Yannick Schumacher
Yannick Schumacher | |
---|---|
Gebuer |
1987 Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Grafiker, Podcaster, Influencer, Blogger |
Partei | LSAP |
De Yannick Schumacher, gebuer 1987 zu Diddeleng,[1],[2] och bekannt als Yaya van Chique oder einfach Yaya, ass e lëtzebuergeschen Influencer a Podcaster.[3]
Hie schafft haaptberufflech als Grafiker am Beräich vun der Press.[4],[5]
Hie gouf duerch säi Blog Yaya van Chique bekannt a war beim kuerzliewege Projet RTL You aktiv.[6] Hien huet bei anere Sendunge wéi Popstars a Wanns de eppes kanns! matgemaach[1] an hëlt zënter 2019 mat enger Frëndin, dem Jill Lallemang, de Podcast Paus. op.[2]
Zënterhier ass hien och reegelméisseg a Reportagen op RTL Télé Lëtzebuerg ze gesinn.[1] 2024 huet hie mam Mike Winter de Podcast Plottwist lancéiert, an deem si iwwer Filmer schwätzen.[7]
De Yannick Schuhmacher ass oder war op enger Rei soziale Medien aktiv. Op Instagram huet hien iwwer 6,000 Followers,[8] op TikTok iwwer 5.800.
Bei de Gemengewalen 2023 war hien e Kandidat op der Lëscht vun der LSAP.[9]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Blog: yayavanchique.wordpress.com
- Profil op Instagram, TikTok Facebook, a YouTube
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 rtl.lu: De Promi-Spot- Episod 6: Mam Yannick "Yaya" Schumacher (1. September 2022)
- ↑ 2,0 2,1 tageblatt.lu: Zeit für eine „Paus.“: Der Podcast von Yaya und Jill erobert Spotify vum Laura Tomassini (27. September 2019)
- ↑ adada.lu: L’influenceur Yaya relève les Bold Challenges d’Orange Luxembourg avec Mikado (13. Juni 2020)
- ↑ today.rtl.lu: What's it like being queer in Luxembourg in 2023? vum Vidosava Kuzmic (3. Juli 2023)
- ↑ paperjam.lu: S’aimer tel que l’on est vum Céline Coubray (2. Januar 2022)
- ↑ joel.lu: RTL you und die Blogger/Vlogger Community(20. Juni 2017)
- ↑ tageblatt.lu: Podcast-TippPodcast von Mike Winter und Yannick Schumacher: Der etwas andere „Plottwist“ vum Isabel Spigarelli (7. August 2024)
- ↑ forum.lu: Mädchenfarbe Rosa, Forum Nr. 422 (November 2021)
- ↑ rtl.lu: Lëscht fir d'Gemengewale 2023 steet fest (2. Juni 2023)