Wikipedia:Stilistik vum Lëtzebuergeschen
Op der Säit Wikipedia:Eis Schreifweis sinn déi offiziell Reegelen explizéiert, wéi ee Lëtzebuergesch richteg schreift. Wéi een awer richteg Lëtzebuergesch schreift, ass eng méi quokeleg Saach, well eis Sprooch semantesch a lexikalesch net norméiert ass. Et gëtt wuel Dictionnairen, déi dat méi oder manner komplett erëmginn, "wat d'Leit esou fir dëst an dat soen". Mee et gëtt keng Akademie, déi autoritativ festleeë géif, wat dat "eenzegt a richtegt" Wuert ass, fir eppes ze bezeechnen.
Dëst huet als Konsequenz, datt et regional, altersspezifesch, sozial oder individuell Ënnerscheeder gëtt, an dacks Dubletten oder Tripletten, déi méi oder manner "gläichwäerteg" sinn.
Well d'Wikipedia per Definitioun enzyklopedesche Standarden entsprieche soll, si mer hei e bësse méi streng, wat Eenheetlechkeet betrëfft. Dofir schreiwe mer hei Koinè a beméien eis, wou néideg, duerch Diskussioun déi richteg Lemmatiséierung erauszefannen. Lexikalesch a stilistesch soll se idealerweis wéi aus engem Goss sinn, an anere Wierder: Literaresch oder stilistesch Fräiheeten, déi an anere Publikatiounsforme gär gesi wieren, loosse mer hei bausse vir.
Wat fir eenzel Wierder zielt, zielt och fir de Stil. Een Handicap, dee vill Leit hunn, ass, datt et kaum Virbiller vun engem wëssenschaftleche Stil op Lëtzebuergesch doruechter ginn, ausser hei op der Wiki selwer. Dofir gëtt vun Artikelschreiwerten alt, bewosst oder onbewosst, wuertwiertlech, a meeschtens aus dem Däitschen iwwersat.
Fir och vum Stil hier de gesate Qualitéitscritèren z'entspriechen, stelle mer hei drënner eng Lëscht vu stilisteschen Tournuren, idiomateschen Ausdréck oder Sazbauformen op, déi dacks an den Texter erëmkommen, a proposéieren hannendrun, wéi een dat hei soll schreiwen.
Dës Lëscht kann a soll vu jidderengem, deem eppes opfält wat dragehéiert, mat ausgebaut ginn, a sou eng Hëllef sinn, fir mëttelfristeg en eenheetlechen, duerchgängeg enzyklopedesche Stil hei ze kréien.
Schreift net: ... | ... mä schreift: | Remarken |
---|---|---|
Se huet un der XY Universitéit studéiert. | Se huet op der XY Universitéit studéiert. | |
D'Gebai läit un der Strooss fir op Déngelskierchen | D'Gebai läit op der Strooss fir op D. oder D'Gebai läit laanscht d'Strooss fir op D. |
|
Zu D. gouf eng Strooss no him benannt. | Zu D. gouf eng Strooss no him genannt oder krut eng Strooss säin Numm. | |
en huet de Lycée besicht | an ass an de Lycée gaangen | Et besicht ee keng Schoul mä et geet een an d'Schoul. |
Hie gouf am Ministère ugestallt | Hie krut eng Plaz am Ministère | Dat Däitscht angestellt entsprécht nëmmen dem Lëtzebuergeschen ugestallt am Sënn vun engem soe wat en ze maachen huet |
D'Aarbechte goufen agestallt | Et gouf mat den Aarbechten opgehalen | Dat Däitscht eingestellt entsprécht nëmmen dem Lëtzebuergeschen agestallt am Sënn vun eppes regléieren. (D'Auer astellen, d'Ventiller vum Motor astellen a.s.w.) |
sëtzend a stoend | am Sëtzen an am Stoen oder stoes Fouss | |
gouf duerch den Dechen ageweit | gouf vum Dechen ageweit | Et gëtt näischt duerch Leit gemaach, mä vun de Leit |
