Op den Inhalt sprangen

(24) Themis

Vu Wikipedia
(24) Themis
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 3,1349 AE
Exzentrizitéit 0,1258
Sideresch Ëmlafzäit 5 a 195 d
Mëttel Bunnvitess 16,8 km/s
Inklinatioun 0,7523 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 198 km
Mass 2,3 × 10 19  kg
Mëttel Dicht 2,78 ± 1,35 g/cm3
Rotatiounsperiod 8 h 22 min
Albedo 0,067
Absolut Hellegkeet 7,08M
Spektralklass C
Entdeckung
Entdecker Annibale de Gasparis
Entdeckungsdatum 5. Abrëll 1853
Plaz Osservatorio Astronomico di Capodimonte
Aner Bezeechnungen 1947 BA, 1955 OH

Den (24) Themis ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture.

Hie gouf de 5. Abrëll 1853 vum Annibale de Gasparis entdeckt. Den Numm leet sech vum Themis, an der griichescher Mythologie d'Duechter vum Uranos an der Gaia, of.

Eegenschaften

[änneren | Quelltext änneren]

Mat engem Duerchmiesser vu ronn 200 Kilometer ass den Themis ee vun de gréisste Asteroide vun der Haaptceinture. Hien huet eng däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,067. Den Themis rotéiert an 8 Stonnen an 22 Minutten ëm seng eegen Achs.

2008 gouf mat engem Teleskop op Hawaii (Infrared Telescope Facility) Waasseräis op der Uewerfläch vum Asteroid entdeckt[1]. Am Fachblad Nature hunn zwéin Fuerscherteamer iwwer déi iwwerraschend Entdeckung vum Äis op der Uewerfläch geschriwwen. Deemno ass den Asteroid an eng dënn Schicht aus gefruerenem Waasser agehüllt[2]. Eng ausféierlech Studie baséierend op dem Absorptiounsverhalen am noen-infraroudem Reflexiounsspektrum séchert dës Observatioun a liwwert gläichzäiteg och Hiweiser op organesch Verbindungen op der Uewerfläch vum Asteroid[3].

Konjunktioun Stationär,
da réckeefeg
Oppositioun Stationär,
da rechtleefeg
DatumDistanzHellegkeet
23. Juli 201329. Januar 201416. Mäerz 20141,75906 AE10,63. Mee 2014
8. November 201422. Abrëll 201515. Juni 20152,26743 AE11,58. August 2015
17. Januar 201623. Juni 201618. August 20162,53523 AE11,913. Oktober 2016

Portal Astronomie

  • A. S. Rivkin, J. P. Emery: WATER ICE ON 24 THEMIS?. Asteroids, Comets, Meteors (2008) online (PDF)

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Confirming Water Ice on the Surface of Asteroid 24 Themis 2009: American Astronomical Society
  2. Den Asteroid Themis huet eng Kuuscht aus Äis
  3. Humberto Campins et al.: Water ice and organics on the surface of the asteroid 24 Themis, Nature, 2010, Bd. 464, S. 1320-1321