Wolfgang Osterheld

Vu Wikipedia
Wolfgang Osterheld
Gebuer 20. November 1948
Aktivitéit Fotograf

De Wolfgang Osterheld, gebuer den 20. November 1948 zu Wiesbaden, ass en däitsche Fotograf, Auteur, Iwwersetzer an Terminolog, deen zanter 1978 zu Lëtzebuerg lieft. Hien ass virun allem wéinst senge schwaarz-wäisse Portraitsfotoe bekannt.

Hien ass och den Auteur vun enger ganzer Rëtsch vu Publikatiounen an Zeitungen an Zäitschrëften, an och vu Bicher.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Am Alter vun 12 Joer ass de Wolfgang Osterheld an d'Géigend vu Paräis komm, wou hie spéider Droit a Psychologie studéiert huet.[1]

1978 huet hie sech zu Lëtzebuerg installéiert, wou hie sech an der schwaarz-wäiss Portraitsfotografie spezialiséiert huet, virun allem vu Kënschtler, déi hie meeschtens an hirer Wunneng fotograféiert.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Travestino, Emmanuelle, 1995. In: Portraits. Regards sur la création au Luxembourg. Éditions Phi, 260 S. (Presentatioun vum Fotograf W. Osterheld op der bannenzeger Säit vum Buchcover).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. E. Travestino 1995.