(5535) Annefrank

Vu Wikipedia
(5535) Annefrank
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,213 A.E.
Exzentrizitéit 0,0638
Sideresch Ëmlafzäit 3,29 Joer
Mëttel Bunnvitess 20,02 km/s
Inklinatioun 4,248 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 6,6 × 5,0 × 3,4 km  km
Mass ≈1,3•1014 kg
Mëttel Dicht ≈2,3 g/cm3
Albedo 0,18-0,24
Absolut Hellegkeet 13,7M
Spektralklass S
Entdeckung
Entdecker K. Reinmuth
Entdeckungsdatum 23. Mäerz 1942
Plaz Landesobservatoire Heidelberg-Königstuhl
Aner Bezeechnungen 1942 EM; 1978 EK6; 1986 TV14; 1991 BO2


Den (5535) Annefrank ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture. Hien huet en Duerchmiesser vu sechs Kilometer.
Hie gouf den 23. Mäerz 1942 vum däitschen Astronom Karl Wilhelm Reinmuth entdeckt a spéider zum Gedenken un d'Holocaust-Affer Anne Frank genannt.

Annefrank beweegt sech tëscht 2,0713 AE (Perihel) bis 2,3537 AE (Aphel) op enger bal kreesfërmeger Bunn ëm d'Sonn. D'Bunn ass 4,2475° géint d'Ekliptik gebéit, an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,0638.

Den 2. November 2002 war d'Raumsond Stardust op enger Distanz vun 3079 km laanscht den Asteroid geflunn an hat iwwer 70 Fotoen op d'Äerd geschéckt. D'Biller weisen en onreegelméisseg geformten, vun Aschlagkraterere iwwerséiten Himmelskierper mat enger ganz donkler Uewerfläch.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: (5535) Annefrank – Biller, Videoen oder Audiodateien