Alphonse Louis Nicolas Borrelly
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Alphonse Louis Nicolas Borrelly, gebuer de 6. Dezember 1842 zu Roquemaure, bei Nîmes; a gestuerwen den 28. Februar 1926 war e franséischen Astronom.
De Borrelly huet am Joer 1864 eng Assistenteplaz am Observatoire vu Marseille ugeholl. Bis 1919 huet hien hei als haaptberufflechen Astronom geschafft.
Mat dem 7,2-Zoll-Refrakter (Koméitesicher) vum Observatoire huet de Borrelly 20 Asteroiden, 18 Koméiten, a 6 Galaxien, déi an den NGC agedroe goufen, entdeckt.
Him zu Éiere krut den Asteroid (1539) Borrelly säin Numm.