Op den Inhalt sprangen

(45) Eugenia

Vu Wikipedia
(45) Eugenia
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,720 AE
Exzentrizitéit 0,0813
Sideresch Ëmlafzäit 4 a 178 d
Mëttel Bunnvitess 18,0 km/s
Inklinatioun 6,61 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 215 km
Mass 5,8 • 1018kg
Mëttel Dicht 1,12 g/cm3
Rotatiounsperiod 5 h 42 min
Albedo 0,0398
Absolut Hellegkeet 7,46M
Spektralklass FC
Entdeckung
Entdecker H. M. S. Goldschmidt
Entdeckungsdatum 27. Juni 1857
Plaz Paräis
Aner Bezeechnungen 1941 BN
3D-Modell vum (45) Eugenia

Den (45) Eugenia ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture.

Den Objet gouf de 27. Juni 1857 vum Hermann Mayer Salomon Goldschmidt entdeckt.

Den Himmelskierper gouf no der Eugénie de Montijo, der Fra vum Napoleon III., genannt.

Mat engem Duerchmiesser vun 215 km ass den Eugenia ee vun de gréissten Asteroide vun der Haaptceinture. Hien huet eng donkel, kuelestoffräich Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04. Déi niddreg Dicht vun 1,12 g/cm3 weist drop hin, datt den Himmelskierper e rubble pile, eng labber Usammlung vu Stëbs a Gestengs, kéint sinn.

De 6. Oktober 1999 gouf en natierleche Satellit beim Eugenia entdeckt a vum Antoine de Saint-Exupery nom klenge Prënz Petit-Prince genannt. Et handelt sech ëm een 13 km grousse Kierper, deen den Eugenia op enger Distanz vun 1.184 km a 4,766 Deeg ëmkreest. Nom Dactyl war dëst déi zweet Entdeckung vun engem Asteroidemound.

Am Mäerz 2007 gouf d'Entdeckung vun engem zweete Mound bekannt ginn. Den Objet, deen de provisoreschen Numm S/2004 (45) 1 krut, gouf op Fotoen aus dem Joer 2004 entdeckt[1].

Stationär
da réckleefeg
OppositiounOppositioun
Distanz
Oppositioun
Hellegkeet
Stationär
da rechtleefeg
Konjunktioun
6. Abrëll 201421. Mee 20141,49480 AE10,8 mag7. Juli 201421. Januar 2015
30. Juli 201512. September 20151,81065 AE11,2 mag5. November 201526. Abrëll 2016
21. Oktober 201611. Dezember 20161,94505 AE11,6 mag1. Februar 201728. Juli 2017

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Asteroids with Satellites - (45) Eugenia, Petit-Prince, and S/2004 (45) 1