Yves Cruchten
Ausgesinn
Yves Cruchten | |
---|---|
Gebuer |
1. Mee 1975 Péiteng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | LSAP |
Famill | |
Papp | Alphonse Cruchten |
Den Yves Cruchten, gebuer den 1. Mee 1975 zu Péiteng, ass e lëtzebuergesche Politiker (LSAP).
Vun 2000-2005 war hie Generalsekretär vun de JSL (Jeunesses Socialistes Luxembourgeoises). Vun 2004 bis 2010 war hie Vizepresident vun der LSAP. Vun 2010 bis 2019 war hie Generalsekretär vun där Partei.
Zanter Oktober 2005 ass hien am Gemengerot vun der Gemeng Käerjeng.
Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 gouf hien zum Deputéierten am nationale Parlament gewielt. Bei deene vum 14. Oktober 2018 ass hien de 6. Dezember fir de Jean Asselborn, dee Minister gouf, 'nogeréckelt'.[1]
Den Yves Cruchten ass de Fils vum Alphonse Cruchten.