Albert II. vun der Belsch

Vu Wikipedia
Albert II. vun der Belsch
Titelen
Kinnek vun der Belsch
Zäit 1993 bis 2013
Virgänger Baudouin vun der Belsch
Nofollger Philippe vun der Belsch
Biographie
Gebuer 6. Juni 1934
Laeken
Bestuet mat Paola Ruffo di Calabria
Papp Leopold III. vun der Belsch
Mamm Astrid vu Schweden
Geschwëster Baudouin vun der Belsch, Joséphine-Charlotte vun der Belsch
Kanner Philippe vun der Belsch, Astrid de Belgique, Laurent de Belgique, Delphine de Saxe-Cobourg


Den Albert II., gebuer de 6. Juni 1934 um Schlass Stuyvenberg, war dee 6. Kinnek vun de Belsch. Hien ass den 9. August 1993 sengem Brudder Baudouin, dee stënterlech gestuerwe war, op den Troun gefollegt. Den 21. Juli 2013 ass hien zu Gonschte vu sengem Jong Philippe zeréckgetrueden, wat hie schonn den 3. Juli ugekënnegt hat.

Den Albert ass deen 2. Fils vum Kinnek Leopold III. an der Kinnigin Astrid, eng gebuere Prinzessin vu Schweden. Säin Titel bei der Gebuert war Prënz vu Léck a säi kompletten Dafnumm ass Albert Félix Humbert Théodore Christian Eugène Marie.

Den Albert hat keng liicht Kandheet. Seng Mamm ass 1935 bei engem Autosaccident ëm d'Liewe komm. Den Zweete Weltkrich huet en a Frankräich, Spuenien, an zu engem groussen Deel zu Bréissel verbruecht. Nom Debarquement an der Normandie ass d'kinneklech Famill an Däitschland an um Enn an enger Villa zu Strobl um Wolfgangséi an Éisträich vun den däitschen Okkupanten internéiert ginn. De 6. Mee 1945 goufe se da vum 106. U.S. Kavallerieregiment aus hirer Zwangsresidenz befreit.[1]

Mä et huet bis 1950 gedauert, soulaang war d'Gestreits ëm d'Question royale, bis d'Familljen nees an d'Belsch konnt kommen. Säi Papp huet ofgedankt a säi Brudder Baudouin gouf 1951 Kinnek.

Hannescht an der Belsch huet den Albert eng laang Ausbildung an der Marinn gemaach. "Berufflech" gouf e President vun der Caisse générale d'épargne et de retraite (CGER), bis déi 1991 opgeléist gouf. Hie war och President vum Belsche Roude Kräiz, Senator an Éierepresident vum Belschen Olympesche Comité. Vun 1962 u war e, bis e Kinnek gouf, Éierepresident vum Office belge du commerce extérieur, wat em erlaabt huet, eng honnert Reesen uechtert d'Welt ze maachen.

Den 2. Juli 1959 huet hien d'Paola Ruffo di Calabria bestuet. Si kruten 3 Kanner: De Philippe (gebuer de 15. Abrëll 1960), d'Astrid (gebuer de 5. Juni 1962) an de Laurent (gebuer den 19. Oktober 1963). Um Enn vun den 1960er Joren, wéi et net ze gutt ëm de Stot stoung, krut hien eng Duechter baussent dem Bestietnes, d'Delphine Boël.

Nom Doud vu sengem Brudder Baudouin, huet den Albert den 9. August 1993 den Eed als sechste Kinnek vun de Belsch geleescht. Déi nei federal Verfassung vun der Belsch ass kuerz duerno, de 17. Februar 1994 a Kraaft getrueden, a sou war an ass säin Haaptuleies, d'Versteesdemech an den Zesummenhalt tëscht deene verschiddenen Regiounen a Communautéiten z'erhalen an ze stäerken.

Seng Sëschter war d'Joséphine-Charlotte, déi spéider Fra vum Groussherzog Jean. Hien ass de Monni an Dafpätter vum Groussherzog Henri vu Lëtzebuerg.

Um Spaweck

Commons: Albert II. vun de Belsch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. 106th Cavalry archivéiert