(98494) Marsupilami
Ausgesinn
| Eegenschafte vum Orbit | |
|---|---|
| Orbittyp | Haaptceintureasteroid |
| Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
| Grouss Hallefachs | 2,3702 AE |
| Exzentrizitéit | 0,1554 |
| Sideresch Ëmlafzäit | 3,65 a |
| Mëttel Bunnvitess | 19,35 km/s |
| Inklinatioun | 3,5681 Grad |
| Physikalesch Eegenschaften | |
| Duerchmiesser | zirka 3 km |
| Absolut Hellegkeet | 15,932 (± 0,50206)M |
| Entdeckung | |
| Entdecker | Jean-Claude Merlin |
| Entdeckungsdatum | 27. Oktober 2000 |
| Plaz | Le Creusot |
| Aner Bezeechnungen | 2000 UN111 |
Den (98494) Marsupilami ass en Asteroid vun der bannenzeger Haaptceinture. Hie gouf vum franséischen Informatiker an Amateurastronom Jean-Claude Merlin de 27. Oktober 2000 am Observatoire zu Le Creusot, Departement Saône-et-Loire, entdeckt.
Den Duerchmiesser vum Asteroid huet an der Moyenne ronn dräi Kilometer[1].
Den (98494) Maruspilami gehéiert zu der Nysa-Grupp, eng nom (44) Nysa genannte Grupp vun Asteroide (och Hertha-Famill genannt, nom (135) Hertha).
Den (98494) Marsupilami gouf den 19. September 2005 op Virschlag vum Jean-Claude Merlin nom Marsupilami genannt, enger vum André Franquin erduechter a gezeechneter Comicfigur.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (en) Astronomesch Date vum (98494) Marsupilami
- (en) (98494) Marsupilami an der Small-Body Database vum Jet Propulsion Laboratory vun der NASA am California Institute of Technology (Caltech) zu Pasadena, Kalifornien
- (en) vum (98494) Marsupilami nom Minor Planet Center vun der I. A. U. beim Harvard-Smithsonian Center for Astrophysics zu Cambridge, Massachusetts