Wikipedia:De Staminee/Archiv2010/Januar
Bibliographien
[Quelltext änneren]Mir ass opgefall, datt d'Bibliographie vun Artikel zu Artikel net uniform formuléiert sinn. Schlëmm ass dat u sech net. Besser awer wir et menger Meenung no wa mir eis op eng Formule kënnten eenegen.
Ech géng z.B. déi heite Form virschloen (och wann ech dat elo just virdrun, cf. hei, net esou gemaach hunn :-):
- Numm, Virnumm, Joer an Normalschrëft; Titel och an Normalschrëft; Numm vun der Zäitschrëft kursiv; alles nom Numm vun der Zäitschrëft an Normalschrëft.
- Also z.B.
- Beck, Simone, 2002. Die NS-Pläne für einen Theater-Neubau in Luxemburg: ein neues Theater für eine neue Zeit? ons stad 71: 34-36. Luxembourg.
Mat anere Virschléi kann ech liewen, wa mir eis drop eenegen. Et ass menger Meenung och net néideg all Artikelen esou schnell wéi méiglech z'änneren. Dat kënnt no an no geschéien, halt esou wéi engem User dat opfällt an sech Zäit derfir hëlt. An neien Artikelen sollt awer déi uniformiséiert 'Schreifweis' direkt esou agedroen respektiv 'verbessert' ginn.
Wat mengt Dir? --Cayambe 18:30, 6. Jan. 2010 (UTC)
- D'accord mat dem Cayambe. Besser wier et, wa mir et kloer definéieren géngen, nët nëmmen fir Artikelen, mä och fir Bicher. Mir kéinten eis do op d'Instruktiounen vun der SNL baséieren, cf. den Artikel 10 an den Instructions aux auteurs. Do ass et kloer definéiert wéi de Cayambe et virschléit fir d'Artikelen, an et ass en zousätzlecht Beispill fir e Buch do. An Italic soll da just nach d'Zäitschrëft sinn an laténgesch Nimm vun Aarten. (Den Titel am Italic ass mir baussent der lb-Wiki nët bekannt). Fir dat jiddereen versteet fir wat een dat esou mécht: nëmmen esou kann een eng Bibliographie sortéieren, nom Familljenumm vum Auteur, dann de Virnumm, dann d'Nimm vun deenen aneren Auteuren, a wann déi selwecht Auteuren méi Artikelen oder Bicher geschriwwen hunn, dann nom Joer, a wann méi Artikelen vum selwechten Auteur am selwechten Joer erauskoumen, da gëtt nach e Buchstaw dem abc no dem Joer dobäigesat. Hei dann e Beispill vun enger Bibliographie:
- Parent, G. H., 1965. La flore dans les environs de Tintange, la végétation et son évolution historique. Nat. Belges 46:203-255.
- Peltier, M., 1989. Etude comparative de quelques friches agricoles du point de vue floristique et faunistique. Mémoire non publié, Luxembourg.
- Petry, H., 1888. Relations des terrains avec les plantes qu’ils produisent. 123p. Mémoire non publié, Luxembourg.
- Piket, J. C., 1960. Le paysage ardennais dans les environs de Hosingen. Dissertation, Universität Utrecht (NL).
- Reichling, L., 1950a. Introduction à la phytosociologie. Lecture faite par Léopold Reichling à la scéance du 11 avril 1949. Bull. Soc. Nat. luxemb. 54(1949):219-241 (5pl.h.-t.).
- Reichling, L., 1950b. Présentation d’un relevé phytosociologique de l’association à Echinochloa Crus-galli et Setaria viridis. Compte rendu de la séance du 7 novembre 1949. Bull. Soc. Nat. luxemb. 54(1949):298-299.
- Schmitthüsen, J., 1940. Das Luxemburger Land - Landesnatur, Volkstum und bäuerliche Wirtschaft. Forschungen zur deutschen Landeskunde Band 34. Hirzel Verlag Leipzig.