wärend dem Transport duerch en | wärend dem Transport mat engem | Et gëtt näischt duerch eppes transportéiert, mä mat eppes oder vun engem |
gebuer am Frankräich | gebuer a Frankräich | den am ass eng Kontraktioun vun an dem. Et seet ee jo och net an dem Frankräich. Déi Länner wou den am gebraucht kann oder soll ginn, si rar. Beispiller dofir sinn am Peru, am Bangladesch. |
Opgewuess ass hien awer an Ontario | Opgewuess ass hien awer am Ontario | sou wéi och bei meeschten amerikanesche Bundesstaaten. (am Ohio, am Maine a.s.w.) |
a gouf mat der Zäit zu engem talentéierte Spiller. | a gouf mat der Zäit en talentéierte Spiller. | Et gëtt een eppes oder et gëtt een näischt, awer et gëtt en net zu eppes |
Ab enger Héicht | Vun enger Héicht un | |
Eng Schmugglergeschicht un der franséisch-spuenescher Grenz | Eng Schmugglergeschicht op der franséisch-spuenescher Grenz | |
Bekannt ass hien ... | Hien ass bekannt .... | Den däitsche Hannevir-Sazbau gëtt et net am Lëtzebuergeschen. |
D'Akkumulatore ginn zu der Stroumversuergung während de Fluchphase genotzt | D'Akkumulatore gi fir d'Stroumversuergung während de Fluchphase benotzt (oder gebraucht) | Am Lëtzebuergesche gëtt näischt zu eppes genotzt mä fir eppes benotzt. D'Verb genotzen gëtt et net am Lëtzebuergeschen. |
Hien huet Theorien zu de Stärebeweegungen ....asw. | Hien huet Theorien iwwer Stärebeweegungen ..... asw | |
och ka fir offiziell Matcher genotzt ginn. | och ka fir offiziell Matcher benotzt ginn. | D'Verb genotzen gëtt et net am Lëtzebuergeschen. |
detachéiert un de Service | detachéiert an de Service, oder detachéiert bei de Service |
|
E Schachgebot erhält e „+“ oder | E Schachgebot kritt | Dat däitscht Verb erhalten ass dat lëtzebuergescht kréien |
eenzelnen | eenzelen | eenzelnen ass eng falsch Deklinatioun (300-mol verbessert), et géif jo och kengem afalen duebelnen ze soen |
De STATEC ass opgedeelt a 6 Divisiounen. | De STATEC ass a 6 Divisiounen opgedeelt | Et seet ee jo och net: Hien ass gaangen op d'Gare, mä: hien ass op d'Gare gaangen. |
goufe Reparaturaarbechten duerchgeféiert | gouf gefléckt | d'Lëtzebuerger schwätzen net sou komplizéiert wéi dat an der De:Wiki virgetrotert gëtt. |
an dauert nach un | ass nach am Gaang | dauert nach un ass miserabel iwwersat Däitsch |
ass aarm un | huet nëmmen e bësselchen huet wéineg huet bal keen huet net genuch |
et gëtt vill Méiglechkeete fir der transmuselanescher Iwwersetzung aus de Féiss ze goen |
Si ass bestuet mam Jemp Hien ass bestuet mam Germaine Hopp |
Si ass mam Jemp bestuet Hien ass mat der Germaine Hopp bestuet |
Mir soe jo och net: Hien ass gefuer mam Bus, mä Hien ass mam Bus gefuer. |
Ass Deel vun | Ass en Deel vun gehéiert zu |
Ass Deel vun ass falsch well am Lëtzebuergeschen all Substantiv nom Artikel freet. |
den Dominik Thein aus Holzem, | den Dominik Thein vun Holzem, | Et kënnt een aus der Stad, aus engem Land, vun engem Duerf, vun Esch, vu Lëtzebuerg, aus Däitschland, vun enger Insel... |
am éischte Joer wou en a Betrib war | am éischte Joer wéi en a Betrib | wou ass e Frowuert fir eng Plaz, wéi ass nieft dem Frowuert fir en Zoustand och eng Konjunktioun fir dat däitscht als z'iwwersetzen. |
