Alexander Issajewitsch Soljenizyn

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps ksig.png Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Alexander Soljenizyn, Wladiwostok, 1994

Den Alexander Issajewitsch Soljenizyn (russesch: Александр Исаевич Солженицын; wëss. Transliteratioun: Aleksandr Isaevič Solženicyn [səɫʒɨ'nitsɨn]), gebuer den 11. Dezember 1918 am südrussesche Kislowodsk, gestuerwen den 3. August 2008 zu Moskau, war e russesche Schrëftsteller. Hie krut 1970 den Nobelpräis fir Literatur.

Säin Haaptwierk Den Archipel Gulag (Архипелаг ГУЛАГ) (1971) beschreift detailléiert d'Verbrieche vum stalinistesche Regime bei der Verbannung a systematescher Ermuerdung vu Millioune vu Mënschen am Gulag.

Hie war selwer vun 1945 bis 1953 am Gulag wéinst Kritik um Stalin, 1957 gouf en offiziell rehabilitéiert, awer 1974 wéinst deem genannte Buch verhaft an aus der Sowjetunioun ausgewisen. Hien huet duerno eng Zäit an Däitschland an an der Schwäiz gelieft, ier hie fir siwenzeng Joer an d'USA gaangen ass. 1990 gouf hien nees rehabilitéiert an e krut seng sowjetesch Staatsbiergerschaft zréck, sou datt en 1994 effektiv zréck a Russland gaangen ass, wou e bis zu sengem Doud am Krees vu senger Famill gelieft huet, an am Alter vun 89 Joer un engem Schlag gestuerwen ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aleksandr Solzhenitsyn – Biller, Videoen oder Audiodateien