Wikipedia Diskussioun:Artikelen, déi et op all Wikipedia sollt ginn

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Majo da gudden Appetit do bleiwt jo nach ze dinn :-)) Les Meloures 08:34, 4 September 2006 (UTC)

Ahjo, dat do si jo wierklech, wéi vun hinnen ugesinn, déi ganz Elementarsaachen... an der Tëschenzäit musse mer och nach Skizzen zu Artikele maachen asw. Hmm den Dag brauch méi Stonnen a mir méi Leit :-) --βρισεισDisk 10:25, 4 September 2006 (UTC)

Tjo, wann 1,3 Milliarde Mënschen mat Renminbi bezuelen, an hei gëtt et dat net, tréischte mer eis um Artikel vum Moler vum Dat Leschten Owesiessen. --Cornischong 10:25, 6 September 2006 (UTC)

Wann ech dat richteg matkritt hunn, da si Leit wéi ABBA a Buddy Holly ausgemerzt ginn. Firwat? --Cornischong 20:11, 24 Dezember 2006 (UTC)

Jo, an och esouguer The Rolling Stones a Pink Floyd huet et erwëscht, mee och och ech hunn de Grond dofir op dëser Diskussiounssäit nët esou richteg konnte novollzéien. --Robby 00:20, 25 Dezember 2006 (UTC)
"Pink Floyd huet et erwëscht". Da wonneren ech mech, datt ech se an "eiser" Lëscht fannen. --Cornischong 01:44, 25 Dezember 2006 (UTC)
No deem ech hat gesinn hunn, hunn echnach eng gréisser mise à jour gemaach an elo ass "Pink Floyd" och bei eis nët méi op dàer Lëscht. Robby 02:00, 25 Dezember 2006 (UTC)

Dat heescht, do "diskutéieren" eng Dosen anglophonistesch Leit iwwer "Artikel", déi et op all Wikipedia sollt ginn, a schonns ännere mär "eis" Lëscht!? Wann dat esou ass, da musse mär eis eng eege Lëscht maachen, déi da vun all Wiki iwwerholl gëtt, oder sou. Iwwregens geet an eiser Iwwerschrëft vun engem Artikel Rieds!! Wann et der méi wieren, da stéing jo do Artikelen. --Cornischong 00:49, 25 Dezember 2006 (UTC)

Ech stousse mech net un de Pink Floyd, mee dorun, datt mär dat sollte friessen, wat eng Dose Leit, no enger Net-Diskussioun eis wëlle verkafen. Wat hu mär mat deenen ze dinn? Mee, als Riichtschnouer ass et ze gebrauchen; vläicht "kommen" an deenen nächste Joren déi Artikelen, déi do ernimmt ginn. --Cornischong 02:07, 25 Dezember 2006 (UTC)

Sou wäit wéi ech weess ass Ebene kee lëtzebuergescht Wuert entweder Plang oder Fläch oder huet een en Dico an deem Ebene renséignéiert ass. Den DFL seet Plang wat soen déi aner.???? Les Meloures 17:37, 1 Januar 2007 (UTC)

Den DLW seet "Niveau". --Pecalux 17:39, 1 Januar 2007 (UTC)

Niveau ass richteg an dem Sënn vu Niveau (op derselwichter Héicht), déi däitscht Wuert Ebene ass sou wäit wéi ech lëtzebuergesch schwätzen eng Glecht oder Gläicht (Schreifweis net onbedingt richteg). Hei geet et ëm de geometreschen Ausdrock Ebene (plan op franséisch). Meng Professeren an der Geometrie hunn ni vun enger schifer Ebene oder schifen Niveau geschwat. Dat war fir déi e schife Plang. Les Meloures 17:50, 1 Januar 2007 (UTC)
An deem Artkel hunn ech dat elo op schife Plang geännert (dat war mir doduerch gaang).--Robby 00:09, 4 Januar 2007 (UTC)


Mer hunn Eng Kéier Krich a Militär an nach eng Kéier Militär eleng kann en dat net zesummeklaken. Les Meloures 18:13, 1 Januar 2007 (UTC)

Dach, mee et ass nët esou einfach fir dat ganzt korrekt a koherent aus der meta ze iwwerdroen --83.222.33.5 18:33, 1 Januar 2007 (UTC)

Kommunikatioun[Quelltext änneren]

Wann ech dat alles matkritt hunn, dann hate mer hei e Block "Kommunikatioun" mat der "Eisebunn" als Skurrilitéit. Lo hu mer d'Kommunikatioun (wann ech richtg gesinn) iwwerhaapt net méi. Déi hunn dat als "9.7 Media and communication ". Bei den Auteuren hu mär der méi wéi "si", mee den Joyce feelt. Bei den "Actors and entertainers" fannen ech den Humphrey Bogart bei hinnen, bei eis net. Wa mer onbedéngt wëllen déi selwecht Lëscht hunn, da sëtze mer an engem aneren Zuch. --Cornischong 18:47, 1 Januar 2007 (UTC)

Ech hun eis Lëscht mat däer op meta a nët mat däer op der englescher wiki synchroniséiert, esou wéi dat och uewen am Artikel steet. --Robby 20:50, 1 Januar 2007 (UTC)

Mat Mesopptamien stëmmt eppes net Les Meloures 23:51, 3 Januar 2007 (UTC)

Mat der Haapstad stëmmt och eppes net Les Meloures 23:56, 3 Januar 2007 (UTC)


Ass Antartika a Südpol net bal dat selwecht ech wier alt scho frou wa mer een Artikel iwwer ee vun den Zwillingen hätten. Les Meloures 23:58, 3 Januar 2007 (UTC)

Antartika ass e Kontinent an de Südpol ass eng Plaz (wéi Buergplaz zu Huldang). --Robby 17:49, 6 Januar 2007 (UTC)

Am Fall wou déi Zwillings Geschicht awer wichteg wier misst een dann net och een Zwilling fir de Nordpol hunn. Les Meloures 00:01, 4 Januar 2007 (UTC)

Bei Animatioun wann ech gelifft Klamer nokucken Les Meloures 00:05, 4 Januar 2007 (UTC)
Mat det Kledung stëmmt och eppes net Les Meloures 00:09, 4 Januar 2007 (UTC)
E bësse Gedold bis de chantier fäerdeg ass --Robby 08:25, 4 Januar 2007 (UTC)

Friichten / Fruucht[Quelltext änneren]

Am Artikel gëtt "Friichten" opgelëscht. Ass dat dat selwecht wéi Fruucht? --Bdx (Diskussioun) 11:18, 12. Jul. 2013 (UTC)[äntweren]

Nee --Les Meloures (Diskussioun) 11:28, 12. Jul. 2013 (UTC)[äntweren]

New real time list of missing articles[Quelltext änneren]

I suggest that you give a look to the Mix'n'match tool by Magnus Manske, and that you recommend it from this page. Thanks to Wikidata, it's able to tell you in real time what articles you're missing out of several reliable lists of relevant persons. --Nemo 17:06, 10. Okt. 2014 (UTC)[äntweren]