DuPont de Nemours

Vu Wikipedia
DuPont Teijin Films Luxembourg
Sëtz zu Conter
Typ Société anonyme
Grënnungsdatum 1962
Sëtz Conter
Leedung Marc Schroeder[1]
(President Verwaltungsrot)
Mataarbechter 1200[2]
Branche Industrie, Chimie
Produit „Cronar“, „Kapton“,
„Mylar“, „Tyvek“, …
Homepage www.dupont.com


DuPont de Nemours oder einfach DuPont ass zu Lëtzebuerg de geleefegen Numm vun enger Fabrick um Gebitt vun de Gemengen Hesper a Conter. Et ass eng Duechterfirma vum US-amerikanesche Konzern DuPont de Nemours, Inc.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Firmegrënner Eleuthère Irénée du Pont

Fir der Franséischer Revolutioun z'entkommen, ass den Eleuthère Irénée du Pont 1800 mat senger Famill vu Frankräich an Amerika ausgewandert. 1802 huet hien zu Wilmington am Delaware d'Firma E. I. du Pont de Nemours and Company gegrënnt, déi drop spezialiséiert war fir Sprengstoff ze fabrizéieren. Iwwert d'Joerzéngten ass e Konzern an de Beräicher vun der Chimie, de Materialien an der Energie entstanen.

Am 20. Joerhonnert war DuPont e Pionéier an der Entwécklung vu Konschtstoffer, huet den Nylon entdeckt an aner Polymermatièrë wéi den Neopren, Teflon, Kevlar oder Lycra entwéckelt.

Am Zweete Weltkrich huet DuPont sech am Nuklearberäich entwéckelt an eng Fabrick fir d'Produktioun vu Plutonium um Hanford Site am Bundesstaat Washington opgeriicht.

2017 huet d'Firma mat Dow Chemical zur neier Firma DowDuPont fusionéiert, fir sech 2019 nees an dräi eenzel Firmen ze splécken: Corteva fir Geseems an Agrarproduiten, Dow fir Konschtstoffer an DuPont fir speziell cheemesch Produiten.

DuPont zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

1962 huet DuPont sech zu Lëtzebuerg néiergelooss. D'Wierk läit westlech vu Conter, um Bord vun der d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg. Den Terrain vun 104 ha deen DuPont gehéiert ass zum Deel fir de Public accessibel an et gouf en Naturpad do ugeluecht[3].

Iwwerbléck[änneren | Quelltext änneren]

