Lydia Mutsch

Vu Wikipedia
Lydia Mutsch
Gebuer 17. August 1961
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit Göttingen,
Lycée Hubert-Clément
Aktivitéit Politiker, Journalist
Partei LSAP

D'Lydia Bernardine Mutsch, gebuer de 17. August 1961 zu Diddeleng, ass eng lëtzebuergesch Politikerin (LSAP).

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

D'Lydia Mutsch huet zu Göttingen Politik a Sozialwëssenschafte studéiert (1980-1985) an duerno am Journalismus an an der Publicitéit geschafft.

1987 ass si Member vum Escher Gemengerot ginn. Vum Abrëll 2000 bis zu hirer Ernennung als Ministesch war si Buergermeeschtesch vun der Stad Esch-Uelzecht.

1989 gouf d'Lydia Mutsch op der LSAP-Lëscht am Südbezierk an d'Chamber gewielt a gouf zanterhier, bis d'Chamberwale vum 20. Oktober 2013 nach mat, allkéiers erëmgewielt.

2013 huet si op hiert Deputéiertemandat verzicht, fir vum 4. Dezember 2013 bis de 4. Dezember 2018 Ministesch fir Gesondheet a fir Chancëgläichheet an der Regierung Bettel-Schneider ze ginn.

Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 ass si de 6. Dezember fir den Dan Kersch, dee Minister gouf, 'nogeréckelt'.[1] Si huet hiert Mandat bis un d'Enn vun der Chambersessioun 2022-23 ausgefëllt.

Si war och Member vum Benelux-Parlament a Membre suppléant vum Comité vun de Regiounen.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Revue Nr. 43 vum 22.10.2012 (Stefan Kunzmann): Die Bürdenträgerin, S. 20-28

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Actualité of chd.lu.
  2. Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' wärend op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg wëll de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.
  3. « Compte-rendu des séances publiques n°7 - Séance extraordinaire 2013-2014 », op https://www.chd.lu/