- Schwickerath, M., 1944. Das Hohe Venn und seine Randgebiete. 278 S. G. Fischer, Jena.
- Vläischt wier et och sënnvoll eng Hëllefsäit dozou ze schreiwen? --Christian Ries 19:00, 6. Jan. 2010 (UTC)
- Ech si ganz domat averstanen, datt eis Bibliographien, Quellen a Literatur eenheetlech solle sinn oder ginn. Konkret proposéieren ech awer, datt mer eis un d'Regelen vun der de.wikipedia hale sollen: de:Wikipedia:Literatur Doriwwer eraus proposéieren ech, datt mer optional, a wa méiglech, och de Permalink vu bibnet.lu (dem Réseau vun de Lëtzebuerger Bibliothéiken) mat uginn. --Sultan Edijingo 20:45, 6. Jan. 2010 (UTC)
Moien, ech hunn all Versteesdemech fr dem Cayambe seng Fro/Propos no méi Eenheetlechkeet. Mee ech fäerten, et gëtt zevill ënnerschiddlech "Virbiller" an de (méi oder manner strikten) Norme vun deeene Sproochen, déi déi meescht vun eis liesen, oder vläicht vum Studium hier kennen, an et ass dofir illusoresch, eng eenzeg Zitéierweis duerchzesetzen. Well ech gesinn net, wee giff bal 30.000 Artikele eenzel duerchhuelen, fir ze kucken, op anzwousch eng Referenz stéing, déi ee misst ëmschreiwen... Dofir gëtt et nach zevill aner, méi wichteg Saachen ze maachen an ze schreiwen.
Am éischte giff ech, mam Sultan Edijingo, proposéieren, déi däitsch oder déi international Konventioun ze gebrauchen (wou de Virnumm ausgeschriwwen, den Titel vun der Publikatioun kursiv, en onselbstännegen Deel vun enger tëscht Gänseféisercher geschriwwe gëtt. Mee ech hu kee Probleem, wann een eng aner gebraucht, soulaang an engem an deem selwechten Artikel déi selwecht Aart a Weis gebraucht gëtt. A wann der méi sech hei sollten op eng festleeën, an déi op den Erklärungssäite festhalen (wéi z.B. [Wikipedia:Typographie|hei], giff ech s'och bei neien Artikele vu mär gebrauchen. Mee wéi gesot: Méi wichteg ass a mengen Aen, dass iwwerhaapt eng do steet. --Zinneke 21:31, 6. Jan. 2010 (UTC)
- Wann een den Numm an de Virnumm vum Auteur duerch e Komma trennt ass dat nach iwwersichtlech. Wéi géif een dat awer bei e puer Auteure maachen? Saache wéi "Beck, Simone, Margue, Michel, Michel, Pauly" misst e menger Meenung no évitéieren.
- Esou vill ech weess hat ech vu méi laanger Zäit (vun zwee/dräi Joer) op der lb-Wikipedia Instruktioune gelies wei een eng Bibliographie ugëtt, hunn dat awer duerno net méi erëmfonnt.--Fliedermaus 08:30, 7. Jan. 2010 (UTC)
- Mojen, Saache wéi "Beck, Simone, Margue, Michel, Michel, Pauly" gëtt et net, héichstens: Beck, Simone, Michel Margue & Michel Pauly, 1999. etc... wat jo awer einfach a kloer ass: den éischt Numm ass ëmgedréit (fir kënnen ze sortéieren), all déi aner normal). Ech mengen ouni e klore Modell entsteet en Duercherneen, wéi mir en elo hunn. Do gi Referenzen einfach an eng Lëscht eragesat ouni opzepassen wou si higehéieren. D'Zil ass jo awer, datt een déi Saachen efficace erëmfënnt. Vläischt kéint een eng Schabloun aféieren, esou wéi op der däitscher Wiki. Mä de Modell vun der däitscher Wiki ass keng Referenz, well eenzegaarteg a willkürlech opgestallt, dee System gëtt et soss néirens. --Christian Ries 10:32, 7. Jan. 2010 (UTC)
Moien, beim Projet Bibliolux schreiwen se dat ënnert der Form "Beck, Simone/ Margue, Michel/ Michel, Pauly". (D'Ofstänn tëschent den Zeechen sinn awer anescht). Wier dat net eng besser Léisung?
