(434) Hungaria

Vu Wikipedia
(434) Hungaria
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 1,944 A.E.
Exzentrizitéit 0,0739
Sideresch Ëmlafzäit 2 a 260 d
Mëttel Bunnvitess 21,3 km/s
Inklinatioun 22,51 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 11 km
Rotatiounsperiod 26 h 31 min
Albedo 0,43
Absolut Hellegkeet 11,2M
Spektralklass E
Entdeckung
Entdecker Max Wolf
Entdeckungsdatum 11. September 1898
Plaz Landesobservatoire Heidelberg-Königstuhl
Aner Bezeechnungen 1898 DR


Den (434) Hungaria ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture.

E gouf den 11. September 1898 vum Max Wolf zu Heidelberg entdeckt. Den Asteroid gouf am selwechte Joer op engem astronomesche Kongress zu Budapest, nom Gaaschtland Ungarn genannt.

Den Asteroid (434) Hungaria ass de Prototyp vun der Hungaria-Grupp. Charakteristesch fir déi Grupp ass d'9:2-Bunnresonanz mam Planéit Jupiter. D'Asteroide vun där Grupp hu bal kreesronn Bunnen (mëttel Exzentrizitéit vun 0,08) mat enger Hallefachs vun 1,7 bis 2 AE (also am bannenzege Beräich vun der Asteroidenceinture), déi staark (17° bis 27°) schréi zu der Ekliptik steet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie