Tejat Prior (Stär)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Tejat Prior (och Propus, ufänglech griichesch fir „vischte Fouss“) ass de Stär η Geminorum (Eta am Stärebild Gemini).

Den Tejat Prior ass en hallefregelméissege Verännerleche vum Typ My Cephei. Seng Hellegkeet schwankt mat enger Period vun 235 Deeg tëschent +3,24 mag an +3,96 mag.

Den Tejat Prior ass e roude Ris mat der Spektralklass M3, hien ass ronn 349 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech.

Als ekliptiknoe Stär kann den Tejat Prior vum Äerdmound a (ziemlech rar!) vu Planéite bedeckt ginn. Déi lescht Bedeckung duerch e Planéit war de 27. Juli 1910 duerch de Planéit Venus, déi virlescht war den 11. Juli 1837 duerch de Merkur.

Koordinate (Equinoxe J2000.0)

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen