fengeg derbäi geschriwwen datt Quell vun der Äisch zu Féngeg wier, an als Quell gëtt en de "Recueil statistique des Communes" un. Ech hunn no deem gesicht, hunn awer dun de Recueil de statistiques par commune 2003 fonnt. Ech huelen un datt dee gemengt war. Et wier flott gewiescht wann de Cornischong esou wéi et schonns dacks vu anere Benotzer reklaméiert huet, de Link direkt derbäi gesat. Abbee hei ass en Recueil de statistiques par commune 2003.
Firwat informéiert hien ons och eréischt iwwer déi Websäit, nodeems eng IP eng Fro iwwer d'Quell vun der Äisch gestallt huet. Dobäi gëtt een op deem PDF z.B gewuer dat all Gemeng en Nationale Code huet, an en NUTS-Code, dee mer gutt esou wéi bei Gemengen aus anere Länner an onse Gemengenartikele kënne renseignéieren. Soss gëtt op deeër Säit nach eng Heelewull Informatiounen déi mer an onse Gemengenartikele verwäerte kënnen.
Komescherweis, wat awer och puren Zoufall ka sinn (perséinlech gleewen ech net un sou Zoufäll), entdeckt knapps eng hallef Stonn duerno eng IP, datt et do eng Differenz gëtt tëscht dem Artikel Äisch an dem Artikel Fengeg, wat Quell vun der Äisch betrëfft.
Et gëtt dann och eng Differenz am Artikel Gander vis à vis zum Recueil de statistiques par commune 2003 wou gesot gëtt datt d'Quell vun der Gander zu Hagen a Frankräich wier. Dobäi gëtt d'Altbach wéi se nach heescht awer schonns op den topographesche Kaarte vum Kadaster zu Helleng ernimmt, éier déi Baach vun Hagen dragelaf ass.
Am Artikel Blees hu mer da wa mer de Statistiker gleewen och ee Problem. Déi huet no der topographescher Kaart hir Quell an der Wuelesser-Déckt um Territoire vun der Gemeng Housen. De Statistiker no huet se hir Quell an der Houschterdéckt um Territoire vun der Gemeng Houschent.
Fir d'Mess gëtt d'topographesch Kaart d'Quell beim Schullerbësch zu Schuller un. D'Statistiker ginn Dippech un.
Fir d'Sauer ginn d'Statistiker Vaux-les-Rosières un. Dobäi heescht d'Uertschaft Vaux-lez-Rosières.
Am Artikel Péitruss hunn d'Statistiker deelweis Recht well si ginn Dippech als Quellegebitt un, wat wat och no der topographescher Kaart nëmme begrenzt stëmmt, well op deeër hunn déi zwou Baachen aus deenen d'Péitruss entsteet hir Quellen um Territoire vun Holzem an der Gemeng Mamer. Datt am Artikel d'Informatioun iwwer d'Enstoe vun der Péitruss net richteg ass wosst ech schonns méi laang, hunn awer leider vergiess gehat dat ze verbesseren. Et steet awer elo op menger Prioritéitslëscht.
Wat d'Keelbaach ugeet ginn ons Statistiker Nonkeel an der Gemeng Ëtteng un. De Sandre gëtt d'Gemeng Boulange un. An onsem Artikel steet Bassompierre eng Uertschaft an der Gemeng Boulange, wat deemno de franséischen Donnéeën entsprécht, an och op der topographescher Kaart nozevollzéien ass.
No 2 Stonnen Nosich stellen ech mer elo d'Fro weem mer solle gleewen: den Topographen déi hir Kaarten um Terrain a mat vill Detail zesummegestallt hunn, oder engem Statistiker de sech vum Bürostull aus, esou Saachen ouni ze kontrolléieren irgendwou afschreift oder Gott weess wéi aus dem Arem rëselt.
Les Meloures 18:33, 11. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Déi Schëlleg si bekannt[Quelltext änneren]

