Cycles comiques Olm

Vu Wikipedia

De Cycles comiques Olm CCO, ass eng lëtzebuergesch Vereenegung ouni Gewënnzweck mat Sëtz zu Ollem, där hir Memberen op eng witzeg Aart a Weis Vëloen ëmbauen, fir domat op Kavalkaden, Cortègen an anere Fester opzetrieden.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1962 huet de Fred Zenner vun Ollem op enger Kavalkad e Vëlo gesinn, deen op engem Spidolsbettgiewel baséiert huet.

E war dovu sou begeeschtert, datt e sech mat e puer Kolleegen zesummegesat huet, déi da versicht hu sou e Vëlo ze bauen.

Wärend dem Nobaue vum Bettgestell koumen och schonn direkt Iddie fir nach aner Vëloen ze bauen, déi och deelweis realiséiert goufen. Si hate sou vill Spaass, datt se och séier u Kavalkaden deelgeholl hunn. Déi alleréischt war dunn zu Gaasperech.

2003 gouf de Club ënner dem Numm "CCO, Cycles Comiques Olm asbl" konstituéiert.

Vun do u sinn nach méi komesch Vëloe gebaut ginn, déi dunn "Cycles comiques Olm" genannt goufen a schonn 1963 bei Kavalkaden zu Gilsdref, Weidingen an op der Musel matgemaach hunn.

An den 1970er Jore koumen ëmmer méi Leit an de Club, sou dat och d'Zuel vun de Vëloen ëmmer méi gewuess ass. Dat huet et dem Club och erméiglecht bei méi grousse Kavalkaden, wéi zum Beispill zu Déifferdeng, matzemaachen.

Et ass sech awer net nëmmen op déi "5. Joreszäit" konzentréiert ginn, mä och um Wäifest zu Gréiwemaacher an op engem Fest zu Saint-Mard bei Virton ware se dobäi.

An den 1980er an 90er Joren ass de Club weider gewuess an et sinn ëmmer méi Vëloe gebaut ginn. D'Konsequenz dovun, eleng an der Fueszäit, huet en u 4 bis 5 Kavalkaden deelgeholl. Et sinn weider Engagementer am Ausland derbäikomm, wei z. B. Sélestat a Frankräich, Arel, Baaschtnech a Maartel an der Belsch, Tréier, Tréier-Ehrang an Hermeskeil an Däitschland.

Zur selwechter Zäit sinn och aner Veräiner op d'Cycles comiques opmierksam ginn an hu se dann als Attraktioun op hir Fester gebucht, wou dann all Mënsch och d'Vëloen duerft probéieren.

Mëttlerweil ass de "Fuerpark" ob iwwer 60 Eegekonstruktiounen ugewuess, an et gëtt der ëmmer méi.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]