En NASA Kommunikatiounssatellit aus „Mylar“
  • Grënnung vun DuPont de Nemours (Luxembourg) den 11. Dezember 1962, mat engem Startkapital vu 50 Millioune Frang;
  • den 28. Juni 1965 huet op der Linn 1 d'Produktioun vun der Polyesterfolie „Mylar“ ugefaangen, duerno koum nach d'Tutefabrick „Pervac“ (1. Juli 1970) fir Liewensmëttelemballagen derbäi;
  • de 24. September vum selwechte Joer gouf d'DuPont Europa Holdings gegrënnt, déi sech ëm d' Finanzéierung vun den europäeschen Duechterfirme vum Konzern gekëmmert huet;
  • déi feierlech Aweiung vum Wierk war den 29. September 1965 a Presenz vun ë. a. dem Groussherzog Jean, dem Wirtschaftsminister Antoine Wehenkel, dem Lammot du Pont Copeland, CEO vum amerikanesche Mammenhaus an der amerikanescher Ambassadrice Patricia Harris;
  • Uganks vun den 1970er Jore goufe gréisser Investitioune gemaach:
    • de Bau vun der B-Maschinn fir d'Produktioun vum Tensilized-Film (T-Film) fir de Marché vun den Tounbänner. D'Anlag gouf am Oktober 1971 a Betrib geholl;
    • d'Produktiounslinn fir „Cronar“, eng Polyesterënnerlag déi an der Film- an an der Reprographieindustrie gebraucht gouf. Fir dëse Produit gouf am Abrëll 1971 – mat engem Kapital vun 200 Millioune Frang – d'Aktiegesellschaft DuPont Photolux SA gegrënnt. D'Produktioun huet de 5. Abrëll 1973 ugefaangen;
    • d'Produktiounslinn fir „Typar“, eng Folie aus Polypropylen déi fir d'europäesch Teppechindustrie produzéiert gouf. Heifir gouf de 14. Dezember 1972 d'Duechtergesellschaft DuPont Fibers SA gegrënnt. Mam Bau vun der Linn gouf am Juli 1972 ugefaangen an d'Produktioun ass de 27. Mee 1974 ugelaf.
  • Fir de grousser Demande nozekommen, gouf den 13. Abrëll 1973 matgedeelt, datt eng drëtt Produktiounslinn fir „Mylar“ gebaut sollt ginn. Se ass de 5. Januar 1976 a Betrib geholl ginn.
  • 1974 - 1975: Am Kader vun der Kris vun de Pëtrolspräisser ass d'Produktioun an alle Beräicher vun DuPont erofgaangen;
Dräi Rulle Pech aus „Kapton“-Folie
  • Tëscht 1976 an 1982 gouf ronn eng Milliard Frang investéiert fir d'Installatiounen op de leschte Stand vun der Technik ze bréngen;
  • Well se net méi rentabel genuch war, gouf d'Tutefabrick 1977 zougemaach;
  • Am November 1979 gouf matgedeelt, datt eng Anlag gebaut géif gi fir d'„Kapton“-Polymidfolie ze schneiden; de 27. Juli 1981 gouf mam Schneiden ugefaangen;
  • De 16. November 1982 gouf d'Duechterfirma DuPont Polymères SA gegrënnt fir d'Produktioun vun „Hytrel“-Granulat. D'Bauaarbechte fir d'Anlag hunn den 11. Mee 1982 ugefaangen an déi éischt Produktioun ass den 1. September 1984 realiséiert ginn;
  • Duerno gouf mam Plange vun enger véierter „Mylar“-Linn ugefaangen. D'Aarbechten hunn am Mee 1985 ugefaangen an den 9. Dezember 1987 ass op der Anlag déi éischt kommerziell Produktioun vu Videofilm ugelaf;
Zwéin Aarbechter an „Tyvek“-Schutzkostümer
  • Den 21. November 1985 huet DuPont zesumme mat der Lëtzebuerger Regierung de Projet vun enger neier Produktiounsanlag fir „Tyvek“ virgestallt. Mat 120 Milliounen US-Dollar war et déi gréisst Investitioun déi de Konzern bis dohin am Ausland realiséiert hat; de 25. Juli 1988 gouf mat der Produktioun vun „Tyvek“ ugefaangen;
  • Am Kader vum 25-järge Bestoe vun DuPont zu Lëtzebuerg war uganks Oktober 1987 eng Porte ouverte fir déi all Member vum Personal zéng Leit vu sengem Choix invitéiere konnt;
  • 1989 ass d'Iddi lancéiert gi fir eng „Kapton“-Produktiounslinn ze bauen. Nodeems d'Nofro fir „Kapton“ awer duerch den Zesummebroch vum osteuropäesche Maart nogelooss huet, gouf de Projet am Juni 1990 opginn;
  • Den 12. September 1991 gouf d'Aktiegesellschaft Teijin - Du Pont Films Luxembourg gegrënnt[4], eng Joint venture tëscht der japanescher Teijin Limited an der DuPont de Nemours Luxembourg sàrl. Den 29. Dezember vum selwechte Joer gouf se an DuPont Teijin Films Luxembourg ëmgenannt[5],[6]. Allgemeng këmmert d'Firma sech ëm d'Produktioun oder d'Transformatioun vun industriellen a chemesche Produiten[7];
  • De 6. Juli 1993 gouf de Grondtsee vun der fënnefter Linn geluecht, fir „Tyvek“ ouni FCKW produzéieren ze kënnen. D'Produktioun op der Linn 5 ass uganks 1996 ugelaf;
  • De 15. August 1994 gouf eng Cogeneratiounsanlag mat enger Leeschtung vun 2 6 MW um Site zu Conter a Betrib geholl, déi vun DuPont zesummen mat der Cegedel opgeriicht gouf;
  • Eng nei Produktiounslinn (L5) fir d'Produktioun vun enger Weiderentwécklung vun der „Mylar“-Folie ass am Abrëll 1999 opgemaach ginn.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Kuriéises[änneren | Quelltext änneren]

Schëld um DuPont Naturpad
  • De 7. Januar 1994 géint 16h40 ass eng zweemotoreg Cessna T310R déi 3 Minutte virdrun um Findel gestart war, nieft dem Methanoltank um DuPont-Wierksterrain erofgefall. Ë. a. d'Personal vun DuPont konnt verhënneren, datt d'Feier sech op d'Wierksanlagen ausgebreet huet. Déi 3 Leit am Fliger hunn d'Accident net iwwerlieft[8].
  • Am Kader vun hirem Grondsaz „Sécherheet, Gesondheet an Ëmweltschutz“ huet DuPont am Gréngs ronderëm hirem Wierk en Naturpad vu 4 km realiséiert, deen am Hierscht 2001 fir de Public opgaangen ass.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Werner, H., & Du Pont de Nemours. (2002). Ausgerichtet auf die Zukunft: 40 Jahre DuPont de Nemours in Luxemburg. Contern: DuPont de Nemours.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: DuPont de Nemours – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. B30078 - Modification non statutaire. www.lbr.lu (30.04.2020). Gekuckt de(n) 28.02.2021.
  2. DuPont de Nemours (Luxembourg). editus.lu. Gekuckt de(n) 07.02.2021.
  3. Quell: Informatiounspanneau um Bord vum CR159
  4. B38078. lbr.lu. Gekuckt de(n) 28.02.2021.
  5. Anderson SA - Auditors' report. lbr.lu (08.04.2002). Gekuckt de(n) 28.02.2021.
  6. B38078 - Notes on the annual accounts. lbr.lu (30.03.2020). Gekuckt de(n) 28.02.2021.
  7. Statuts coordonnés. lbr.lu (29.12.1999). Gekuckt de(n) 28.02.2021.
  8. Accident Cessna T310R D-IATR, 07 Jan 1994. aviation-safety.net. Gekuckt de(n) 2021-03-07.