Adolf Erik Nordenskiöld
| Adolf Erik Nordenskiöld | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
18. November 1832 Helsinki |
| Gestuerwen | 12. August 1901 |
| Doudesursaach | Häerzschlag |
| Nationalitéit | Schweden, Suomen suuriruhtinaskunta |
| Aktivitéit | Kartograph, Schrëftsteller, Geolog, Geograph, Mineralog, Politiker, Botaniker, Aristokrat |
| Member vun | Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Schweedesch Akademie, American Academy of Arts and Sciences, Niedersächsische Akademie der Wissenschaften zu Göttingen, Accademia delle Scienze di Torino, Accademia Nazionale dei Lincei |
| Auszeechnungen | Pour le Mérite fir Wëssenschaft a Konscht, Commandeur vun der Légion d'honneur, Grousskräiz vum Isabellauerden |
| Famill | |
| Bestuet mat | Anna Maria Nordenskiöld |
| Papp | Nils Gustaf Nordenskiöld |
|
| |
Den Adolf Erik Nordenskiöld, och nach bekannt als A. E. Nordenskioeld, gebuer den 18. November 1832 zu Helsinki a Finnland, a gestuerwen den 12. August 1901 op Dalbyö am Södermanland, war e Polarfuerscher vu finnlandschweedescher Ofstamung, deen a Schweden geschafft huet.
Hien huet fënnef Fuerschungsreesen op Spitzbergen ënnerholl (1858, 1861, 1864, 1868, 1872/1873), eng Expeditioun a West-Grönland (1870) an zwou Reesen duerch d'Karamier bis zum Jenissej (1875 an 1876).
Vun 1878 bis 1880 ass e mat der "Vega" als Éischten déi sougennannt Nordost-Passage gefuer, also laanscht d'ganz Nordküst vun Europa bis an Asien. 1883 huet en eng weider Expeditioun ënnerholl fir vun der Westküst vu Grönland aus d'Bannenäis z'erfuerschen.
D'Nordenskiöld-Sammlung vu karthographeschem a geographeschem Material an der Universitéitsbibliothéik zu Helsinki gehéiert zum UNESCO-Gediechtnes vun der Welt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Adolf Erik Nordenskiöld – Biller, Videoen oder Audiodateien |
