(887) Alinda

Vu Wikipedia
(887) Alinda
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Amor-Asteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,4842 A.E.
Exzentrizitéit 0,5647
Sideresch Ëmlafzäit 3,92 Joer
Mëttel Bunnvitess 18,89 km/s
Inklinatioun 9,3329 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 4,2 km
Rotatiounsperiod 73,97 h
Albedo 0,31
Absolut Hellegkeet 13,76M
Spektralklass S-Typ
Entdeckung
Entdecker Max Wolf
Entdeckungsdatum 3. Januar 1918
Plaz Landesobservatoire Heidelberg-Königstuhl
Aner Bezeechnungen 1918 DB


Den (887) Alinda ass en Asteroid aus der Grupp vun den Amor-Asteroiden.
Den Alinda gouf den 3. November 1918 vum däitschen Astronom Max Wolf entdeckt an e gouf entweeder no der Stad Alinda a Klengasien oder no enger Figur aus der Mythologie vun den australeschen Aborigines (Mann am Mound), genannt.

Den Alinda beweegt sech tëscht 1,0815 AU (Perihel) an 3,8870 AU (Aphel) an 3,92 Joer op enger exzentrescher (e = 0,5647) Bunn ëm d'Sonn. D'Bunn steet 9,3329° schréi zur Ekliptik.

En huet en Duerchmiesser vu 4,2 km a rotéiert an 73 Stonnen an 58 Sekonnen ëm déi eegen Achs. D'Albedo ass 0,31. Den Alinda erreecht bei senger kierzter Distanz zur Äerd (0,1037 AU) eng Hellegkeet vun 9,8 M.

Alinda-Grupp[änneren | Quelltext änneren]

Nieft der Klassifikatioun bei d'Amor-Asteroiden, huet den Alinda e puer besonnesch Eegenschaften, duerch déi en enger eegener Grupp vun Objeten den Numm ginn huet. Déi Grupp beweegt sech an enger 3:1-Bunnresonanz zum Jupiter an an enger 1:4-Resonanz zu der Äerd, d. h. si ëmkreest wärend engem Jupiterëmlaf dräimol a wärend engem Äerdjoer eemol d'Sonn. D'Memberen hu Bunnhallefachse vu ronn 2,5 AU. D'Bunne vun deenen Asteroide ginn duerch d'Resonanz zum Jupiter gestéiert, déi dozou féiert, datt dat Gebitt vun Asteroide fräigeraumt gëtt (do besteet eng vun den eidele Kirkwoodlplaze vun der Haaptasteroidenceinture). Doduerch ginn d'Exzentrizitéite vun dësen Objete stänneg erhéicht, bis d'Resonanz bei engem Rendez-vous bei engem vun de bannenzege Planéiten opgeléist gëtt. En ettlech Alinda-Asteroiden hunn hire Perihel no oder bannent der Äerdbunn. En anere Vertrieder vun där Grupp ass den Asteroid (4179) Toutatis, dee wéinst senger 1:4-Resonanz mat der Äerdbunn reegelméisseg bal all véier Joer no bei eise Planéit kënnt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie