Ernest Vander Linden

Vu Wikipedia
Ernest Vander Linden
Gebuer 4. Mäerz 1886
Ixelles
Gestuerwen 13. August 1974
Briddel
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Banquier, Diplomat, Generalagent fir Versécherungen

Den Ernest Jean Joseph Vander Linden, gebuer de 4. Mäerz 1886 zu Ixelles a gestuerwen den 13. August 1974 um Briddel, war deen éischte Privatbanquier zu Lëtzebuerg[1].

Hien huet seng Bankgeschäfter am Ufank ënner dem Numm Bankgeschäft E. Vander Linden, respektiv Banque E. Vander Linden gefouert[2]. D'Bank war nieft dem Aldringer um Eck Boulevard Royal / Avenue Monterey.

Den Ernest Vander Linden war och Generalagent fir Lëtzebuerg vun 2 Assurancëgesellschaften.

Den 1. August 1907 gouf den Ernest Vander Linden als Generalagent fir Lëtzebuerg vun der Compagnie d'assurances sur la vie « Le Kosmos» agrééiert[3],[4],[5].

Den 23. Abrëll 1908 gouf den Ernest Vander Linden als Generalagent fir Lëtzebuerg vun der Compagnie de Bruxelles pour l'assurance à primes contre l'incendie agrééiert[6],[7].

Am Juli 1919 gouf mat der Fusion vum Bankgeschäft E. Vander Linden mam Crédit Central du Brabant zu Bréissel, d'Banque Belgo-Luxembourgeoise S.A. gegrënnt[8],[9].

Den Haaptsëtz war zu Bréissel, ufanks op 22, rue d'Arlon, a spéider op 3, Boulevard Anspach. D'lëtzebuergesch Aktivitéite goufen als Succursale gefouert[10],[11].

De 5. Oktober 1919 gouf hien Agent Consulaire vun der Belsch zu Lëtzebuerg[12],[13]. Den 30. Mäerz 1920 gouf hien zum Vizekonsul vun der Belsch ernannt an hie krut d'Exequatur den 20. Abrëll 1920[14].

Hien huet den 10. Februar 1921 d'Villa vun der Famill Saur-Koch, déi op Nr. 20 um Boulevard Royal louch zum Präis vun 195.000 Frang gesteet[15] an ass mat senger Famill erageplënnert. Aus der Villa gouf spéider den Hotel Rix.

Enn 1923 gouf de Lëtzebuerger Deel vun der Banque Belgo-Luxembourgeoise S.A. vun der BGL opkaaft an de belschen Deel ass un d'Mammegesellschaft vun der BGL, der Société Générale de Belgique, gaangen[16],[17].

Duerno huet den Ernest Vander Lindern Bankgeschäfter ënner der Bezeechnung Centrale d'achat et de vente des valeurs luxembourgeoises non cotées en Bourse respektiv An- und Verkaufszentrale für luxemburger Wertpapiere ohne Börsennotiz gefouert[18].

Den 10. November 1924 gouf hien zum Konsul vun der Belsch ernannt an hie krut d'Exequatur den 10. Januar 1925[19]. An där Funktioun war hie bis de 15. Oktober 1926.

Hie war den éischten Honorarkonsul vun der Tschechoslowakei zu Lëtzebuerg. Hie krut de 6. Dezember 1923 seng Ernennung an d'Exequatur den 20. Mee 1924 an e war bis 1928 an där Funktioun[20].

Den Ernest Vander Linden war eng vun den éischte Persounen, déi den 1. Februar 1929 agreéiert goufe fir op der nei gegrënnter Bourse däerfen ze handelen[21],[22],[23].

Am Abrëll 1929 gouf hie an d'Commission de la Bourse gewielt[24],[25]. Uganks 1930 huet hie seng Demissioun agereecht[26].

Den Ernest Vander Linden war mat der Adolphine Funck (22.06.1889 - 13.05.1982, d'Niess vum Pierre Funck) bestuet; si haten 3 Kanner. Hie läit um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort vum 09. November 2013, Säit 29
  2. Banque Belgo-Luxembourgeoise op industrie.lu
  3. Mémorial A N° 47 vum 01. September 1907 Säit 56
  4. Mémorial A N° 56 vum 14. Oktober 1907 Säit 6
  5. Mémorial A N° 31 vum 11. Juni 1910 Säit 17
  6. Mémorial A N° 26 vum 02. Mee 1908 Säit 6
  7. Mémorial A N° 49 vum 08. September 1910 Säit 13
  8. Neues Bankinstitut am Luxemburger Wort vum 21. August 1919 Säit 1
  9. Chronik aus der Hauptstadt an der Obermosel-Zeitung vum 21. August 1919, Säit 2
  10. Mémorial A N° 84 vum 08. November 1920 Säit 10 Archivéiert op 2018-08-08. Gekuckt de(n) 2018-08-07.
  11. Mémorial A N° 49 (Am Fong hätt et missen N° 51 sinn) vum 19. Juli 1920 Säite 4 an 9 Archivéiert op 2018-08-08. Gekuckt de(n) 2018-08-30.
  12. Mitteilung am Luxemburger Wort vum 8. Oktober 1919, Säit 3
  13. Revue des journaux am L'Indépendance luxembourgeoise vum 19. Oktober 1919, Säit 2
  14. Mémorial A N° 31 vum 22. Abrëll 1920 Säit 10
  15. Lokales am Luxemburger Wort vum 11. Februar 1921, Säit 3
  16. Lokales am Luxemburger Wort vum 08. Dezember 1923 Säit 2
  17. Lokal Chronik am Luxemburger Wort vum 04. Januar 1924 Säit 2
  18. Werbung am Luxemburger Wort vum 09.Februar 1924 Säit 4
  19. Mémorial A N° 4 vum 29. Januar 1925 Säit 2
  20. Mémorial A N° 31 vum 5. Juli 1924 Säit 3
  21. Communiqué Officiel de la Commission de la Bourse am Luxemburger Wort vum 6. Februar 1929, Säit 3
  22. Communiqué Officiel de la Commission de la Bourse am L'Indépendance luxembourgeoise vum 7. Februar 1929, Säit 3
  23. Communiqué Officiel de la Commission de la Bourse am Tageblatt vum 7. Februar 1929, Säit 3
  24. Chronique Locale am L'Indépendance luxembourgeoise vum 20. Abrëll 1929, Säit 3
  25. Aus der Hauptstadt an der Obermosel-Zeitung vum 20. Abrëll 1929, Säit 2
  26. Chronique Locale am L'Indépendance luxembourgeoise vum 20. Januar 1930, Säit 3