Albert Soboul

Vu Wikipedia
Albert Soboul
Pseudonym Pierre Dérocles, Jules Leverrier
Gebuer 27. Abrëll 1914
Gestuerwen 11. September 1982
Nîmes
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Universitéit vu Paräis,
Lycée Henri IV
Aktivitéit Historiker, RIF- Resistenzler
Partei PCF
Member vun Akademie der Wissenschaften der DDR, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie

Den Albert Marius Soboul, gebuer de 27. Abrëll 1914 zu Ammi Moussa (Oran), gestuerwen den 11. September 1982 zu Nîmes, war e franséischen Historiker, dee sech op d'Period vun der Franséischer Revolutioun an den Napoléon spezialiséiert hat.

De Soboul, dee bei Oran op d'Welt koum, huet säi Papp am November 1914 am Éischte Weltkrich verluer. Zesumme mat senger méi aler Schwëster Gisèle huet hien an enger éischter Zäit an Algerie gewunnt. Nom Doud vu senger Mamm am Joer 1922 sinn d'Gesëschter op Nîmes bei hir Tatta Marie komm. Hien huet säi Secondaire am Lycée vun Nîmes ugefaangen, an ass duerno op Paräis an de Lycée Louis-le-Grand gaangen. Säin Universitéitsstudium huet hien op der Sorbonne gemaach.

1936 huet hien ënner dem Pseudonym Pierre Derocles e Wierk iwwer de Revolutionär Saint-Just erausbruecht. Nodeem hie schonn eng Zäit u kommunisteschen Aktioune bedeelegt war, ass hien 1939 der franséischer kommunistescher Partei bäigetrueden. Am selwechte Joer gouf hien zum Militärdéngscht geruff, a war bei der Artillerie. Hien huet awer selwer ni e Kampf bis zu senger Demobilisatioun 1940 gesinn. Hie gouf Professer am Lycée vu Montpellier, wou hien awer am Juli 1942 seng Saachen huet missen zesummepaken, nodeem hien eng Studentemanifestatioun organiséiert hat. D'Haaptkrichsjoren huet hie mat Recherche fir de Musée national des Arts et Traditions Populaires verbruecht.

No der Libération 1944 krut de Soboul seng Plaz zu Montpellier nees zeréck, ier hien an de Lycéeë Marcelin-Berthelot an Henri-IV Schoul gehalen huet. De Soboul huet Frëndschaft mam Historiker Georges Lefebvre geschloss, an ënner deem senger Leedung seng Thees iwwer Les sans-culottes parisiens en l'an II am Joer 1958 preparéiert. De Soboul gouf op d'Universitéit vu Clermont-Ferrand geruff, a krut 1967 de Sëtz vun der Revolutiounsgeschicht op der Sorbonne.

An de weidere 15 Joer huet hie vill historesch Wierker erausbruecht, dorënner La Civilisation de la Révolution française. Vun 1970-80 huet hie sech misse géint d'Oppositioun vun der "École révisionniste" ronderëm de François Furet an den Denis Richet duerchsetzen. Zanter sengem Doud zu Nîmes am Joer 1982 huet säi Ruff e bësse gelidden. Seng Wierker, déi an engem klore Stil geschriwwe sinn, zielen awer weiderhin als wichteg Kontributioun zu der Etüd vun der Geschicht "vun ënnen erop".

De Soboul läit um Père Lachaise-Kierfecht begruewen, net wäit ewech vun de Griewer vun den Haaptcheffe vun der kommunistescher Partei an der Mauer vun de Federéierten, wou déi lescht Kommunarden am Mee 1871 erschoss gi waren.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • L'Armée nationale sous la Révolution, Éditions France d'abord, 1945.
  • Les Sans-culottes parisiens en l'an II. Mouvement populaire et gouvernement révolutionnaire (1793-1794), La Roche-sur-Yon 1958.
  • La Révolution française. 1789-1799, Éditions sociales, 1948.
  • Histoire de la Révolution française, Éditions sociales, 1962.
  • La Civilisation de la Révolution française, Arthaud, 1970.
Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.