Henry J. Leir

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Henry J. Leir
Gebuertsnumm Heinrich Hans Leipziger
Pseudonym Tom Palmer
Gebuer 28. Januar 1900
Bytom
Gestuerwen 15. Juli 1998
Manhattan
Nationalitéit USA
Aktivitéit Geschäftspersoun, Science-Fiction-Schrëftsteller

Den Henry J. Leir, gebuer den 28. Januar 1900 als Heinrich Hans Leipziger zu Beuthen-Roßberg a Schlesien, a gestuerwen de 14. Juli 1998 am New Yorker Stadbezierk Manhattan[1], war en US-amerikaneschen Industriellen, Financier a Philanthrop. Hien ass zu Lëtzebuerg virun allem fir seng Roll an der ekonomescher Entwécklung vum Land nom Zweete Weltkrich bekannt.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Heinrich Leipziger koum 1933 op Lëtzebuerg a war vun Ufank un e Finanzberoder vum Lëtzebuerger Herrscherhaus. Am selwechte Joer huet hien d'Minerais SA[2] gegrënnt, eng Firma déi Mineraler fir d'Äerzindustrie kaaft, transportéiert a verkaaft huet.

Am Dezember 1939 ass de Leipziger an Amerika geflücht wou hien direkt en US-amerikanesche Pass krut. Et war och ëm déi Zäit, wéi e säin neien Numm „Henry J. Leir“ ugeholl huet.

An der Zäit duerno hat de Leir weiderhin enk Relatioune mam groussherzoglechen Haff grad wéi mam Franklin D. Roosevelt. An de Joerzéngten nom Zweete Weltkrich huet hien op dëse perséinlechen, binationale Bezéiungen opgebaut, fir en ettlech grouss amerikanesch Entreprisen op Lëtzebuerg ze kréien, dorënner Goodyear, DuPont, Monsanto, Wells Fargo an d'Bank of America. De Leir gëtt och als Visionär vun der europäescher a globaler Integratioun ugesinn, an der Traditioun vum Jean Monnet.

Den Henry Leir a seng Fra Erna hunn eng Rei philanthropesch Projeten ënnerstëtzt, ë. a. duerch Ridgefield Foundation am Connecticut (wou si eng Zäit gewunnt hunn) oder duerch d'Leir Foundation[3] zu Lëtzebuerg. Déi lëtzebuergesch Fondatioun këmmert sech haaptsächlech ëm Projeten an de Beräicher Wëssenschaft, Educatioun, Gesondheet, Kanner a Senioren. An deem Sënn huet d'Fondatioun der Stad Lëtzebuerg 1975 en Don vun enger Millioun Frang gemaach fir datt Primärschoulkanner an de Wantersport op Fiesch fuere konnten[4].

Bekannt ass den Henry J. Leir och als Auteur vun der Utopie La Grande compagnie de colonisation: Dokumente eines grossen Planes, déi hien 1937 ënner dem Pseudonym "Tom Palmer" beim Malpartes-Verlag vum Evy Friedrich zu Lëtzebuerg publizéiert huet. Dat Besonnescht un dësem Wierk besteet doran, datt et aus enger Sammlung vu Bréiwer a Sëtzungsberichter besteet.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Palmer, Tom, 1981. La Grande Compagnie de Colonisation: Documents of a New Plan. Worcester (USA): Clark University Press. ISBN 0-914206-20-6.
  • Thomas, Bernard, 2012.
    • 20th Century Man, Die Geschichte des Hans Heinrich Leipziger alias Albert Linger alias Henry J. Leir (1900-1998) - Teil 1. Forum 321 S. 12-23 [1]
    • De Monni aus Amerika. Die Geschichte des Hans Heinrich Leipziger alias Albert Linger alias Henry J. Leir (1900-1998) - Teil 2. Forum 322, S.14-24, 2012. [2]
  • Thomas, Bernard, 2016. A quiet man. d'Lëtzebuerger Land Nr. 25 vum 17. Juni 2016, S. 10.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Henry J. Leir... died on Wednesday in Manhattan". Fabrikant, Geraldine: "Henry J. Leir, 98, Key Figure in Metals Trading and Philanthropy", The New York Times, 18. Juli 1998. (Link op den Artikel)
  2. B4266, Societe Anonyme des Minerais, gegrënnt den 1. Mäerz 1933 (Memorial C, N° 54, 26.08.1933)
  3. Als "HENRY J. AND ERNA D. LEIR FOUNDATION" ënnert der Nummer G21 am Handelsregëster agedroen
  4. 55 - Fondation Henry J. et Erna D. LEIR. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt de(n) 13.02.2022.
  5. Henry J Leir. viewer.eluxemburgensia.lu (19.06.1981). Gekuckt de(n) 13.02.2022.
  6. Henry J. Leir. viewer.eluxemburgensia.lu (01.06.1990). Gekuckt de(n) 13.02.2022.