(486958) Arrokoth

Vu Wikipedia
(486958) 2014 MU69
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp transneptuneschen Objet (TNO)
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 44 A.E.
Exzentrizitéit 0,04
Sideresch Ëmlafzäit 293 a
Inklinatioun Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 30–45 km&thinsp
Rotatiounsperiod h
Albedo 0,04–0,10 
Absolut Hellegkeet zirka 9M
Entdeckung
Entdecker Hubble-Weltraumteleskop
Entdeckungsdatum 26. Juni 2014
Plaz Hubble-Weltraumteleskop
Aner Bezeechnungen 1110113Y


Eng animéiert Versioun vun de Biller bei der Entdeckung, an Ofstänn vun 10 Minutten zesummegestallt. Den 2014 MU69 ass an de grénge Kreesser.

Den (486958) 2014 MU69, am Ufank vun den New Horizons- an Hubble-Ekippen: 1110113Y a PT1 (Potential Target 1), oder och nach Ultima Thule (aus dem lat. Plaz déi am wäitsten ewech ass) genannt ass e Cubewano. Am August 2015 gouf hien als Zil vun der Sond New Horizons fir Ënnersich erausgersicht, nodeem se schonn d'Plutosystem ënnersicht hat. D'Sond ass den 1. Januar 2019 laanscht den Asteroid geflunn. Den 2014 MU69 huet eng Ëmlafzäit vu ronn 293 Joer, säin Duerchmiesser gëtt mat 25 bis 45 Kilometer uginn an déi visuell Magnitude ass 26,8M Seng Bunn ass bal kreesfërmeg a steet nëmmen e bëssi schréi géint d'Ekliptik.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

Den (486958) 2014 MU69 gouf de 26. Juni 2014 bei enger geziilter Sich fir weider méiglech Laanschtfluchziler fir den New Horizons, entdeckt an am Oktober als Kandidat fir d'New Horizons ugekënnegt[1][1][2]. Déi offiziell Bezeechnung 2014 MU69 krut den Objet vum MPO am Mee 2015, nodeem d'Bunndaten zimmlech genee bestëmmt waren. Den Objet soll ausser der aktueller Nummeréierung e richtegen Numm kréien, deen an engem Concours vu jiddwerengem virgeschloe ka ginn.

Ënnersich mam New Horizons[änneren | Quelltext änneren]

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Den (486958) 2014 MU69 ass den éischte klengen a gläichzäiteg dee Kuiperceinture-Objet, deen am wäitste vun eis ewech läit, dee vun enger Sond méi no ënnersicht konnt ginn. Am Ufank vun der Missioun war den Objet nach net bekannt.

Zum Zäitpunkt vum Rendez-vous den 1. Januar 2019 war den Objet ongeféier 43,4 AE vun der Sonn ewech. D'Sond ass vill méi no wéi beim Pluto op enger Distanz vun 3500 km laanschtgeflunn an huet dobäi all d'Instrumenter fir d'Observatioun agesat. Déi uschléissend Iwwermëttlung vun den Date soll viraussiichtlech ronn 20 Méint daueren, bis Enn 2020.

Et gëtt erwaart, datt den Objet an engem déifgefrueren Zoustand ass, wéi e scho virun ongeféier 4,6 Milliarde Joer, beim Entstoe vum Sonnesystem war, an doduerch Ablécker an déi fréi Phas vun der Sonnesystemgenesis erméigleche kannn.[3] Bis zum Rendez-vous mam New Horizons gouf den Objet nach intensiv mam Hubble observéiert, fir méiglechst genee Bunndaten an Informatiounen iwwer d'Rotatioun ze kréien.

Den 3. Juni, souwéi den 10. a 17. Juli 2017 goufen dräi Stärbedeckungen duerch den Objet erwaart. Astronome wollten déi ausnotzen, fir am Virfeld Informatiounen iwwer den Duerchmiesser a Brochstécker déi e begleeden oder iwwer e Ranksystem ze kréien. D'Daten aus der Bedeckung vum 3. Juni haten iwwerraschend Erkenntnesser bruecht. D'Bedeckung konnt vu kengem Observatiounspunkt festgestallt ginn. D'Wëssenschaftler schléissen doraus, datt den Objet méi kleng ass, wéi d'Observatioune vum Hubble virgesinn haten, an d'Gréisst éischter méi kleng wéi déi 20 bis 40 ugeholle km ass. Den Objet muss deementspriechend staark reflektéieren, oder et handelt sech ëm e binäre System oder souguer ëm e Schwaarm vu klengen Objeten, déi bei der Genesis vum Sonnesystem iwwreg bliwwe sinn.[4] Bei der Okkultatioun vum 17. Juli 2017 konnt festgestallt ginn, datt den Objet méi kleng wéi 30 km a laang gestreckt ass oder esouguer e binäre System ass, bei deem déi béid Deeler jee 15–20 km grouss sinn.[5]

D'Bunn vum New Horizons zum 2014 MU69

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: (486958) 2014 MU69 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 [1]
  2. [2]
  3. August 28, 2015 NASA's New Horizons Team Selects Potential Kuiper Belt Flyby Target
  4. Horizons: New Mysteries Surround New Horizons' Next Flyby Target|autor=|hrsg=|werk=|datum=|sprache=en|gekuckt den 2017-07-15
  5. Horizons' Next Target Just Got a Lot More Interesting|autor=|hrsg=|werk=|datum=|sprache=en|gekuckt den 2017-08-06