2018 CB
Ausgesinn
2018 CB | |
---|---|
Orbittyp | Apollo-Typ |
Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
Grouss Hallefachs | 1,4085 A.E. |
Perihel – Aphel | 0,9582 – 1,8589 AE |
Exzentrizitéit | 0,3197 |
Inklinatioun | 5,3027 Grad |
Peridatum | 5.Mäerz 2018 |
Sideresch Ëmlafzäit | 1,674 a |
Mëttel Bunnvitess | km/s |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 15 - 40 Meter |
Mass | ? |
Albedo | >0.18 ~1? |
Mëttel Dicht | ? |
Rotatiounsperiod | |
Absolut Hellegkeet | 25,901 (±0,3137) |
Spektralklass | |
Entdeckung | |
Entdecker | Catalina Sky Survey |
Datum | 4. Februar 2018 |
Plaz | Arizona |
Aner Bezeechnungen |
Den 2018 CB ass e klengen äerdnoen Asteroid mit engem méigleche mëttleren Duerchmiesser tëscht 15 an 40 Meter. Hie gëtt zu der Grupp vun den Apollo-Asteroiden gezielt. Dat sinn Himmelskierper, deenen hir Bunnen d'Äerdbunn kräizen.
Den Asteroid gouf de 4. Februar 2018 am US-Bundesstaat Arizona mam Projet Catalina Sky Survey entdeckt. De 9. Februar 2018 um 23:03 Auer MEZ huet hien d'Äerd op enger Distanz vun 0,000431 AE (64.500 km) passéiert. Déi Distanz ass manner wéi e Fënneftel vun der Streck tëscht der Äerd an dem Äerdmound. D'Vitess beim nooste Rendez-vous gouf op 7,275 km/s relativ zu der Äerd berechent.
Dem NASA-Fuerscher Paul W. Chodas no, war den Asteroid 2018 CB keng Gefor fir d'Äerd:
- "Asteroide vun där Gréisst kommen net dacks sou no bei eise Planéit, vläicht nëmmen een- oder zweemol pro Joer."[1]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 2018 CB – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- JPL Asteroiden-Datebank: 2018 CB
- AstDyS -CB Astronomesch Date vum 2018 CB
- Fënnefmol méi no wéi de Mound: Just entdeckten Asteroid flitt knapps laanscht d'Äerd bei Chip Online vum 8. Februar 2018
- NASA
- watchers.news