Bengt Edlén

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Bengt Edlén, 1951, lénks de Kinnek Gustaf VI Adolf vu Schweden

De Bengt Edlén, gebuer den 2. November 1906, a gestuerwen den 10. Februar 1993, war e schwedeschen Astrophysiker.

Den Edlén war vun 1944 bis 1973 Professer un der Universitéit Lund.

Säin Haaptfuerschungsgebitt war d'spektroskopesch Analyse vun der Sonnekorona. Spektrallinnen, déi bis dato engem net identifizéiertem Element - Coronium genannt - zougeuerdnet goufen, konnt hien 1940 als Linne vu multipel ioniséiertem Eisen erklären. Dës Deitung gouf net direkt akzeptéiert, well dëst eng Temperatur vu Millioune Grad an der Korona erfuedere géif.

Hie gouf am Joer 1945 mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society an 1968 mat der Henry Draper Medal ausgezeechent.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Bengt Edlén: An attempt to identify the emission lines in the spectrum of the solar corona in: Ark. Mat. Astron. Fys., 28B, no. 1, 1-4,1941.
  • Bengt Edlén: Die Deutung der Emissionlinien im Spektrum der Sonnenkorona, in: Z. Astrophys., 22, 30-64, 1942.
  • Bengt Edlén: The identification of the coronal lines. Mon. Not. R. Astron Soc., 105, 323-333. 1945.
  • Bengt Edlén: Forbidden Transitions and Their Applications in Astrophysical and Laboratory Plasmas, 1982, in:5TH GEN.CONF.EUR.PHYS.SOC:TRENDS IN PHYSICS 1982 P.375, 1982
  • Bengt Edlén:Laboratory data on atomic spectra for extreme ultraviolet solar spectroscopy, 1965, in: Annales d'Astrophysique, Vol. 28, p. 623
  • Bengt Edlén:Zur Deutung der Spektren der heiβen Sterne. Mit 2 Abbildungen, 1933, in: Zeitschrift für Astrophysik, Vol. 7, p. 378

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bengt Edlén – Biller, Videoen oder Audiodateien