Et muss een awer bedenken datt ee bei all "Familljennumm, Virnumm" de Wikilink op "Virnumm Familljennumm" dobeisetze muss.--Fliedermaus 12:27, 7. Jan. 2010 (UTC)
- Ech froen mech ewer ob follgend Nr. 1 net méi einfach wier wéi Nr. 2:
- 1. [[Simone Beck|Beck, Simone]], [[Michel Margue]] & [[Michel Pauly]]
- 2. [[Simone Beck|Beck, Simone]]/ [[Michel Margue|Margue, Michel]]/ [[Michel Pauly|Michel, Pauly]]
- Ofgesinn dovun entsprécht déi 1. Léisung däer Form, ënnert däer a Bibliographien am meeschten op der Welt zitéiert gëtt. Nr.2 erschéngt mir éischter wéi en Datebank-Code. Mä geet et hei ëm e méiglechst einfache, logesch novollzéibare Modell deen den Usancen entsprécht, oder sicher mir partout e Wee dolaanscht deen just eng Nischeléisung ass, sief et an enger Wiki vun enger Sprooch oder eng lëtzebuergesch Datebank? --Christian Ries 13:51, 7. Jan. 2010 (UTC)
- Et ass gewosst, datt an all Zàitschrëften a Bicher d'Format anescht ass. Wichteg ass eleng, aus praktesche Grënn, datt et esou einfach ewéi méiglech ass an d'Ërëmfanne vun der zitéierter Aarbecht erlaabt.
- Mam Zinneke sinn ech d'accord
- datt a jee engem Artikel d'Biblio soll uniform sinn.
- datt et méi Wichteges hei ze maache gëtt ewéi dorëmmer Bibliographien no engem eenzege Schema z'uniformiséieren;
- Mee ech mengen awer dach, datt mir eis am Prinzip op en einfacht a praktescht Grondformat sollen eenegen. Mat Grondformat mengen ech
- a) wéi d'Auteuren opgezielt ginn;
- b) wou den Datum (d'Joer) stoe soll: no den Auteursnimm oder ganz hannen, an
- c) wat riicht respektiv kursiv geschriwwe soll ginn.
- Méi 'Virschrëfte' si menger Meenung no net néideg.
- Ech si kloer fir d'Propos 1 hei driwwer, well se déi einfachst ass, an et och esou ass wéi meeschtens a Bicher an Zäitschrëften zitéiert gëtt. --Cayambe 15:04, 7. Jan. 2010 (UTC)
Moien,
Ech wees elo net op dës Linken an der Dikussioun weiderhëllefen, mee schuede kann et näischt.
Et ass elo schonns vill iwwer Kommaen a queesch Strécher diskutéiert ginn, dofir hunn ech dann eng aner Fro: A waterenger Sprooch hale mer d'Bibliographieën: schreiwe mer In oder dans, oder An oder maache mer e - (Bindestréch) wéi verschiddener? Schreiwe mer den Numero aus oder maache mer e klengen n oder wann et eng franséisch ass den N° a fir eng däitsch den Nr. oder S fir Säit oder Seite oder P a p fir page, oder schreiwe mer et aus?
Kéinte mer net versichen eng valabel Schabloun auszeschaffen déi et jidderengem duerch d'Asetze vun Taggen méiglech mécht ëmmer genee déi selwecht Struktur ze behalen? Oder souguer vläicht e puer Schablounen, wéinst de verschiddene Sproochen?