Séier witzeg. Déi Schëlleg sinn de Cornischong ("Firwat informéiert hien ons och eréischt iwwer déi Websäit, nodeems eng IP eng Fro iwwer d'Quell vun der Äisch gestallt huet") an d'Fotellsfuerzer vu Statistiker ( "Statistiker de sech vum Bürostull aus, esou Saachen ouni ze kontrolléieren irgendwou afschreift oder Gott weess wéi aus dem Arem rëselt.") Fazit: Alles Rëndsoueren, ausser een. Da "gleewe" mer natierlech "den Topographen déi hir Kaarten um Terrain a mat vill Detail zesummegestallt hunn". A mat vill Léift, natierlech. - Kënnercher, huelt är Wënschelrutten aus dem Nuetsdësch an ditt d'Stiwwelen un! --Cornischong 23:42, 11. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Das Volk der Sichter und Denker[Quelltext änneren]

En neie Wand bléist iwwer d'Musel erfort. De Wand vun de gesichteten Artikelen: "de:Wikipedia:Gesichtete Versionen". --Cornischong 15:27, 12. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Schéin, just datt "gesichtet" nëmmen ausseet, datt net iergendwou am Text "de Pitti ass domm" steet oder soss evidente Vandalismus bedriwwe gouf. "Geprüft" ass d'Zauberwuert no deem ee kucke muss, vläit nach a Verbindung mat "exzellenter Artikel". --Otets 14:29, 14. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

CommonsDelinker[Quelltext änneren]

Eise Kolleg de CommonsDelinker dreift sech scho méi laang mat vill Gedäisch an de rezenten Ännerungen erëm. Sollt een deem net fir seng trei Dingschter e Bot-Fändelche schenken? --Otets 14:29, 14. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Dat liicht an. Da stéiere mer deen net méi mat eisen Edite bei sengem Geplënners. ? --Cornischong 16:46, 14. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Dat ass jo alles léif a schéin, mä .....[Quelltext änneren]

Dat ass jo alles léif a schéin, mä ....: Wann een dat Wuert "Oder" an d'Sichkëscht agëtt, da lant deen op enger Homonymiesäit, op där e sech dat konnt eraussichen, wat hie vun der Auswiel wëllt. Elo lant e beim Floss (firwat eigentlech?? wann hei vun Oder d'Ried geet, dann ass zu 95 % d'Bluttoder gemengt) an da fënnt en uewen nees eng vun de famouse Schablounen, déi em net seet, wat et nach gëtt, mä datt et op enger anerer Plaz d'Méiglechkeet gëtt, sech eppes erauszesichen. Ofgesinn dovun, datt ech dat komplette Mumpitz fannen, erschreckt et mech, datt et elo nees lassgeet mat Honnerte vu Schablounereien, déi d'Artikelen nees opblosen. Ech erënnere mech nach ze gutt un déi idiotesch Skizz-Këschtelcher mat deene schéine Billien dran, déi deeglaang mat den Dausende (!!!) gezwafft goufen, ouni anerer ze froen anouni lénks a riets ze kucken. Fir näischt a widder näischt. Vun deenen, déi sech mat deem iwwerflëssge Kreemchen amuséiert hunn, ass zënter deem Gedeesems näischt méi ze gesinn. Nëmme fir ze soen. --Cornischong 20:55, 14. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Souwäit d'Historiquë vun de Säiten dat hierginn, ass ee mat "Oder" nach ni direkt op eng Homonymiesäit komm. Op een hätt sollen, dat ass eng aner Saach, d'Prozentzuele sinn awer op alle Fall falsch, well am Abrëll 2008 huet et vu 56 Visiteure vum Floss der just 8 weider bis bei d'Homonymiesäit gezunn, op aus Notwennegkeet well no Blutt gegamst ginn ass oder just aus Virwëtz ass mol nach net kloer. Och de Rescht vum Joer iwwer hu sech ganz däitlech méi Leit fir de Floss wéi fir soss eng Bedeitung vum Wuert "Oder" intresséiert. Domadder misst déi éischt Fro nom firwat beäntwert sinn.
Déi nei Schabloun AnerBedeitungenOpMooss kann ee sech op d'Mooss man, fir unzegi wat op der Homonymiesäit ze fannen ass, mee dat ergëtt kee Sënn wann et direkt e puer aner Bedeitunge gëtt déi ee jo net gutt all eenzel am Detail uewe beim Artikel opziele kann. Dat wier wierklech den Artikel opgeblosen, eng kleng Schabloun déi fir gewéinlech sechs Codezeilen aspueren hëlleft éischter net.
Op dat elo deem engen oder aneren iwwerflësseg erschéngt oder net, no enger hallwer Stonn Schablounschreiwen an enger hallwer Stonn alles an den Artikelen ersetze war alles aus an un. Ënner Ëmstänn gëtt awer elo méi driwwer geschriwwe wéi d'Schablounenoarbecht selwer un Zäit kascht huet. Mee nuje, et ass alt en Hobby wéi en aneren.
--Otets 21:24, 14. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Wann ech dat richteg gesinn, dann huet den Här Cornischong sech grad fräiwëlleg gemellt fier en Artikel iwwert d'Bluttzirkulatioun ze schreiwen? Ech haat him deemools erkläert fiewat ech déi Billien eng gudd Iddi fonnt hunn a krut nie eng Äntwert. Dofier hunn ech mech hei ugesprach gefillt. Nëmme fier ze soen. Harry-PC 21:30, 14. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
Also mir gefällt déi Aner-Bedeitung-Schabloun ganz gudd. --Alexandra 07:12, 15. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
Ob Opwand an Notzen bei de spezielle "Skizzen"-Schablounen a richteger Relatioun stoungen, ass eng aner Diskussioun (déi scho laang eng Kéier gefouert gouf), déi hei ass op jidferfall nëtzlech. --Zinneke 08:25, 15. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Domaine public oder net ?[Quelltext änneren]

