Lawyers Guns 'n' Money

Vu Wikipedia
Lawyers Guns 'n' Money
Lawyers Guns 'n' Money bei der Escher Fête de la musique 2012
Museksgenre Alternative Rock
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2011
Trennung 2013
Websäit Facebook
Memberen Frank Welsch (Gittar & Gesank)
Achal Murthy (Bass, 2011-12)
Thierry Glaesener (Batterie, 2011-12)
Ken Rischard (Lead-Gittar & Backinggesank, 2012-13)
Gilles "Bollos" Zanen (Bass-Gittar & Backinggesank, 2012-13)
Jim Scheck (Batterie, 2012-13)

Lawyers Guns 'n' Money war eng lëtzebuergesch Rockgrupp, déi et tëscht 2011 an 2013 existéiert huet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Summer 2010 ass de Frank Welsch bei der Sich no Museker fir seng Band op de Bassist Achal Murthy an den Drummer Thierry Glaesener gestouss. Méi spéit huet de Ken Rischard, deen ursprénglech als éischte Gittarist virgesi war, mä nom Ausfall vum Achal, dee wéinst sengem Studium d'Band huet misse verloossen, d'Roll vum Bassist bei Lawyers Guns 'n' Money iwwerholl.

Den Numm kënnt vun enger Folleg vun der amerikanescher Fernseesendung The A-Team mat deem Numm.[1]

Am Joer 2011 koum den Duerchbroch fir déi 3 Museker: mat Mister Cab Driver hunn s'et bis op d'Plaz 14 vum Eldoradio-Chartbreaker gepackt, mat Permanent Vacation souguer op Plaz 2.

No enger Rei vun Optrëtter a Caféen zu Lëtzebuerg hu Lawyers Guns 'n' Money och am Ausland hir éischt Erfarunge konnte sammelen, z. B. zu Léck am Take Off an zu Berlin am Breakers oder Hangar 49.

De 7. Januar 2012 huet d'Grupp seng éischt EP Cab Ride am Melusina verëffentlecht.[2] Dës Konzept-EP besteet aus engem Intro a véier Lidder. Si erzielt d'Geschicht vum Sidney, engem jonken Affekot, deen no engem haarden Dag op der Schaff sech mam Taxi op den Heemwee mécht.

Héichpunkt an der Geschicht vu Lawyers Guns 'n' Money war d'Méiglechkeet als Virband op der "Horse Stage" Bün um Rock um Knuedler 2012 kënnen ze spillen. Do donieft hu si op der Fête de la musique zu Esch-Uelzecht an an der Stad Lëtzebuerg gespillt. Um Water-Art Festival zu Ënsber an um Festival Food For Your Senses si se och opgetrueden.

Am Fréijoer 2012 huet de Gilles "Bollos" Zanen de Bass an de Ken d'Gittar iwwerholl.

Lawyers Guns 'n' Money waren den 20. Januar 2012 bei RTL Télé Lëtzebuerg an der Émissioun 20vir wou si sech virgestallt hunn.

2012 hu Lawyers Guns 'n' Money déi zweet Editioun vum Brand Your Band Contest gewonnen. Als éischt Single gouf Name the Game verëffentlecht. Zousätzlech ass am Hierscht op YouTube d'Reality-Show RISE a sechs Episode vun ongeféier 15 Minutten erauskomm, an där d'Band wärend e puer Méint vu Kamerae begleet ginn ass. Zu där Zäit huet de Jim Scheck den Thierry als Batteur ersat.

Enn September 2013 huet d'Grupp hir Trennung op Facebook annoncéiert, an de 4. Oktober am Club vun der Rockhal hire leschte Concert gespillt.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

EP[änneren | Quelltext änneren]

  • 2012: Cab Ride

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2012: Mister Cab Driver
  • 2012: Permanent Vacation
  • 2012: Name the Game

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Interview um Uelzechtkanal (YouTube, Januar 2012)
  2. luxtimes.lu: Take a cab ride with Lawyers Guns 'n' Money (14. Mäerz