Les Meloures 15:14, 7. Jan. 2010 (UTC)
- Et muss einfach a verständlech sinn, duerfir schéngt mer eng Schabloun sënnvoll. --Sultan Edijingo 16:12, 7. Jan. 2010 (UTC)
Ech hu probéiert, dat emol "auszedäitschen": http://lb.wikipedia.org/wiki/Wikipedia:Literatur, Virlag: de-Wiki. --Christian Ries 12:00, 9. Jan. 2010 (UTC)
Iwwersetzung vum CC-by-sa-Schabloun op Commons
[Quelltext änneren]Moien,
an der Iwwersetzung vun der CC-by-sa-Schabloun bei de Fichieren, déi vun de Commons agebonne ginn (Beispill: Fichier:Giewelsmillen.jpg), sinn e puer Knätzelen am Sazbau ("Dir kënnt: ze deelen", asw.), an der Orthographie (z.B. "Besetzer" amplaz "Besëtzer") an am Sënn ("Wann dir dëst Wierk ännert, [...] kënnt dir dat Wierk wat daraus entsteet ënner der selwechter oder enger änlecher Lizenz, wéi dëser, verdeelen." amplaz "... musst dir ".
Ech wollt et änneren, mee hunn net erausfonnt wéi a wou. Kinnt een (Robby?) bei Geleeënheet dono kucken? (An heihischreiwen, wou een dat ka maachen?) Merci! --Zinneke 09:45, 13. Jan. 2010 (UTC)
- Moien,
- Déi Texter sinn an de Systemmessagen op der Translate ze fannen.
- Fir d'Schreifeeler ze verbeeseren ass kee Problem. Fir de Rescht, muss ee sech de ganzen Text zesummesichen, fir en z'adaptéieren, dee steet nämlech net ëmmer zesummen an de Systemmessagen, oder an den Iwwersetzungen, sou datt aus dem Engleschen iwwersat, an enger éischter Phas, Hannevirsätz kënnen opdauchen, well ee bei de gedeelte Messagen de Sënn net direkt richteg matkritt.
- Ech kucken emol déi ze verbesseren déi ech direkt erëmfannen.
- Duerno musse mer op en Apdéit warde bis déi verbessert Versioun do ass.
- Gouf gemaach. Elo een oder zwéin Deeg waarden, bis de Sytem et iwwerholl huet. Les Meloures 10:37, 13. Jan. 2010 (UTC)
Nimm vu Fichieren
[Quelltext änneren]Gudde Moien,
Et wier flott wa beim eropluede vu Biller, dat bild den Numm kritt vun där Saach déi drop ze gesinn ass, oder den Numm vun der Uertschaft, zu Där et gehéiert, oder eventuell den Numm vum Artikel an deen et passt, well dee jo dacks identesch ass mam Sujet vum Bild.
Dat ass besonnesch wichteg bei Biller déi op Commons eropgeluet ginn, well déi kann een net op der lb: Wiki réckelen.
Et ass nähmlech net flott wa mer an de Kategorië, Biller stoen hunn, bei deen ënnendrënner xtzy oder BauschKie oder aner komesch Nimm stinn. Dorënner kann ee Mënsch dee sech Biller an enger Kat ukuckt net vill virstellen.
Merci am Viraus.
Les Meloures 19:01, 13. Jan. 2010 (UTC)
Zugriffszahlen nach Ländern
[Quelltext änneren]Hallo zusammen, auf Wikistats gibt es neue Statistiken zu Zugriffszahlen nach Ländern, z. B. auf welche Sprachen in den einzelnen Ländern zugegriffen wird.
Es gibt auch eine Statistik nach Sprachversionen. Für die Lëtzebuergesche Wikipedia sieht die Statistik folgendermaßen aus:
- Luxembourgish (lb) (0.006% share of global total)
Luxembourg 20.4%, United States 16.3%, China 10.0%, Germany 9.1%, Netherlands 4.7%, Canada 4.6%, Belgium 3.5%, Other 31.4%
LG, --Holder 14:39, 14. Jan. 2010 (UTC)
- Vielen Dank, Holder, interessante Zahlenspiele sind das, die jedoch perplex lassen: Wieso z.B. sind fast 40% der Besucher der kölschen Wikipedia Japaner, aber nur, hinter den USA, 13,4 % aus Deutschland? Wie kommt es, dass ein Viertel aller Leser der baskischen Wikipedia aus Polen sind, obwohl Polnisch (wie alle anderen europäischen Sprachen) keinerlei Verwandschaft mit dem Euskara aufzuweisen hat?
