Laurent Ney
Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Laurent Ney | |
---|---|
Gebuer | 8. Abrëll 1964 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Ingenieur |
De Laurent Ney, gebuer den 8. Abrëll 1964 zu Diddenuewen, ass e lëtzebuergesche Bauingenieur, deen zanter 1984 an der Belsch lieft a schafft.
Vun 1984 bis 1989 huet hien op der Faculté des sciences appliquées vun der Universitéit vu Léck studéiert, déi hie mat engem Diplôme d'ingénieur civil des constructions ofgeschloss huet.
Nodeem hie vun 1989 bis 1996 als Ingenieur beim Bureau d'études Greisch an der Belsch geschafft hat, gouf hien 1996 Ingenieur-conseil indépendant.
Zesumme mat senger Fra, der Architektin Nathalie Ries, huet hien 1996 zu Lëtzebuerg den Ingenieurs- an Architektebüro T6, Société à responsabilité limitée gegrënnt[1], deen 2005 an T6-Ney&Partners, S.à r.l. ëmbenannt gouf[2].
1998 huet hien den Ingenieursbüro Ney&Partners, s.a. an der Belsch gegrënnt, vun deem hien zanterhier Administrateur délégué ass.
Wierker vu sengem Büro
[änneren | Quelltext änneren]Zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- Passerell Gaalgebierg Esch-Uelzecht
- Neit Gelänner vun der Rouder Bréck an der Stad Lëtzebuerg[3]
An der Belsch
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Biographie vum Laurent Ney op der Websäit vun Ney&Partners (fr)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Statuten, publizéiert am Mémorial C—N°38 vum 29. Januar 1997, S. 1800
- ↑ Statutenännerung, publizéiert am Mémorial C—N°1214 vum 16. November 2005, S. 58269
- ↑ Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg (Luxembourg), Pont Grande-Duchesse Charlotte : 2015 - 2017, ISBN 978-2-9599770-3-9, 2017, Säit 142-145