Wann een an dëser Saach méi weess, wier ech frou fir eng Äntwert ze kréien. De Kofferstéch géif net schlecht am Weiser-Artikel maachen.--Fliedermaus 14:59, 22. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Moien,
Wann de Kofferstéch vum Weiser ass, a wann den Datum am Artikel stëmmt da wier de Mann schonns 240 Joer dout. Dann dierft den Domaine public kee Problem sinn. Les Meloures 15:59, 22. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Salut, Merci fir deng Äntwert. Ech gesinn de Problem mam Droit d'Auteur och net um Niveau vum Wierk vum J-G Weiser selwer, mee um Nivau vum Auteur, deen d'Photo (oder wat et ass) vum J-G Weiser sengem Stéch gemaach huet.--Fliedermaus 16:12, 22. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Wann déi Photo keng Originalitéit (z.B. Mise en scène, extra Bléckwénkel, etc.) opweises huet, dann ass se och net duerch Droits d'auteur geschützt. --Otets 16:26, 22. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Salut, Merci. Da misst dat jo mat der Lizenz Domaine public an dësem Fall an der Rei sinn.--Fliedermaus 16:30, 22. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Normalerweis jo. --Otets 17:31, 22. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Wéi wier et mat engem aneren Numm?[Quelltext änneren]

De "Benotzer:Anthony DiPierro", dee kee Wuert Lëtzebuergesch kann, an dee sech, wéi et schéngt, fir "Benotzer:Anthony DiPierro" entscheet hat, mengt elo, hie wéilt léiwer de "Benotzer:Antony" sinn. E Grond brauch en natierlech net unzeginn. Wat ech vun deene Saachen halen, dierft an der Tëschenzäit bekannt sinn. Lo wëll ech emol d'Meenung vum Wikivollek liesen. Nach emol ganz kuerz meng Astellung: Ech sinn der Meenung, datt et eng speziell Form vun Zoumuddung ass. Et dauche Leit hei op, déi kee Wuert Lëtzebuergesch wëssen, sech en Numm eraussichen, wat hiert gutt Recht ass; absolut näischt zu der Wiki bäidroen, an da mengen et wier un der Zäit, datt si hiren Numm geännert kriten. Fir sech mat engem aneren unzemellen, kënnt natierlech net a Fro. Ech spillen dobäi net gär den Trëllert vum Déngscht, fir et emol däitlech genuch auszedrécken. Fir wéi topeg ech dat Gespills halen, hat ech schonns engem Stewart erkläert, dee mat de Flilleke rabbele koum. Eng kloer an däitlech Äntwert vu jidderenegem wier "nawell net schlecht". --Cornischong 15:53, 26. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Wann dat elo een ass, deen am Kader vum Globale Benotzernumm hei deeselwechten Numm wëll hu wéi an all deenen anere Wikien och, da giff ech em säi Wëll doen, et ass jo just een all puer Wochen an dat dierft net méi wéi zing Sekonnen Zäit ewechhuelen. Obszön oder beleidegend Nimm géif ech op Uffro och änneren. Mee all di aner Fäll si Gespills bei deem een net onbedingt muss matman. --Otets 16:11, 26. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Gutt. Wann een "am Kader vum Globale Benotzernumm hei deeselwechten Numm wëll hu wéi an all deenen anere Wikien och" da gëtt e g'ännert. "Obszön oder beleidegend Nimm" wäerten "op Uffro " g'ännert ginn. "all di aner Fäll" si "Gespills" a bleiwen. Merci un den Otets fir seng Formuléierung. --Cornischong 12:49, 27. Mee 2008 (UTC)[äntweren]


