Anna Moes

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Hiert Graf um Nikloskierfecht.

D'Anna Moes, mam Ordinatsnumm Maria Dominika Klara vom hl. Kreuz, och bekannt ënner dem ironesche Spëtznumm Klara Wupp,[1] gebuer de 27. Oktober 1832 zu Bus am Kanton Réimech, a gestuerwen de 24. Februar 1895 um Lampertsbierg (Stad Lëtzebuerg), war eng lëtzebuergesch Nonn a Priorin vum Dominikanerinneklouschter um Lampertsbierg.

D'Anna Moes soll schonn an hirer fréier Jugend Visioune gehat hunn. Si huet sech dofir agesat, datt den Dominikaneruerden zu Lëtzebuerg nees opgebaut sollt ginn. Si huet d'Dominikanerinneklouschter um Lampersbierg gestëft,[2] deem seng Priorin se gouf, a spéider och dat vu Clairefontaine.

Si hat mat Stigmatisatioun fir grouss Opreegung gesuergt a bei dem spéidere Bëschof Jean Joseph Koppes groussen Androck hannerlooss, soudatt deen, nodeem en zu Roum de 4. November 1883 zum Bëschof geweit gouf, a sengem Heemechtsland net vun alle mat oppenen Äerm empfaange gouf.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Barthel, J.P.: Mutter Maria Dominika Klara Moes vom hl. Kreuz und ihre Klostergründung 1832 - 1895, Nach authentischen Quellen bearbeitet, Mit Autograph und 8 Einschaltbildern. Luxemburg, St. Paulus Druckerei 1908, 2. verbessert Oplo 1926.[3]
  • Montanus Leo (= Mathias Tresch): Aus dem Tagebuch einer hysterischen Nonne oder: Wie das Wundermädchen Klara Moes (1832-1895) Luxemburger Bischöfe stürzte und auf den Thron brachte. Auch ein Kapitel Kirchengeschichte. Frankfurt, Neuer Frankfurter Verlag, 1912, 95 Säiten
  • Jean Malget: Ein Leben zwischen Hammer und Amboß. Schwester Maria Dominika Klara vom hl. Kreuz, geb. Anna Moes (1832-1895)., Éilereng 1995
  • P.J.J. Willibrord Schons OSB: La stigmatisée de Luxembourg et sa mission. ouni Uertschaft, 1934
  • P.J.J. Willibrord Schons OSB: Anna Moes - Die Stigmatisierte von Luxemburg, Verlag H. Braun Eupen, 59 Säiten
  • Massard, Jos. A., 1985. Wunder in Luxemburg. Lëtzebuerger Almanach 1986: 127-135 (cf. S. 132s).

Referenzen a Foussnotten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Hilgert, R. 2004. Zeitungen in Luxemburg, 1704-2004. Luxembourg, Service Information et Presse, S. 129. [1]
  2. D'Klouschtergebai, Staudtshaff oder Barthelsklouschter genannt, dat um Lampertsbierg an der Rue de l'Avenir stoung, ass 2010 ofgerappt ginn. D'Prozedur fir et als nationaalt Monument ze klasséiere war nom negativen Avis, deen de Stater Gemengerot den 23. Mäerz 2009 ginn huet, ofgebrach ginn. Cf. Luxemburger Wort, Nr. 157, 9. Juli 2010, S. 26: Ein Stück Limpertsberg ist verschwunden: erstes Dominikanerinnenkloster abgerissen. Kuckt och: Ville de Luxembourg: Analytischer Bericht der Gemeinderatssitzungen, Nr. 1/2009, S. 74s. [2]
  3. De Barthel war sengerzäit hire Beichtvater an de Rekter vum Dominikanerinneklouschter um Lampertsbierg.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]