XZ Tauri

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Duebelstär XZ Tauri
Foto vun enger Moleküllewollek déi d'Stäre XZ Tauri (lénks ënner der Mëtt, roudelzeg) an HL Tauri (riets iwwert der Mëtt, bloelzeg) ëmgëtt, opgeholl mam Hubble-Weltraumteleskop.
Numm XZ Tauri
Stärebild: Taurus (Tau)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 04h 31m 40,07s
Deklinatioun + 18° 13' 57,2"
visuell Magnitude ? mag
Spektralklass: GV:e
verännerleche Stärtyp T Tauri
Astrometrie
Radialvitess: 109 ± 20 km/s
Distanz 450 Lj
Absolut Hellegkeet ? mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass: ?
Uewerflächentemperatur ?
Aner Bezeechnungen
2MASS J04314007+1813571

Den XZ Tauri (ofgekierzt XZ Tau) ass en Duebel- oder Dräifachstäresystem am Stärebild Taurus, dat an der Taurus-Moleküllewollek läit an ongeféier 450 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech ass. De System gëtt vun zwéi variabelen T-Tauri-Stäre gebilt, déi ëm e kollektive Schwéierpunkt op enger Distanz vu 6 Milliarde Kilometer (ongeféier d'Distanz vun eiser Sonn bis zum Pluto) lafen.

Ënnersich aus dem Joer 2009 deiten drop hin, datt de Stär nach en noe Begleetstär huet, sou datt et sech am Ganzen ëm en Dräifachstäresystem handelt.

Animatioun vum Superflare aus dem Joer 2000, opgeholl mam Hubble-Weltraumteleskop

De Stäresystem huet eng Blos mat ronn 10.000 Kelvin gliddegem Gas gebilt, wou de Rand zirka 96 Milliarde Kilometer vun de Stären ewech läit a sech mat enger Vitess vun 150 km/s weider ausdeent. Déi Parameteren, déi typesch fir T-Tauri-Stäre sinn, loossen op en Alter vun der Blos vun 30 Joer schléissen. Eng Bildsequenz vum Hubble-Weltraumteleskop iwwer en etlech Joer ewech weist eng Vergréisserung mat enger zweeter Blos a verdäitlecht, datt weider Ausbréch sporadesch optrieden.

Den Herbig-Haro-Objet HH152 ass duerch den XZ Tauri ausgeléist ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie