Spuervull

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Spuervull
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Ënnerklass Passerae
Uerdnung: Gräifvullen
Famill: Falconidae
Gattung: Falken (Falco)
Aart: Spuervull
Wëssenschaftlechen Numm
Falco peregrinus
Tunstall, 1771

De Spuervull oder Wanderfallek (Falco peregrinus; fr: faucon pèlerin; de: Wanderfalke), ass e Gräifvull aus der Famill vun de Falconidae.

Et gëtt eng 20 Ënneraarten, an et ass mat eng vun deenen am wäitste verbreete Vullenaarten op der Welt: Ausser an der Antarktis kënnt en op alle Kontinente vir.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Bei der an Europa geleefeger Ënneraart Falco peregrinus peregrinus ass de Réck donkelgro an de Bauch crèmefaarweg mat schwaarze Flecken. D'Bake si wäiss, mat enger Zort schwaarzem Stréch, zsou wéi e Schnurres. D'Patte si giel, de Schniewel bloelzeg-schwaarz, kuerz an no ënne gebéit; an d'Ae si schaarz. Wéi bei aner Falconidae och ass d'Fräche liicht méi grouss a méi schwéier wéi de Männchen.

Männchen Frächen
Total Längt 38 – 46 cm 46 – 54 cm
Spanwäit 90 – 100 cm 104 – 113 cm
Gewiicht 600 - 750 g 900 - 1 300 g

Als Gräifvull huet de Spuervull eng aussergewéinlech gutt Vue: hie kann op 6 km eng Dauf am Fluch erkennen. E gëtt an der Moyenne 13 Joer al, an der Gefaangeschaft och alt emol bis zu 25.

Brutt[änneren | Quelltext änneren]

Wéi aner Falconidae och, bauen d'Spuervulle keng eegen Näschter, mä installéiere sech a Fielsnischen an anere geschützte Plazen héich iwwer dem Buedem. D'Balzzäit ass am Fréijoer (variabel jee no Klimazon an Hemisphär), wou een d'Spuervulle bei akrobatesche Flich observéiere kann.

D'Weibche leet eemol am Joer 2-5 Eeër, déi haapssächlech vun him ronn ee Mount laang ausgebréit ginn. No 35 - 45 Deeg kënnen déi Jonk fléien. D'Eltere léiere se dann, hir Beit ze fänken, andeems se en doudegt Déier aus der Luucht eroffale loossen, sou datt dat Jonk em hannendru fléien an et (op)fänke kann. No annerhallwem bis zwéi Méint sinn se dann autonom a verloossen hir Elteren. No 20 Méint si se ausgewuess, a kënnen dat zweet Fréijoer no hirer Gebuert selwer Eltere ginn.

Kascht[änneren | Quelltext änneren]

Spuervullen joe virun allem aner meeschtens mëttelgrouss Vullen, déi s'am Fluch fänken. Dobäi stierzen se sech vun hannen op hir Beit, mat enger Vitesse vun 130 – 180 km/h. Déi bis ewell héchst observéiert Vitesse soll bei 390 km/h geleeën hunn. Méi seele steet klengt Gedéiesch um Buedem um Menü.

De Spuervull zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

An den 1960er Jore war de Spuervull an Europa bal ausgestuerwen. Grond dofir war en héije Pestizidenasaz, besonnesch DDT, deen duerch d'Narungsketten opgeholl gouf a gemaach huet, datt d'Eeërschuelen ze dënn goufen a gebrach sinn. Och gouf e vu verschiddene Dauwenziichter oder Jeeër als "Konkurrent" doutgemaach.

Enn vun den 1990er Jore gouf fir d'éischt zanter den 1960er Joren nees eng Koppel zu Lëtzebuerg gesinn. Zanterhier huet sech d'Populatioun verbreet. 2008 an 2009 konnten déi éischt Näschter an der Stad Lëtzebuerg an zu Esch-Uelzecht, op engem vun den Héichiewen op Esch-Belval, festgestallt ginn.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • T. Conzemius: Die Rückkehr des Wanderfalken 'Falco peregrinus' nach Luxemburg. Regulus: wissenschaftliche Berichte, Nr. 21(2006), S. 40-43.
  • A. de la Fontaine: Faune du Pays de Luxembourg ou Manuel de zoologie contenant la description des animaux vertébrés observés dans le pays de Luxembourg. Oiseaux.] V. Bück, Luxembourg 1865, 326 p. (Spuervull: S. 13-15)
  • J.A. Massard, G. Geimer, P. Kauthen & P. Schiltz: Vom Blaufuß und dem Echternacher Mönch Placidus Eringer. Heimatkalender 2009 Eifelkreis Bitburg-Prüm: 107-113.
  • J. Morbach: Vögel der Heimat. Band 5. Familien der Falken und Greife. Kremer-Müller, Esch-Alzette 1963, 207 p. (Spuervull: S. 23-38).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Category:Falco peregrinus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]