- An nëmmen all fënnefte Visiteur hei kënnt aus Lëtzebueg... --Zinneke 20:20, 14. Jan. 2010 (UTC)
"Joër"
[Quelltext änneren]Gudde Moien,
Mat dëser Iwwerschrëft ass Joer eng ronn 50 mol falsch geschriwwen op der Wiki. Et ass meeschten bei Literaturangaben. Kënnt dat duerch eng Original falsch Schreifweis, oder ass ee vun onse Schreifboboen.
Mer missten ons fir am Fall wou mer eng original falsch Schreifweis beibehalen , eng afale loossen fir dat op eng séier Aart a Weis ze dokumentéieren, fir datt jiddere weess wou en drun ass.
Et wier flott wann een eng Iddi dozou hätt.
Les Meloures 18:51, 27. Jan. 2010 (UTC)
- Moien;
- "Joer" gouf effektiv virun der Reform 1999 mat Treema geschriwwen; et ass deeno méi wéi plausibel, dass Literaturangaben oder Titele vu Publikatiounen vu virun deem Datum esou geschriwwe sinn.
- Fir elo déi allgemeng Fro dozou, wéi ee signaléiert, dass eppes an "Originalschreifweis" do steet an dofir net soll an déi haideg Schreifweis verschlëmmbessert ginn, ze beäntwerten, sou kéinnt ech mer virstellen, eng kleng Schabloun ze zwaffen, déi zB "Schabloun:Ortho" kinnt heeschen, an déi hannert e Wuert oder Saz an aler Schreifweis ze setze wier. Se kéinnt ausgesi wéi de Verweis op eng Foussnout ("Al Schreifweis" kleng an héichgesat, eng aner Schrëftaart, oer awer vläit e klengt Bild) wou ee, wann een drop klickt, en Text ze liese kritt wéi: "Dësen Text ass an enger Schreifweis, déi haut net méi gebräichlech ass. Well et en Zitat oder en Originaltitel ass, soll en awer am Text esou stoe bleiwen. Fir méi Informatiounen, kuckt Geschicht vun der Lëtzebuerger Schreifweis."
Homonymieverlinkungen
[Quelltext änneren]Gudde Moien,
Mer hunn e ganze Koup Linken déi op Homonymië lafen. Och wann dat u sech kee groussen Drama ass, wier dach besser wann de Wikipedia-Lieser direkt de richtege Link zervéiert krit, besonnesch bei Homonymië wéi Lëtzebuerg. Do däerf de Lieser sech ënner enger halwen Dose Méiglechkeeten, déi bescht eraussichen. Dës Homonymie ass iwwregens 389 mol verlinkt. Et wier flott wann een op esou eng stéisst, de richtegen direkte Link anzesetzen. Merci am Viraus. Les Meloures 23:45, 29. Jan. 2010 (UTC)
Moien,
Just eng kleng Randbemierkung:
Op verschiddene grousse Wikien gëtt rekommandéiert sou wéineg wéi méiglech Redirekten unzeleeën, an nom Réckelen déi aner wa méiglech ze läschen. Wann ech da gesinn datt hei déi onméglechtst Varianten ugeluecht ginn da gi mär Dronkenellen aus.