an an der Stad Lëtzebuerg hire Sëtz huet | an hire Sëtz an der Stad Lëtzebuerg huet. | Mer soe joe och net: an am Bus sech gesat huet. |
an esou zu Residente ginn | an esou Residente ginn | et gëtt een net zu eppes mä et gëtt een eppes |
d'kierchlech Hochzäit | d'Hochzäit an der Kierch | Zu Lëtzebuerg ginn d'Leit net kierchlech bestuet mä an der Kierch. |
dee Schoulmeeschter gi wollt | dee Schoulmeeschter wollt ginn | et seet ee jo och net hie gi wollt. |
och alt heiansdo | och heiansdo och alt |
alt seet dat selwecht aus wéi heiansdo wann een déi zwee zesumme gebraucht mécht een e Pleonassem |
Seng Wierker goufen zu Lëtzebuerg, mä och am Ausland gewisen. | Seng Wierker goufen zu Lëtzebuerg an och am Ausland gewisen. Seng Wierker goufen net nëmmen zu Lëtzebuerg, mä och am Ausland gewisen. |
De mä kann nëmme just gebraucht ginn wa virdrun am éischten Deel vum Saz eng Negatioun steet oder wann de mä soll eng Kontradiktioun zum Deel virdrun ausdrécken. |
De Républicain lorrain hat virdru laang Joren eng Lokaleditioun fir Lëtzebuerg erausginn | De Républicain lorrain hat virdru jorelaang eng Lokaleditioun fir Lëtzebuerg erausginn, oder De Républicain lorrain hat virdru en ettlech Joer eng Lokaleditioun fir Lëtzebuerg erausginn | Déi Jore waren net méi laang wéi anerer och. Laang Joren grad wéi Laang Deeg an aner Laang Zäitbegrëffer ginn nëmme gebraucht fir auszedrécken datt et engem perséinlech laang virkomm ass. |
ass hien op eng Villzuel vun aneren Objete gestouss. | ass hien op vill aner Objete gestouss. | eng Villzuel a Saachen déi deem gläichen, si miserabel Iwwersetzunge vu scho ganz schlechtem Däitsch. |
déi verbleiwend Reserv | de Rescht vun der Reserv wat vun der Reserv Rescht war |
mer solle wa méiglech keng sou Adjektivéierungen aus dem Däitschen iwwerhuelen |
Hien ass am Dezember verstuerwen. | Hien ass am Dezember gestuerwen. | verstuerwen ass en Adjektiv a kann deemno net als Adverb oder als Participform vum Verb stierwen gebraucht ginn. |
Si goufen haaptsächlech doduerch bekannt datt | Si goufen haaptsächlech bekannt well | |
wäert fir zu private Wunnzwecker genotzt ginn | wäert als privat Wunneng benotzt ginn | einfach Sprooch d'Verb genotzen gëtt et net am Lëtzebuergeschen |
De revolutionäre Kommitee gouf zu enger provisorescher Regierung | Aus dem revolutionäre Kommitee gouf eng provisoresch Regierung | Einfach Sprooch |
Si hunn den Terrain un de Jemp verkaaft | Si hunn dem Jemp den Terrain verkaaft | Et verkeeft een näischt un een, et verkeeft een engem eppes |
De Réidener Maart huet ëmmer donneschdes stattfonnt. | De Réidener Maart war ëmmer donneschdes. De Réidener Maart gouf ëmmer donneschdes gehalen (ofgehalen). |
Lëtzebuergesch op der Wikipedia
E klenge Guide fir Lëtzebuergesch ze schreiwen |
Geschicht vun: ... der Lëtzebuerger Sprooch |
...der Lëtzebuerger Schreifweis |
... der Sproochwëssenschaft zu Lëtzebuerg
Lëscht vun de lëtzebuergesche Riedensaarten |
Spellchecker |
Stilistik vum Lëtzebuergeschen |
Wéi heescht dat...? |
Lëtzebuergesch Dictionnairen