1792
Ausgesinn
◄ |
17. Joerhonnert |
18. Joerhonnert
| 19. Joerhonnert
| ►
◄◄ |
◄ |
1788 |
1789 |
1790 |
1791 |
1792
| 1793
| 1794
| 1795
| 1796
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1792.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- Januar: Frankräich: De Jean-Nicolas Pache grënnt d'Société patriotique du Luxembourg, Membere sinn ënner anerem de Gaspard Monge, de Jean-Baptiste Marie Meusnier de la Place, de Jean Henri Hassenfratz an den Alexandre-Théophile Vandermonde.
- : Allianz tëscht 7. FebruarÉisträich a Preisen.
- 19. Mäerz: Frankräich: De Charles François Dumouriez gëtt Bausseminister.
- 23. Mäerz: Frankräich: D'Ministere vun de Feuillants ginn duerch Ministere vun de Girondins ersat.
- 20. Abrëll: Frankräich erkläert Éisträich de Krich. Et kënnt zum Éischte Koalitiounskrich tëscht Éisträich mat Preise géint Frankräich.
- 13. Juni: Frankräich: De Kinnek Louis XVI. geheit d'Ministere vun de Girondins nees eraus.
- 15. Juni: Frankräich: Demissioun vum Ausseminister Charles François Dumouriez.
- 20. Juni: Frankräich: D'Vollek belagert d'Tuilerien, a fuerdert datt d'Ministeren nees zeréckkommen. Mä de Kinnek Louis XVI. gëtt net no.
- 11. Juli: Preisen trëtt an de Krich an.
- 10. August: Frankräich: Commune de Paris: Stuerm vun de Sansculottes ënner dem Danton a Marat op d'Tuilerien; eng nei Nationalversammlung gëtt gewielt: d'Convention nationale.
- 13. - 18. August: D'Haaptarméi vun de Koalitiounstruppen, ënner dem Herzog vu Brauschweig, schléit zu Mutfert hiren Haaptquartéier op, ier et Richtung Frankräich weidergeet.
- 13. August: Frankräich: D'kinneklech Famill ass am Temple agespaart.
- 19. August: Frankräich: Verrot vum La Fayette.
- 2. - 5. September: Frankräich: Septembermassakeren.
- : 9. SeptemberFrankräich: Massaker zu Versailles vun de Prisonéier vun Orléans.
- 20. September: Koalitiounskricher: Schluecht vu Valmy: éischt entscheedend Victoire vun der Revolutiounsarméi.
- 21. September: Frankräich: Zesummentrëtt vun der Convention nationale: d'Monarchie gëtt ofgeschaaft.
- 22. September: Frankräich: D'Republik gëtt ausgeruff.
- : 6. NovemberKoalitiounskricher: Schluecht vu Jemappes.
- 27. November: Frankräich: Annexioun vun der Savoie.
- 11. Dezember: Frankräich: Ufank vum Prozess géint de Louis XVI.
Konscht a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]- 25. Abrëll: De Rouget de l'Isle schreift e Lidd wat spéider zu der Marseillaise sollt ginn.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]- Dominique Stoffel, lëtzebuergesche Politiker.
- 12. Februar:Ferdinand de Braekeleer den Alen, belsche Moler.
- 28. Februar: Karl Ernst von Baer, däitsch-balteschen Naturwëssenschaftler an Entdeckungsreesenden.
- 29. Februar: Gioacchino Rossini, italieenesche Komponist.
- : 2. MäerzMichel Gloesener, lëtzebuergesche Physiker.
- : 6. MäerzJean-Jacques Willmar, lëtzebuergesche Politiker.
- : 7. MäerzJohn Herschel, britteschen Astronom.
- 20. Mäerz: Joseph Baldauff, Iechternacher Händler a Politiker.
- 30. Mäerz: Alphonse Claude du Pasquier, lëtzebuergeschen Industriellen a Schmelzhär.
- 21. Mee: Gaspard-Gustave de Coriolis, franséische Mathematiker an Ingenieur.
- 28. Juni: Louis Fendius, lëtzebuergesche Politiker a Magistrat.
- : 6. DezemberWëllem II., Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg.
- 29. Dezember: Jean-Pierre David Heldenstein, lëtzebuergeschen Apdikter a Politiker.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 23. Februar: Joshua Reynolds, englesche Moler.
- : 1. MäerzLeopold II., réimesch-däitsche Keeser.
- 25. Abrëll: Nicolas Jacques Pelletier, éischte Mënsch deen a Frankräich op der Guillotine higeriicht gouf.
- 29. Juli: René Nicolas de Maupeou, franséische Magistrat a Politiker.
- 22. Oktober: Guillaume Le Gentil, franséischen Astronom.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 1792 – Biller, Videoen oder Audiodateien |