Abrëllsblumm

Vu Wikipedia
Abrëllsblumm
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ënnerräich Tracheobionta
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Uerdnung Ranunculales
Famill Botterblummen
Gattung Anemone
Wëssenschaftlechen Numm
Anemone nemorosa
L.
D'Abrëllsblumm nieft dem Däiwelsbaart op enger Lithographie am Gëftplanzebuch vum Mathias Kraus[1]

D'Abrëllsblumm (Anemone nemorosa L.) ass eng Bléieplanz aus der Gattung Anemon (Anemone), déi zu der Famill vun de Botterblummen (Ranunculaceae) gehéiert.

Nimm[änneren | Quelltext änneren]

De wëssenschaftleche Gattungsnumm gëtt dacks op dat griichescht Wuert ánemos (= "Wand") zeréckgefouert, mä den Urspronk schéngt éischter beim arabeschen Numm an-nu'mān (= Blutt) ze leien[2], eng Bezeechnung fir eng Planz déi rout blitt, wéi d'Adonis[3].

Den Aartennumm ass dat laténgescht Adjektiv nemorosa/-us = "am Schiet".

Dem Henri Klees no huet d'Aart nach follgend Nimm: Bloderblumm, Bëschblumm, Hefflerblumm, Holzblumm, Kéisblimmchen, Këschteblumm, Läffelsblumm, Läffelkraut, Mäerzblumm, Ouschterbléi, Schankeblumm, Heckebloum, Pottschambsbloum[4].

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Planz déi e puer Joer hannereneen erëmkënnt, gëtt tëscht 10 a 25 cm grouss a blitt tëscht Mäerz an Abrëll/Mee. Hir Blieder sinn tëscht 5 an 12 cm laang, mëttelgréng, mat dräi ofgerënnte Wutzen, a mat klengen Zänn laanscht d'Säiten. Se huet eng wäiss eenzel Bléi mat 6 - 8 Bléieblieder, déi tëscht 2 an 3 cm grouss ass, déi heiansdo och liicht rosa ka sinn. Si huet e flaacht Wuerzelwierk, dat sech wäit ëm d'Planz ausbreet. De Som gëtt vu Seechomesse verspreet.

Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

D'Blumm ass an Europa an den hiwwelege Géigenden, an an de Bierger, an de Bëscher an op Wisen ze fannen.

Gëftegkeet[änneren | Quelltext änneren]

D'Planz, déi Protoanemonin enthält, ass gëfteg.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Genaust, H. 2017. Etymologisches Wörterbuch der botanischen Pflanzennamen. 6. Aufl. Verlag Springer Basel AG. ISBN 978-3-86820-149-9.
  • Klees, Henri, 1994. Luxemburger Pflanzennamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. VIII. 3. Aufl., 182 S., Pierre Linden, Luxemburg.
  • Kraus, Mathias, 1887. Die einheimischen Giftpflanzen / mit naturgetreuen Abbildungen auf 21 colorirten Tafeln aus der litographischen [sic] Anstalt von J. F. Schreiber in Esslingen. 104 S. Verlag von J. Erpelding, Luxemburg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Notten[Quelltext änneren]

  1. Dës Lithographie vum Jakob Ferdinand Schreiber steet nieft der Säit 10 am Buch "Die einheimischen Giftpflanzen" vun 1887.
  2. Cf. Genaust 2017: 62 an der Literatur.
  3. Z. B. d'Summer-Adonis (Adonis aestivalis L.)
  4. Cf. Klees 1994 Nr. 31 / S. 3 an der Literatur.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Anemone nemorosa – Biller, Videoen oder Audiodateien