Mengt wieklech een op der Lëtzebuergescher Wiki géif een nom Ioannes Chrisystomus a.s.w Mozart sichen. Wann een an d'Sichkëscht Mozart agëtt fënnt een en direkt. Mer hunn een Artikel der däerft Iech e selwer eraussiche wann et Iech Spaass mécht do gi méi Redirecten drop wéi Wierder am Artikel stinn. Esou Tricke fannen ech perséinlech kommplett dernieft. Mä jiddereen ameséiert sech alt eso gutt wéi e kann oder wëll. Les Meloures 15:06, 31. Jan. 2010 (UTC)
- Ech kann dem Les Meloures nëmme Recht ginn. Hei nach e Beispill: Mir hu momentan 3 Viruleedungen op Frédéric Chopin, awer wann een einfach nëmme Chopin agëtt, da leeft et an de Sand. -- Pecalux 16:40, 31. Jan. 2010 (UTC)
Radio 100,7
[Quelltext änneren]Elo just an der Emissioun zum Biodiversitéitsjoer 2010 um Radio 100,7 gouf de Léopold Reichling vum Journalist presentéiert, an zwar mat dem wuertwiertlechen Text vum Wikipediaartikel zum L. Reichling.... ouni Nenne vun der Source. :-) --Cayambe 09:01, 14. Feb. 2010 (UTC)
- Op eiser Wiki gëtt et eng Säit wou schonn eng ganz Rëtsch Wiki-Biller opgezielt sinn déi, ouni Nenne vun der Source, an de Medie verbreet goufen. Dem Cayambe seng Bemierkung kinnt och do agedroe ginn. Leider fannen ech dës Sàit awer elo net erëm, soss hätt ech et direkt gemaach. -- Pecalux 07:39, 15. Feb. 2010 (UTC)
- Dat ass d'Säit vun der Presserevue.--Fliedermaus 08:18, 15. Feb. 2010 (UTC)
- Datt d'100,7-Mataarbechter alt gären emol op Artikele vun der lb:Wiki zeréckgräifen, ass a priori eng gutt Saach an éiert an éischter Linn d'Schreiwerte vun deenen Artikelen. Et weist, dass dat ganzt en Notzen huet, deen, iwwerdeems d'Wiki lues a lues wiisst, och lues a lues seng Unerkennung dorueter fënnt. Zil an Zweck ass et jo, datt dat, wat hei steet, och "verbreet" soll ginn. Datt ee bei geschwatene Textbäitreeg net bei all Saz d'Quell kann uginn, liicht mengen ech an, dofir ass do net vill derzou ze soen. Bei Biller oder ofgedréckten Texter (zB am Programmheftchen vum 100,7) kinnt een awer erwaarden, dass d'Quell iergendwous, a sief et a Mini-Schrëft, ugi wier. Et kascht jo just eng Drëps Tënt... An dann kann ee jo ëmmer nach dreemen, datt déi sëlleche Leit, déi bei deem Radio schaffen, a vu Steiersuen, d.h. der Allgemengheet, bezuelt ginn, och emol deen een oder aneren Text, deen se fir eng Emissioun geschriwwen hunn, der Allgemengheet (zur Erënnerung: D'Wikipedia ass eng net-kommerziell Stëftung a finanzéiert sech auschliisslech iwwer Donen) hei a Form vun engem Artikel zur Verfügung géife stellen. Ausser zweemol klicken (eng Kéier op "Änneren" an dann op "Ofspäicheren") wier keng zousätzlech Aarbecht fir si dermatt verbonnen. D'Formatéiere giff sécher vun anere Mataarbechter iwwerholl ginn.
- Deemno, léif 100,7-Journalisten, -Redakteuren a -Mataarbechter, falls Der dat hei liest: Wéi wier et, Iech un d'Sprachwuert z'erënneren: Verba volant, scripta manent, an Äre flotte Reportagen hei "en zweet Liewe" géift?
Verbesserungvirschlag
[Quelltext änneren]Op de:Wiki an fr:Wiki gëtt et neierdéngs eng zousätzlech Geschirkëscht um lénkse Rand. Ech stellen d'Fro op een dës Këscht net och op lb:Wiki kann oder soll asetzen? -- Pecalux 08:26, 21. Feb. 2010 (UTC)
- Ech hu schonn hei ugefrot fir dat ze kréien mee bis elo ass do nach näischt geschitt. Ech hunn nach net erausfonnt wou awéi dat bei Wikimedia ugefrot ka ginn. --Robby 08:38, 21. Feb. 2010 (UTC)