Wann dat an den Attributioune vum Bürokrat ass, verstinn ech net wat aner Benotzer do solle mat décidéieren. Dat soll d'Direktioun um ieweschten Niveau mat deenen aneren Mediawiki- oder Betawikisleit oder wéi se soss heeschen ausschwätzen. Ass en änleche Problem bei Burokraten an den anere Wikie bekannt? Oder soll d'lb:Wiki en Alleingang maachen? Les Meloures 20:24, 26. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
Wann an däer Zäit wou hei doriwwer diskutéiert gëtt, déi Ufro mat e puer Klicken ugeholl gi wier, géif scho kee méi dervu schwätzen! --Robby 21:12, 26. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
Jo, einfach Numm äenneren a fäerdeg. Daat as jo kloer am Zesummenhang mat de meta wiki Nimm.--Caranorn 22:04, 26. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
Wann dat eng vun de Missiounen vun engem Bürokrat ass, da soll de Bürokrat déi och erfëllen, am Sënn vum Otets senger Meenung 4 Abschnitter méi héich. --Pecalux 06:37, 27. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
Ech sinn och dofir, datt einfach de Numm soll geännert ginn. Et ass weider net vill Aarbecht, op alle Fall manner, wéi hei erëm éiweg Diskussiounen driwwer ze féieren. Et gehéiert jo nun emol zum Bürokrat sénge Chargen. An et si wierklech net vill Ufroen..... --Alexandra 11:28, 27. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Betawiki update[Quelltext änneren]

Currently 93.58% of the MediaWiki messages and 67.90% of the messages of the extensions used by the Wikimedia Foundation projects have been localised. Please help us help your language by localising at Betawiki. This is the recent localisation activity for your language. Thanks, GerardM 10:16, 27. Mee 2008 (UTC) :)[äntweren]

