Antoine Lefort (Diplomat)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Dilpomat Antoine Lefort. Fir aner Leit mat demselwechten Numm, kuckt wgl. Antoine Lefort. |
Den Antoine "Tony" Charles Lefort, gebuer den 13. Mee 1879 zu Dikrech[1] a gestuerwen[2] den 19. Mäerz 1928 an der Stad Lëtzebuerg[3], war e lëtzebuergesche Politiker, Ingenieur an Diplomat.
Den Antoine Lefort hat en Ingenieursstudium op der Technescher Héichschoul vun Oochen gemaach, an huet 1902 bei der Eisebunnsgesellschaft Prince-Henri ugefaange mat schaffen, wou hie spéider Sous-Direkter gouf.
De Lefort war als Member vun der Rietspartei an d'Chamber gewielt ginn a war vum 24. Februar 1916 bis den 28. September 1918 Minister vun den ëffentlechen Aarbechten.
Den 28. September 1918 gouf hie Member vum Staatsrot a Premier comissaire pour les affaires du chemin de fer. Hien ass bis zu sengem Doud Member vum Staatsrot bliwwen.[4]
Gläichzäiteg war hie bis 1919 als Diplomat Chargé d'affaires an der Schwäiz. 1920 gouf hie Chargé d'affaires an Holland.
Vun 1918 bis 1919 war hien och an der Commission d'orientation.
Säi Jong Emile war Resistenzler am Zweete Weltkrich.[5]
Säi Papp Emile war de Jurist a Member vum Staatsrot
Gielercher
- Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1920)[6]
- Commandeur vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau[3]
- Grand-Officier vum Ordre d'Orange-Nassau[3]
- Grand-Officier vum Ordre des Saints Maurice et Lazare[3]
- Commandeur de la Légion d'honneur[3]
Referenzen
- ↑ Den Antoine Charles Lefort op www.deltgen.com
- ↑ Luxemburger Illustrierte: N° 6 vum 26. Mäerz 1928, S. 66 BNL
- ↑ 3,0 3,1 3,2 3,3 3,4 Doudesannonce vum Tony Lefort am Luxemburger Wort vum 20. Mäerz 1928
- ↑ Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
- ↑ Biographie vum Resistenzler Emile Lefort op www.persee.fr
- ↑ Mémorial A N° 8 vun 1920 mat der Lëscht vun de Leit déi 1920 am 'Ordre de la couronne de chêne' ausgezeechent goufen
Virdrun | Ministeren zu Lëtzebuerg | Duerno |
Guillaume Soisson | Minister fir ëffentlech Aarbechten 1916 - 1918 |
Auguste Liesch |
- Membere vum Staatsrot zu Lëtzebuerg
- Lëtzebuergesch Ingenieuren
- Lëtzebuergesch Ministeren
- Lëtzebuergesch Diplomaten
- Officier de l'ordre de la couronne de chêne
- Gebuer 1879
- Gestuerwen 1928
- Ordre d'Orange-Nassau
- Commandeur de l'ordre de mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Commandeur de la Légion d'honneur