Apocalyptica
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Grënnung: | 2002 |
| Genre: | "Cello Rock" |
| Website: | http://www.apocalyptica.com |
| Grënnermemberen | |
| Violoncello: | Eicca Toppinen |
| Violoncello: | Paavo Lötjönen |
| Violoncello: | Max Lilja (bis 2002) |
| Gitarr: | Antero Manninen (bis 1999) |
| Aktuell Memberen | |
| Violoncello: | Eicca Toppinen |
| Violoncello: | Paavo Lötjönen |
| Violoncello: | Perttu Kivilaakso (seit 1999) |
| Battrie: | Mikko Sirén (seit Dezember 2005) |
Apocalyptica ass eng finnesch Rockgrupp, déi op Celloe spillen. Hire Museksstil ass awer net sou einfach anzeuerdnen, vill Leit bezeechnen d'Museksrichtung dofir als Heavy Cello Chaos oder och nach als Rock'n'Holz. Si sinn déi éischt Museker, déi mat Klasseschen Instrumenter, Hardrock a Metal spillen.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Bandgeschicht
Apocalyptica besteet momentan aus 3 klassesch ausgebildeten Cellisten, déi alleguer en Ofschloss un der Sibelius Akademie hunn. Well hiren éischten Album (Plays Metallica By Four Cellos, 1996) e Risenerfolleg war (e gouf wäit iwwer 800.000 mol verkaaft), hunn déi dräi beschloss, mat der Ufanks als Spillerei geduete Musek weiderzemaachen.
D'Grupp besteet aus den Cellisten Eicca Toppinen, Paavo Lotjonen a Perttu Kivilaakso. Den Trio gëtt zënter kuerzem duerch den Drummer Mikko Siren ënnerstëtzt.
Zënter Dezember besteet Apocalyptica nees aus véier Bandmemberen. De Batteur Mikko Sirén, dee se schonn op hiren Touren ënnerstëtzt huet, gehéiert elo offiziell zu der Band.
Den 12. Mee ass d'Band bei der Eurovisioun an Helsinki opgetrueden, dëst als Special Act während der Paus, wou d'Stëmmen ausgezielt goufen. Hei hunn se e Meddley vu neien a méi aale Lidder wéi zum Beispill "Worlds Colide", "Faraway" a "Life Burns" zum Beschte ginn.
[änneren] Worlds Colide (2007)
De 14. resp. de 17. September 2007 ass hire sechste Studioalbum mam Titel "Worlds Colide" erauskomm. Déi éischt Singleauskopplung stellt de Song I'm not Jesus duer, dee se zesumme mam Stone Sour-Frontmann Corey Taylor opgeholl hunn. Extra un deem neien Album ass, datt dëse méi Lidder mat vokaler Ënnerstëtzung huet. Weider Beispiller wieren den David Bowie-Cover Helden (resp. Heroes) mam Till Lindemann vu Rammstein, I Don't Care mam Adam Gontier oder SOS mam Cristina Scabbia vu Lacuna Coil.
[änneren] Apocalyptica an Zuelen
[änneren] Filmer, fir déi Apocalyptica d'Titelsongs bäigesteiert hunn
- Vidocq, 2001
- Your Friends and Neighbours, 1998
[änneren] Spiller, fir déi Apocalyptica d'Titelsongs bäigesteiert hunn
- Die Siedler V, 2004
[änneren]
- Sandra Nasic (Sängerin vu Guano Apes)
- Nina Hagen
- Matthias Sayer
- Linda Sundblad (Sängerin vu Lambretta)
- Ville Vallo (Sänger vu HIM)
- Lauri Ylönen (Sänger vu The Rasmus)
- Marta Jandová (Sängerin vu Die Happy)
- Corey Taylor (Sänger vu Slipknot an Stonesour)
[änneren] Apocalyptica zu Lëtzebuerg
[änneren] Discographie
[änneren] Alben
- 1996 - Plays Metallica By Four Cellos
- 1998 - Inquisition Symphony
- 2000 - Cult
- 2001 - Cult - Special Edition
- 2002 - Best of Apocalyptica(nemmen an Japan publizeiert gin)
- 2003 - Reflections
- 2005 - Apocalyptica
- 2006 - Amplified – A Decade of Reinventing The Cello (Best of)
- 2007 - Worlds collide
[änneren] Singles
- 1996 - Apocalyptica
- 1998 - Harmageddon
- 2003 - Path Vol. 2 feat. Sandra Nasic
- 2002 - Hope Vol 2. feat. Matthias Sayer
- 2003 - Faraway Vol 2. feat. Linda Sundblad
- 2003 - Seemann feat. Nina Hagen
- 2004 - Bittersweet (mam Villa Vallo a Lauri Ylönen
- 2005 - How Far/Wie weit (mam Marta Jandová)
- 2005 - Life Burns (mam Lauri Ylönen)
- 2006 - Repressed (mam Max Cavalera an mam Matt Truck)
- 2007 - I'm not Jesus (mam Corey Taylor)
- 2007 - SOS (Anything but Love)(mam Critina Scabbia)
[änneren] Dvd
- 2001 - Live (in Munich)
- 2003 - Collectors Box Set (zwei CDs und eine Live-DVD)
- 2003 - Reflections (Bonus beim Reflections Revised Album)
- 2006 - The Life Burns Tour
- 2007 - I'm Not Jesus (Bonus beim Worlds Collide - Special Edition Album)