Société des naturalistes luxembourgeois: Ënnerscheed tëscht de Versiounen
kKee Resumé vun der Ännerung |
Kee Resumé vun der Ännerung |
||
Linn 2: | Linn 2: | ||
D' '''Société des naturalistes luxembourgeois''' (S.N.L.) regruppéiert zu [[Lëtzebuerg (Land)|Lëtzebuerg]] d'Naturalisten, d.h. Leit déi sech fir d'[[Natur]] an d'[[Naturwëssenschaft]]en interesséieren. D'Gesellschaft gouf 1890 gegrënnt. Mat bal 600 Memberen ass si dee gréisste wëssenschaftleche Veräi vum Land. |
D' '''Société des naturalistes luxembourgeois''' (S.N.L.) regruppéiert zu [[Lëtzebuerg (Land)|Lëtzebuerg]] d'Naturalisten, d.h. Leit déi sech fir d'[[Natur]] an d'[[Naturwëssenschaft]]en interesséieren. D'Gesellschaft gouf 1890 gegrënnt. Mat bal 600 Memberen ass si dee gréisste wëssenschaftleche Veräi vum Land. |
||
D'S.N.L. publizéiert zënter 1891 eng wëssenschaftlech Zäitschrëft, de ''Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois''. 108 Bänn si bis 2007 erauskomm. De ''Bulletin'' ass deen eenzege lëtzebuergesche ''Périodique scientifique'' dee regelméisseg erauskënnt. All Artikele vun deem Bulletin, vun 1891 bis elo, kënne vum SNL-Site[http://snl.lu] um Spaweck erofgeluede ginn. |
D'S.N.L. publizéiert zënter 1891 eng wëssenschaftlech Zäitschrëft, de ''Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois''. 108 Bänn si bis 2007 erauskomm. De ''Bulletin'' ass deen eenzege lëtzebuergesche ''Périodique scientifique'' dee regelméisseg erauskënnt. All Artikele vun deem Bulletin, vun 1891 bis elo, kënne vum SNL-Site[http://snl.lu/cgi-bin/baseportal.pl?htx=/snl/liste] um Spaweck erofgeluede ginn. |
||
== Wëssenschaftler déi mat der SNL verbonne wore/sinn == |
== Wëssenschaftler déi mat der SNL verbonne wore/sinn == |
||
* [[Jacques Bintz]] (*1927), Geolog |
* [[Jacques Bintz]] (*1927), Geolog |
Versioun vum 15:25, 17. Sep. 2007
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/lb/0/0b/Snl_logo.gif)
D' Société des naturalistes luxembourgeois (S.N.L.) regruppéiert zu Lëtzebuerg d'Naturalisten, d.h. Leit déi sech fir d'Natur an d'Naturwëssenschaften interesséieren. D'Gesellschaft gouf 1890 gegrënnt. Mat bal 600 Memberen ass si dee gréisste wëssenschaftleche Veräi vum Land.
D'S.N.L. publizéiert zënter 1891 eng wëssenschaftlech Zäitschrëft, de Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois. 108 Bänn si bis 2007 erauskomm. De Bulletin ass deen eenzege lëtzebuergesche Périodique scientifique dee regelméisseg erauskënnt. All Artikele vun deem Bulletin, vun 1891 bis elo, kënne vum SNL-Site[1] um Spaweck erofgeluede ginn.
Wëssenschaftler déi mat der SNL verbonne wore/sinn
- Jacques Bintz (*1927), Geolog
- Ernest Feltgen (1867-1950), Medeziner a Naturalist
- Victor Ferrant (1856-1942), Zoolog
- Félix Heuertz (1877-1947), Zoolog, Botaniker
- Marcel Heuertz (1904-1981), Naturwëssenschaftler
- Edmond Joseph Klein (1866-1942), Botaniker
- Jean-Henri-Guillaume Krombach (1791-1881), Botaniker
- François-Léon Lefort (1917-1975), Botaniker
- Michel Lucius (1876-1961), Geolog
- Edouard Luja (1875-1953)), Entdeckungsreesender
- Jos. A. Massard (*1944), Biolog, Wëssenschaftshistoriker, Politiker
- Mady Molitor (1937-2005), Biologin
- Léopold Reichling (*1921), Botaniker an Entomolog
- Robert Stumper (1895-1977), Chemiker an Zoolog
Geschichtleches
D'S.N.L. ass 1890 ënner dem Numm FAUNA - Verein Luxemburger Naturfreunde gegrënnt ginn. D'Grënnungsmembere woren: Victor Ferrant, Mathias Kraus, Nic. Leonardy, Hubert Müllenberger a Jean Petermann. Schonns am Joer 1891 steet op dem Deckel vum Bulletin de franséischen Numm: Société des naturalistes luxembourgeois.
Wichteg Etappen an der Geschicht vum Veräi sinn:
- 1907 kënnt et zur Fusioun mat der Société de botanique, déi 1872 gegrënnt gouf.
- 1930 publizéiert d'Gesellschaft hir Statuten am Mémorial.
- 1982 ass d'S.N.L. ee vun de Grënnungsmembere vun der Fondatioun Hëllef fir d'Natur, zesumme mat der Natura an der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga.
- 1994 ass d'Ouverture vum Haus vun der Natur op der Kockelscheier. D'Haus gëtt vun 6 Veräiner verwalt, dorënner d'S.N.L. (cf. de Bulletin n° 96/1995).
- 1998 dréit d'S.N.L. zur Grënnung vun der Fondation Faune-Flore - Institut de recherche sur le patrimoine naturel et la diversité biologique bäi.
- Zënter 2001 ass d'S.N.L. um Spaweck vertrueden (www.snl.lu).
- Zënter Januar 2007 ass dee ganze Bulletin vun der SNL (108 Bänn) online.
En détailléierten Historique fënnt een am Joerhonnertbuch Livre du Centenaire de la SNL (MASSARD, J. A. 1990 : Livre du Centenaire 1890-1990. - Bull. Soc. Nat. luxemb. 91: 5-466).