Erik Ode

Vu Wikipedia
Erik Ode
Gebuertsnumm Fritz Erik Signy Odemar
Gebuer 6. November 1910
Berlin
Gestuerwen 19. Juli 1983
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Synchronspriecher, Filmregisseur, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Dréibuchauteur
Famill
Papp Fritz Odemar

Den Erik Ode, gebuer als Fritz Erik Signy Odemar de 6. November 1910 zu Berlin a gestuerwen den 19. Juli 1983 zu Kreuth-Weißach, war en däitsche Schauspiller a Filmregisseur.

Hie war de Jong vum Schauspiller Fritz Odemar.

Am Alter vun 13. Joer huet hien am Joer 1923 am Film I.N.R.I. seng éischt Roll am Kino gespillt. Vun 1930 u war hien a villen däitsche Filmer als Schauspiller ze gesinn. Als Regisseur huet hien zanter 1950 vill däitsch Koméidisfilmer realiséiert dorënner der dräi mat der lëtzebuergescher Schauspillerin Germaine Damar an der Haaptroll.

Den Ode ass awer besonnesch bekannt duerch déi däitsch TV-Serie Der Kommissar . An dëser Serie huet hien an de Joren 1969 bis 1976 d'Roll vum Kommissar Keller a 97 Episode gespillt.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

TV (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

TV[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Erik Ode: Der Kommissar und ich. Die Erik-Ode-Story (Goldmann-Gelbe)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]