Benotzer:Mn1200

Vu Wikipedia

D' Bezierksgeriicht ass zoustänneg vir eng Rëtsch vu Matière wei zum Beispill de penalen an den Zivillen a Kommerziellen Volet .Et gëtt en Bezierksgeriicht zu Dikrech zoustänneg vir den Distrikt Dikrech an een an der Stad den zoustänneg vir d' Distrikter Lëtzebuerg a Greivenmaacher ass.D' Bezierksgeriicht ass ënnerdeelt a Matièren. De penale Volet ass an zwee gedeelt a Kriminalkummeren déi zoustänneg si vir déi vu Verbriechen. Des Kummere kenne jee no de Strofmoossen am Code Penal eng Strof vun tëschent 5 Joer an 30 Joer Prisong wann et sech em determinéiert Strof handelt an och am Fall vun zum Beispill Mord eng Liewenslänglech Prisongsstrof verginn . D' Geldstrofe gi vu 251 Euro un.D Correctionnel Kummere behandelen d Fäll déi als Delikter qualifizéiert si wei zum Beispill eng Kierperverletzung.Des Weidere behandelt dëst Geriicht och Verbriechen déi gi entkriminaliséiert sin wéinst meldernen Emstänn .D' Strofen an dësem Geriicht ginn am Prinzip vun 8 Deeg Prisong bis zu 5 Joer.An Spezialfall wei zum Beispill Drogendelikter an enger Band kennen d' Strofe bis zu 30 Joer goe wann Leit un de Konsequenze vun den Droge gestuerwe sinn.D Gelstrofe gi vun 251 Euro bis hin zu 1250000 Euro .

D' Zivilkummere sinn zoustänneg vir Affären déi iwwer Onstëmmegkeeten tëschent Leit déi iwwert e Wäert vun 10000 Euro ginn. Se si Zoustänneg vir des Onstëmmegkeeten ze klären .E Beispill ass <Kannergeld>. Des Weideren si verschidden Zivilkummeren als zweet Instanz an Affären déi vun de Friddensriichter behandelt goufen zoustänneg. Des Affären handelen em e Wäert vun ënner 10000 Euro.

D' Bezierksgeriicht ass och zoustänneg vir Scheedungen .Neierdéngs gouf eng nei Kummer geschaaf dei sech speziell em litigiéis Scheedunge këmmert.Scheedungen ouni Streidereie kommen nemmei ob d Geriicht.

Et gëtt de sougenannten <<Réferée>> dee vir Affären déi eng schnell juristesch Decisioun benéidegen zoustänneg ass. Dest ass em Konflikter ze schlichten .Dest Geriicht behandelt Fäll wei zum Beispill Kannergeld dat bezuelt muss ginn.

D' kommerziellt Geriicht ass zoustänneg vir Affären déi a Relatioun mat Betriber sinn.

D' Bezierksgeriichter hunn des Weideren och en Cabinet d' Instruktioun. Deen ass zoustänneg vir d Enquêten ze leeden an Decisiounen ze treffen déi néideg sinn em de gudden Oflaf vun der Krimineller Prozedur ze beschützen.

Quell: Justice.lu

Code Penal


Handicap International[änneren | Quelltext änneren]

Handicap International ass eng karitativ Netregierungsorganisatioun déi 1982 zu Lyon a Frankräich gegrënnt gouf.D'Grënner vun dëser Organisatioun si zwee franséisch Dokteren, Jean-Baptiste Richardier a Claude Simmonot,an en Techniker , de Yves Gaumeton. Hiert éischt Zil war et de Flüchtlingen am Kambodscha an an Thailand ze hëllefen.

Dëst Organisatioun ass mëttlerweil an aacht Länner representéiert. Frankräich,d Belsch, Lëtzebuerg,d' Vereenegt Kinnekräich, Däitschland,d' Schwäiz,Kanada an d' Vereenegt Staaten.


Dëst Organisatioun ass eng a.s.b.l. a finanzéiert sech an seng Projeten duerch Donen

Urgencen[änneren | Quelltext änneren]

Handicap International leescht Hëllef a Krisegebidder.Se engagéieren sech vir bannent 72 Stonnen effikass Hëllef kennen ze leeschten . Ee Beispill duerfir ass d Äerdbiewen zu Haiti vun 2010 wou vill karikativ Aarbecht geleescht gouf. Handicap International leescht finanziellen an humanitäre Soutien zu der Bevëlkerung vun der betraffener Regioun. Se hunn Benevoller déi dëse Soutien leeschten.

Deminage[änneren | Quelltext änneren]

Eng vun de gréissten Aufgabe vun dëser Organisatioun ass duerch Minne verseucht Gebidder ze sécheren.Des Weideren huet Handicap International mat fënnef aneren ONGen d International Campagne vir d Verbuede vun de Minne gegrënnt (ICBL).Si agéieren andeems se Lobbying bei de Staatscheffe mann a Petitioune beim Vollek ënnerschreiwe loossen.Dëst huet dozou gefouert dass duerch d Kanadesch Initiativ de Vertrag géint d Benotze vu Minnen 1997 zu Ottawa vir d éischt ënnerschriwwene gouf. Bis 2013 hunn 66 Länner dëse Vertrag ënnerschriwwen dorënner China an D USA. Dese Vertrag verbitt deenen Natiounen déi en ratifizéiert hunn Minnen ze produzéiere stockéieren oder ze benotzen.

Rehabilitatioun[änneren | Quelltext änneren]

Des Stëftung suergt duerfir dass déi Persounen déi mutiléiert sinn an déi d Geld net hunn oder an enger akuter Noutsituatioun sech befannen Hëllef kréie souwuel finanziell wei Medezinesches.Am Fall vun enger Katastroph këmmeren sech Membere vun dëser Organisatioun em déi medezinesches Besoine vun de Betraffene Persounen.

Rechter[änneren | Quelltext änneren]

Handicap International setzt sech vir d Rechter vu Behënnerten . Se probéieren dass déi Leit déi nemlecht Rechter wei zum Beispill ob Educatioun kréie wei déi aner ob et a westlechen oder orientalesche Länner ass.Se ënnerstëtzen des Leit duerch d finanzéiere vun der néideger Infrastruktur souwuel wei dass legal gesinn d Egalitéit bleift.