Zitadell Bitche

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Zitadell vu Bitche 1903.

D'Zitadell vu Bitche läit an der Stad Bitche an der franséischer Gemeng Bitche am Departement Moselle. Si läit op engem Hiwwel an ass ëmgi vun de Quartiere vun der Stad.

Baugeschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad Bitche krut hiren Numm vun engem Schlass vum Frédéric I. vu Loutrengen (910/915978), wat am Bësch vu Lemberg louch. Et ass warscheinlech, datt zu derselwechter Zäit e Pavillon op deem Hiwwel gebaut gouf, wou haut d'Zitadell ass.

Am 13. Joerhonnert gouf op dësem Site eng Buerg gebaut, déi zur Residenz vum Eberhard II., Grof vun Deux-Ponts a Seigneur vu Bitche gouf. D'Buerg gouf schonn um Ufank vum 15. Joerhonnert wärend dem Bauerekrich erëm deelweis zerstéiert. 1634 gouf de leschte Proprietär vu Bitche, de Charles IV. vu Loutrengen, vum Kardinol Richelieu enteegent. D'Buerg gouf belagert an huet sech missen no 10 Deeg erginn.

Bau an Entwécklung vun der Zitadell[änneren | Quelltext änneren]

Zitadell vu Bitche.

1680, wéi de franséische Kinnek Louis XIV Bitche anhëlt, ass d'Buerg zum groussen Deel zerstéiert. De Louis XIV huet sech wéinst de strategeschen Avantagë vum Site iwwerzeege gelooss, dëse befestegen ze loossen. 1679 gouf de Festungsingenieur Sébastien Le Prestre de Vauban domat beoptraagt, den Hiwwel ze befestegen. No 14 Joer Bauzäit (16831697) an 2.500.000 Livres d'Or Baukäschten, eng enorm Zomm fir déi Zäit, gouf d'Zitadell direkt erëm geschleeft – duerch den Traité vu Ryswick tëscht Fransousen a Spuenier 1697 war Bitche erëm un de Leopold I. vu Loutrengen gefall.

D'Zitadell gouf an de Joren 1697 – 1698 ofgedroen, d'Aarbechten huet ee flammännescht Regiment erleedegt, wat extra zu deem Zweck op Bitche geschéckt gi war.

De Fridden tëscht Fransousen a Spuenier war awer nëmme vu kuerzer Dauer, a scho 1701 ass de Spuenesche Successiounskrich ausgebrach. Franséisch Truppen hu Bitche op en Neits besat an hunn d'Zitadell erëm nom Vauban senge Pläng opgebaut.

1735 a 1736 huet de François Stéphane, Häerzog vu Loutrengen seng Besëtztemer vu Bar a Loutrengen misse renoncéieren. Loutrengen ass doropshin un den exiléierte polnesche Kinnek Stanislas Leszczyński gefall, deem seng Duechter de franséische Kinnek Louis XV bestuet hat. 1738 huet hie sech engagéiert, mat der Autorisatioun vum Kinnek, d'Zitadell vu Bitche weider opzebauen a se sou zu engem Deel vum System vun de befestegte franséische Grenzstied ze maachen. De Stanislas Leszczyński ass 1740 gestuerwen. Hie gouf vum Grof vu Bombelles ersat, dee vu 1741 un d'Plaz moderniséiere gelooss huet.

Eng éischt Kéier gouf d'Zitadell 1744 ugegraff, wéi Sëldner an éisträicheschen Déngschter op d'Zitadell marschéiert sinn. Dësen Ugrëff konnt awer ofgewiert ginn.

Bis 1765 goufe weider Aarbechten ausgefouert, wat och d'Plack indiquéiert, déi de Louis XV zum Enn vun den Aarbechten do an der Entrée poséiere gelooss huet. De Festungsingenieur Louis de Cormontaigne huet d'Kasären, wéi och d'Offizéieschgebai fir d'Pionéier an d'Gebai fir de Gouverneur renovéiere gelooss. D'Magasénger fir Polver an d'Artillerie, de Corps de garde an d'Verdeedegung vum Glacis goufe verstäerkt. Tëscht 1755 a 1760 goufen déi zwou avancéiert Bastioune gebaut, 1765 gouf dunn d'Esplanade um Fouss vum Glacis ugeluecht. Den Tracé vum Vauban gouf bei dësen Aarbechte respektéiert an duerch weider Wierker verstäerkt.

D'Zitadell am 19. an 20. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht 1846 an 1852 gouf um Fouss vun der Zitadell eng befestegt Mauer gebaut.

Am Franséisch-Preisesche Krich vun 1870 bis 1871 gouf d'Zitadell deelweis zerstéiert wéi bayresch Truppe si belagert a Stad an Zitadell bombardéiert hunn. D'Garnisoun, ënner dem Kommandant Teyssier, huet sech 6 Méint (230 Deeg) gehalen, ier se de 27. Mäerz 1871 mat militäreschen Éiere kapituléiert huet. Obwuel de Waffestëllstand tëscht dem Däitsche Räich a Frankräich schonn den 18. Januar ënnerschriwwe gi war, huet d'Garnisoun sech weider verdeedegt, vu datt si keng offiziell Uerder kritt hat fir sech zréckzezéien. Beim Réckzuch gouf villes zerstéiert.

Déi däitsch Garnisoun huet sech direkt un den Erëmopbau vun der Zitadell gemaach. D'befestegt Mauere ronderëm den Hiwwel goufen zerstéiert an zwou nei Kasäre goufe gebaut. Tëscht 1877 an 1900 gouf d'Zitadell moderniséiert.

Am Éischte Weltkrich koum et net zu Gefechter zu Bitche oder an der Géigend. Beim däitsche Réckzuch 1918 krut d'Stad, als Unerkennung fir hiert Leed wärend der Belagerung 1870/1871, d'Légion d'honneur vum franséische President Raymond Poincaré.

Am Wanter 1944 koum et zu Bitche zu Gefechter tëscht amerikaneschen an däitschen Truppen. Fir Schutz virum amerikanesche Bombardement ze sichen, si vill Bierger an d'ënnerierdesch Galerië vun der Zitadell geflücht. Duerch dëse Bombardement goufen d'Gebaier an der Zitadell schwéier beschiedegt. Wéinst der Zerstéierung vun de Kasäre gouf nom Zweete Weltkrich net méi envisagéiert, d'Zitadell fir militäresch Zwecker ze benotzen.

1949 krut d'Zitadell d'Croix de guerre. 1979 goufen d'Zitadell an d'ënnerierdesch Galerien op d'Lëscht vun de franséischen historesche Monumenter gesat.

D'Zitadell haut[änneren | Quelltext änneren]

D'Kapell ass dat lescht Gebai aus der Zäit vum Vauban dat nach besteet – déi aner Gebaier goufen entweder duerch Bombardementer zerstéiert oder wärend Ëmbauaarbechten ofgerappt. Déi al Garnisounsbäckerei an den Arsenal bestinn och nach.

Op de béiden Extremitéite vun der Zitadell stinn zwou Bastiounen, Grosse tête a Petite tête. Am ganzen Areal ass den ënnerierdesche Reseau vu Galerien, déi de Vauban ugeluecht hat, nach ze gesinn.

D'Zitadell huet 2 Muséeën, een an der Kapell an een an der aler Garnisounsbäckerei. An den ënnerierdesche Galerien ass en audiovisuelle Parcours iwwer d'Geschicht vun der Festung ënnerbruecht.

2006 an 2007 krut d'Zitadell nei Klacken an e Klackespill fir d'Kapell.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]