Robby, ass dat dee Projet wou s du dech drëm bekëmmers? --Otets 11:06, 27. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Jo, ech hu bis elo déi meeschte Messagen do iwwersat, hunn awer sécher näischt dogéint wann do nach een eng hand mat upäkt. De Viirdeel vun dem Projet par raaport zu eiser Säit vun de Systemmessagen ass den datt wann de Message do iwwersat ass, dann ass de Message fir all Benotzer, déi lëtzebuergesch als Sprooch an hire Preferenzen agestallt hunn an alle Wikimedia-Projeten ze gesinn.Robby 20:30, 27. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
Dat heescht also och datt wann een eppes op der Betawiki iwwersetzt, dra brauch een et net nach eng zweete Kéier fir d'lb-wiki z'iwwersetzen?
Wéi kann een do matman? Umelle geet hei, mee wou ass d'Lëscht mat de Messagen, hei, hei oder wou?
--Otets 20:45, 27. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
Ech benotzen eigentlech nëmmen dës Säit fir Iwwersetzungen ze maachen an hu scho ronn 3800 Messagen iwwersat. Op deem Site kritt een och hei matgedeelt wat esou bäi de Systemmessagen ännert. An ech schloen esouguer vir, vir déi Systemmessagen bài dene mir eis eens sinn dann op eiser Wiki bei de Systemmessagen ze läschen welld a brauche mir nëmmen nach d'Messagen op Betawiki à jour ze halen. Wa mir eise Meessage behalen musse mir déi 2 Messagen den op der lb-wikipedia an den op der Beta à jour halen. --Robby 21:05, 27. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
Wat seet d'Kommunautéit zu deem Virschlag? Ech fir mäin Deel fannen e gutt. --Otets 21:18, 27. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
Ech soen dem Robby Merci fir séng Beméiungen bei den Iwwersetzungen. Ech giff dee Virschlag och gudd fannen. Et mëcht jo kee Sënn alles zweemol à jour ze halen, wann et och méi einfach geet. Wéi ech gesinn, ass dat scho mat enger Kéier e gudde Koup Aarbecht. --Alexandra 06:20, 29. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
Wëll de GerardM do Sue verdeelen (mer si jo bal iwwerall scho bäi) oder wéi? Beim Euro/Dollar Cours an den Transfertfraisen dierft zwar net méi vill reschtbleiwen, ech wëll der do sécher näischt ewechhuelen.
--Otets 20:45, 27. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
Souwäit ech dat verstan hu gëtt et nëmme fir Leit aus manner ëntwéckelten Länner Suen ze verdéngen an net fir eis Europäer Robby 21:05, 27. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
an ausserdeem hunn ech guer näisch dogéint wann do ee mir e bëssen Ënnerstëtzung gëtt an och emol e Message verbessert well déi déi bleiwen sinn dacks och guer net esou evident fir z'iwwersetzen -also avis aux amateurs Robby 21:08, 27. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
Do sinn effektiv net méi vill "lit" Iwwersetzungen iwwreg. Ech kucken dat emol, mee net méi haut um dës Zäit. --Otets 21:18, 27. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
An et bleiwen am Ganzen nach iwwer 1500 Messagen z'iwwersetzen Robby 11:38, 28. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Historesches[Quelltext änneren]

(vum Zineeke senger Diskussiounssäit heihinner geplënnert - wéinst allgemengem Intressi) == Wiki-Geschicht ==

Ech si grad op der Wikipediasäiten ënnerwee gewiescht an hunn do och e bëssen un den Ufänk vun der lb-wiki gekraazt. Esouwäit ech den Historique gesinn (d'Logbicher si leider net vun Ufank un aktiv gewiescht), huet déi éischt Wikiwoch en gros esou ausgesinn:

  • 09:59, 21. Jul. 2004 - D'Briséis mécht d'Dier vun der lb-wiki op
  • 15:40, 21. Jul. 2004 - De Pir betrëtt als zweeten d'Bühn
  • 21:12, 21. Jul. 2004 - De Webkid aus Bulgarien mellt sech fir zwou Interwikilinkännerungen un
  • 21:26, 21. Jul. 2004 - De Cornischong verbessert säin éischten Artikel
  • 10:51, 22. Jul. 2004 - De Maradong registréiert sech iergendwann virdrun
  • 08:52, 26. Jul. 2004 - D'Briséis gëtt iergendwa virdrun Admin
  • 19:17, 27. Jul. 2004 - De Cornischong gëtt vum Angela zum Admin gemat
  • 10:27, 28. Jul. 2004 - De Maradong gëtt vum Angela zum Admin gemat
  • 10:28, 28. Jul. 2004 - D'Briséis gëtt vum Angela zum Bürokrat gemat
  • 08:05, 29. Jul. 2004 - De Maradong gëtt iergendwa virdru vum Briséis zum Bürokrat gemat

A genee de Maradong ass den 30. August 2007 gestuerwen.

Ech weess elo net op een esou an d'Detailer soll goen, besonnesch wou villes just nëmme méi approximativ ze reconstitéieren ass, mee wéinstens steet et elo mol enzwousch an ass net verluer. --Otets 23:57, 27. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

D'lb-Wiki an de LAML[Quelltext änneren]

Haut de Mëtteg no zwou Auer wäerte sech Schüler vun 2e-Klassen aus dem Lycée Aline Mayrisch, déi an de Mediecoursen ageschriwwe sinn, mat hire Medieproffen intensiv a praktesch mat der lb-Wikipedia ausenanersetzen. D'Presenz vun engem aktive Wikipedianer ass virgesinn. --Cornischong 10:23, 28. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

E Merci am viraus un den aktive Wikipedianer fir seng pedagogesch Beméiungen. Hoffe mer, datt e puer vun deene Jonke Leit Gefalen un der Saach kréien! --Z.