Märel (Vull)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps kuickshow.png Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Märel
Eng Märel
Eng Märel
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Spatzevullen
Famill: Dréischelen
Gattung: Echt Dréischelen
Aart: Märel
Wëssenschaftlechen Numm
Turdus merula

D'Märel (Turdus merula) ass ee vun de bekanntste Vullen aus der Famill vun den Dréischelen (Turdidae).

Si kënnt a ganz Europa vir, am norwestlechen Afrika, an Indien, an a China.

Liewensraum[änneren | Quelltext änneren]

D'Märel war ëmmer e scheie Bëschvull. Lues a lues huet se sech un d'Kulturlandschaften ugepasst, an ass hautdesdaags grad sou gutt a Parken an a Gäert ze fannen.

An de Südleche Länner ass d'Märel am Summer an de Bierger ze fannen. Am Hierscht an am Wanter plënnert se an déi méi waarm Däller.

D'Märelen aus dem nërdlechste Verbreedungsgebitt zéien am Wanter all an de Süden, während vun deenen déi méi südlech liewen, meeschtens nëmmen Weibercher an déi jonk Vullen an d'Iwwerwanterungsgebidder a Süd- an a Westeuropa fléien.

Plommen a Faarwen[änneren | Quelltext änneren]

De Männercher hir Plomme si mattschwaarz an de Schniewel ass orangegiel. Vun der Spréif déi méi metallesch blénkt ënnerscheet e sech och nach duerch méi e laange Schwanz.

D'Weibchen huet schwarzbrong Plommen, déi op der Broscht méi hell a gefléckt sinn. Am Fréijoer hunn d'Weibercher e giele Schniewel mat enger schwaarzer Spëtz deen am Hierscht brong gëtt. Déi jonk Märele gläichen de Weibercher.

Märel-Männchen
Märel-Weibchen

Fortplanzung[änneren | Quelltext änneren]

D'Märele bauen heiansdo hir Näschter op Beem am Bësch, an enger Aaschtgafel, an enger Héicht vun 10 Meter. Meeschtens bauen se awer am Ënnergehëlz, a staark verwuessenen Hecken, oder a soss kënschtlechen oder natierleche Stoppen.

D'Nascht gëtt aus rengem Planzematerial a mat Bulli gebaut, an de bannendra mat rénge Grieser ausgeluecht.

Déi éischt Brutt ass Enn Mäerz bis Ugangs Abrëll. D'Weibche leet 5-6 Eeër a britt da meeschtens eleng. De Männche suergt fir Fudder, an et ass ganz rar datt en op den Eeër sëtzt.

D'Eeër déi gréngblozéch mat routbrongen Zeechnunge sinn, ginn no ronn 14 Deeg aus.

Duerno ginn déi jonk Märelen nach bis zu dräi Woche vun den Ale gefiddert.

Am Joer leet d'Märel 2- 3 Mol Eeër, ganz rar och alt véiermol.

Feinden[änneren | Quelltext änneren]

Der Märel hir natierlech Feinde sinn d'Jeekerten an d'Kaweechelcher. An de Stadgebidder kënnt nach d'Kaz dobäi. Well se Schued an de Gäert maachen, zertstéiert de Mënsch och alt hir Näschter.

Fudder[änneren | Quelltext änneren]

D'Märele friessen haaptsächlech Wierm, Mueden, an Insekten. Schleeken a verschidde Kierwerlek stinn och um Menü, grad sou wéi Uebst dat dee ass, a verschidden Zorte vu Bieren.

Gesank[änneren | Quelltext änneren]

D'Märel séngt moies an owes. Dobäi gi verschidde Melodien zesummegestallt. Et ass awer rar datt se zweemol déiselwecht hannerenee sangen.

Hire Gesank ass awer sou charkteristesch, datt ee liicht e Männchen a sengem Revéier direkt erëmerkennt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Turdus merula – Biller, Videoen oder Audiodateien